Méi Lëtzebuergesch kënnt den auslännesche Matbierger ze gutt well si et sou (a) besser erméiglecht kréien an (b) och motivéiert ginn d'Sprooch ze léieren. Dat ka just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héije Stellewäert kritt.
Et passt zu folgenden vun eisen Zieler:
- D'Lëtzebuerger Sprooch soll méi präsent sinn am Alldag.
- D'Lëtzebuerger Sprooch soll och präsent sinn op den Internetsäiten vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlder a Panneauen.
- D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn.
- D'Verfassung soll op Lëtzebuergesch sinn an all Gesetzer an EU-Richtlinnen sollen och op Däitsch oder Lëtzebuergesch existéieren.
- Datt een hei am Land liewen a schaffe kann matt Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen (All Formulairë vun den Administratioune sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch)
- D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.
D’Sproochepetitioun No 767 vum Philipp Gérard, mat iwwer 4.000 Ënnerschrëften, weist wéi onzefridden d’Bierger mat der Sproochesituation am Gesondheetswiese a mat der Politik vun der Regierung sinn. Den CHL ass do e besonnesch schlëmmt Beispill!
4 couragéiert Enseignanten aus der Grondschoul zerleeën dem Claude Meisch seng Politik mat gudden, praxisorientéierten a wëssenschaftlechen Argumenter!