Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

12.3.2018 Fir d'LSAP si mir e frankophont Land. A si wëllen näischt fir d'Sprooch maachen.

(comments: 0)

Den Yves Cruchten, Generalsekretär an Deputéierten vun der LSAP seet am Wort-Interview:

"est-ce que ça pose vraiment problème de ne pas parler luxembourgeois dans un commerce? Arrêtons le "français bashing", nous sommes un pays francophone"

"On prend assez d'initiatives pour promouvoir la langue luxembourgeoise, y compris auprès des Luxembourgeois pour mieux l'écrire, mais à mon avis, ça doit s'arrêter là."

https://www.wort.lu/fr/luxembourg/yves-cruchten-arretons-le-francais-bashing-nous-sommes-un-pays-francophone-5a8c3fd6c1097cee25b7e704

Mir erënneren drun, dass de Franz Fayot an de Ben Fayot an d'Mady Delvaux vun der LSAP sech och negativ geäussert hunn.

Mir vum WEE2050 setzen eis fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir eng richteg Méisproochegkeet) an! Och fir d'Chamberwahlen 2018!

Hei sinn eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

3.3.2018 De Wee2050 huet d’Iddi vun der ADR fir Kandidaten op hir Lëscht ze schécken acceptéiert.

3.3.2018 De Wee2050 huet d’Iddi vun der ADR fir Kandidaten op hir Lëscht ze schécken acceptéiert.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/1144043.html

D’Zukunft vun der lëtzebuerger Sprooch mat engem richtegen Gläichgewiicht tëschent dem Däitschen, Engleschen a Franséischen, wéi och den onkontrolléierte staarke Wuesstem, sinn déi zwee wichtegst Theme fir d’Zukunft vun eisem Land an enger Zäit vu Wiessel.

 Mir wëssen, datt et net duer geet nëmmen op de soziale Medien eng staark Präsenz ze weisen, de politeschen Debat mat ze bestëmmen a gutt Argumenter anzebréngen. Déi richteg Decisioune ginn an den Nationalwahlen, an der Chamber an an der Regierung gemaach. Duerfir war et fir eis extrem wichteg bei de Parteien e Partner ze fannen.

 Eist Land brauch eng staark alternativ Stëmm, déi eis Themen a Vuen aus der politescher Mëtt opgräift a glafwierdeg, a virun allem éierlech vertrëtt. D’ADR ass un eis erugetrueden an huet eis offréiert Kandidaten aus eise Reien op hir Lëscht ze stellen. Mir hunn déi Invitatioun acceptéiert. Am Géigenzuch bidde mir eis Kompetenz an de soziale Medien, op där mir déi gréisste Präsenz wäit virun der CSV an de Gambia-Parteien hunn, un.

De Wee2050 huet sech virun dräi Joer, ënnert dem Numm Nee2015, am Virfeld vum Referendum gegrënnt. Zu deem Zäitpunkt gouf et eng Ëffentlechkeet an där kee fairen an equilibréierten Debat méiglech war. Mir hu fréi erkannt,datt et nawell méiglech ass eng kloer a staark Stëmm an der Ëffentlechkeet ze schaafen an dat mat Hëllef vun de soziale Medien. Och um Terrain hu mir gewisen dass mer present sinn bei de Leit. Trotz dem massiven Apparat fir de Jo aus Parteien, Medien, Gewerkschaften, Patronatsvertriedungen, Wirtschaft, Kënschtler an ASTI, iwwregens meeschtens iwwer de Kapp vun hiren eegenen Memberen ewech, hu mir et deemools fäerdeg bruecht dem Nee Gehéier ze verschafen an d’Leit waakreg ze maachen. D’Resultat vum 7. Juni 2015 war méi wéi kloer. D’Land war net an der Mëtt an Zwee gespléckt, mee eng däitlech 80%, d’Mëtt vun der Gesellschaft, hat Nee zum Auslännerwahlrecht gesot an d’Jo-Lager war an der extremer Minoritéit.

 Nom Referendum huet de Wee2050 mat ganz vill Asaz weider gemaach fir Themen aus der politescher Mëtt opzegräifen. Petitioune goufen ënnerstëtzt. Mir hunn och op d’Gefor higewisen datt d’Auslännerwahlrecht duerch dat neit Nationalitéitegesetz mat Erofsetze vun de Sproochkenntnisser op bal Null, duerch d’Hannerdier agefouert kéint ginn. Mir sinn enttäuscht, datt d’Gambiaregierung sech mat der CSV géint d’politesch Mëtt gestallt huet mat der Erofsetzung vun den Sproochekenntnisser. Mir stellen fest, datt ganz vill Nei-Lëtzebuerger net wierklech lëtzebuergesch schwätzen kënnen an domatt nëmmen kënschtlech integréiert gi sinn. Esou eng Politik ka nëmmen zu gesellschaftlechen Spannungen féieren!


Eis Ziler goufen am August 2015 festgeluecht: De Wee2050 setzt sech fir d’lëtzebuerger Sprooch, fir eng richteg Méisproochegkeet a fir en méi luesen an verstännege Wuesstem an, dat sachlech a fair, awer och bestëmmt!

E puer Wierder zu eiser Kooperatioun: De Wee2050 huet sech d’Parteiprogrammer vun den eenzele Parteien ugekuckt a fënnt datt d’ADR am nooste bei de Wee2050-Ziler iwwert d'Sprooch, de Wuesstem an d'Demokratieverständnës ass, a se éierlech, staark a glafwierdeg vertrëtt. Selbstverständlech betrëfft eis Ausso haaptsächlech déi Themen, déi an eisen Ziler behandelt ginn. Mee et ass selbstverständlech och kloer datt Kandidaten aus de Reie vum Wee2050 och zum ganzen ADR-Parteiprogramm stoen wäerten.

De Wee2050 ass am Gaang eng Rei vun Kandidaturen ze diskutéieren. Et steet awer scho fest datt de Fred Keup, Grënner a Spriecher vum Wee2050, sech als Kandidat zur Verfügung stellt. Aner Kandidate gi méi spéit an Ofsprooch mam ADR annoncéiert.

Read more …