19.10.2018 Schluss mat der ruppeger Hetz an Diffamatioun géint ADR an Wee2050 an anerer!
Schluss mat der ruppeger Hetz an Diffamatioun géint ADR an Wee2050 an anerer!
Et geet endlech duer fir andauernd géint aner Leit ze hetzen an ze diffaméieren just well se eng aner politesch demokratesch Meenung hunn!!!
Ass et normal dass de Bauer Guy, Kandidat fir d'ADR, haut an villen medien als Rechtspopulist bezeechent gëtt?
Ass et normal, dass d'Revue 2 Deeg virun de Wahlen en 3-säitegen Artikel iwwer 'Rechtspopulisten und Rechtsextreme (!)', iwwert den Haass géint Judden, asw huet, an dat mat..... enger grousser Foto vum Fred Keup?
Ass dat normal dass Politiker wéi d'Corinne Cahen an de Sven Clement politesch Konkurrenten einfach sou an d'Géigend vun Nazien stellen an z.B. 'Wee1933' soen?
Ass et nach normal wann e puer Deeg virun de Wahlen d'Claude Zeimetz um Radio vun den "Konsorten vum Wee2050" schwätzt am Zesummenhang mat dem Wuert 'Juden' op engem Xavier-Bettel-Plakat?
Ass et normal dass den 'RTL 5 minutes' am Journal d'ADR als 'les populistes de droite' bezeechent, obwuel dat ganz kloer net de Fall ass?
An dass reporter.lu an d'Tageblatt vun 'Rechtspopulisten' schreiwen, tageblattt souguer vun 'waschechter Rechtspopulist' an vun 'radikalsten Politiker', 'Identitären' an vun 'Nationalisten' an natierlech dierf och dat Wuert 'Naziverbrechen' x-mol net feelen.
Et mengt ee bal déi betraffen Hetzer géifen sech quasi wënschen et géif eng rietspopulistesch Partei hei ginn.
Mä do mussen mer si enttäuschen:
Weder d'ADR nach de Wee2050 sinn dat!
De Bauer Guy bréngt et op de Punkt:
Die ADR ist ausländerfreundlich und setzt sich dafür ein, dass sich die Menschen integrieren und mehrere Sprachen sprechen. Bei ihm auf dem Hof gehe es bunt zu: „Ich habe sehr viele ausländische Freunde.“