Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

10.8.2016 Déi offiziell Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg

(comments: 0)

Déi offiziell Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg:

1. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng "offiziell" Sprooch.

2. Et gëtt eng Landessprooch (Nationalsprooch): Lëtzebuergesch.

3. Et ginn DRÄI gläichberechtegt ADMINISTRATIV SPROOCHEN: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Dës Sproochen kënnen am Kontakt mat den Administratioune benotzt ginn. Déi 3 administrativ Sproochen sinn och d'Sproochen, déi ee viru Geriicht benotze kann.

4. D'Gesetzer sinn op Franséisch geschriwwen.

Read more …

9.8.2016 The official language situation in Luxembourg

(comments: 0)

The official language situation in Luxembourg:

1. In Luxembourg, there is no "official" language.

2. There is ONE NATIONAL LANGUAGE: Luxembourgish.

3. There are THREE equal ADMINISTRATIVE LANGUAGES: Luxembourgish, German and French. These languages can be used to communicate with the administrations. The 3 administrative languages are also officially recognized as languages in court.

4. The laws are written in French.

Read more …

23.7.2016 Den Här Meisch behaapt Franséisch wier hei zu Lëtzebuerg d'« langue de survie ». Här Meisch, dann erkläert eis wat dann elo mat deenen geschitt, déi keen oder net gutt Franséisch kënnen?

(comments: 0)

Fir den Här Meisch ass déi franséisch Sprooch zu Lëtzebuerg "la langue de communication et « langue de survie »"

Wat geschitt dann elo mat deenen, déi keen oder net gutt Franséisch kënnen? Kënnen déi net iwwerliewen? Oder sinn déi elo ganz einfach ausgeschloss? (Exklusioun?)

Mir erënneren drun, dass zu Lëtzebuerg nëmmen em déi 10% vun den Awunner frankophon vun doheem aus sinn an dass fir déi aner 90% (Lëtzebuerger wéi Auslänner) et eng Friemsprooch ass.

Wier et net besser eppes dofir ze maachen, dass Lëtzebuergesch erëm "la langue de communication" géif ginn, oder en méisproochegen Model, wou een och mat Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch kéint iwwerliewen?

Read more …

12.7.2016 D'Schülerkonferenz wëll Lëtzebuergesch an Englesch an der Schoul méi pushen!

(comments: 0)

12.7.2016 D'Schülerkonferenz wëll Lëtzebuergesch an Englesch an der Schoul méi pushen!

"Et ass wichteg dass jiddereen hei am Land eis Sprooch richteg schwätzen an schreiwen kann!"

seet de Präsident vun der Schülerkonferenz

 

"An der Haaptsaach fënnt d'Schülerkonferenz, also d'Conférence nationale des élèves du Luxembourg (Cnel), dass dat Englescht, dat Lëtzebuergescht an d'Civique-Coursen an Zukunft méi solle gefërdert ginn,...."

http://www.rtl.lu/letzebuerg/931442.html

Read more …

10.7.2016 A manner wéi 5 Joer sinn d'Lëtzebuerger an der Minoritéit. Mir brauchen e Plang fir dass d'Integratioun nach kann geléngen

(comments: 0)

10.7.2016 A manner wéi 5 Joer sinn d'Lëtzebuerger an der Minoritéit. Mir brauchen e Plang fir dass d'Integratioun nach kann geléngen

Zu Lëtzebuerg liewen elo 580.000 Leit, an dovun sinn 53% Lëtzebuerger.

Wann de Wuesstem (mat der Bevëlkerungsexplosioun) sou weider geet wéi déi lescht Joer dann liewen an 5 Joer hei zu Lëtzebuerg 645.000 Mënschen an dovun 49% Lëtzebuerger. Vun deem Ament un wäerten d'Lëtzebuerger eng Minoritéit sinn.

Duerch déi Entwécklung ännert sech eist Land fundamental a mécht déi gutt Integratiounspolitik vun de leschten 100 Joer onméiglech. Nëmmen bei engem moderaten, kontrolléierten Wuesstem, wou och all d'Kanner an de lëtzebuergeschen Schoulsystem ginn an wou am Alldag Lëtzebuergesch d'Haaptsprooch ass, ass eng richteg Integratioun méiglech.

Am Plaz vun eiser sozialer Kohäsioun riskéiert d'Land sech an Parallelgesellschaften ze splécken.

Mee déi gréissten Affer vum staarken onkontrolléierten Wuesstem sinn eis Ëmwelt an d'Liewensqualitéit. A Punkto Infrastrukturen, Verkéier, Verbauung an Naturschutz wäert d'Land u seng Grenzen stoussen.

Hei sinn eis Zieler, sou wéi och en visionären Bléck op d’Zukunft vun Lëtzebuerg.

http://www.wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …