7.4.2017 Pressecommuniqué vum Wee2050 + Reaktioun vum Minister Meisch
Fir wee maachen d’DP an de Minister Meisch Politik?
Fir d'Lëtzebuerger oder fir déi franséisch Partei UDI?
Mir waren erstaunt ze liesen, datt déi aktuell Politik vun der DP a vum Minister Meisch esou no un de Fuerderunge vun engem Bréif vun der UDI-Lëtzebuerg vu virun 3 Joer läit.
Den UDI-President Bruno Théret, deen och Member vun der "Assemblée des Français de l'étranger" ass, hat sech un de Lëtzebuerger Educatiounsminister gewannt fir mat aggressive Fuerderungen d'Schoulpolitik hei am Land ze re-orientéieren.
An dësem Bréif gëtt drop gedrängt fir den Enseignement ëmmer méi op Franséisch ze maachen, fir ëffentlech international Schoulen opzeriichten, an fir déi franséisch Alphabetiséierung anzeféieren. Däitsch a Lëtzebuergesch, sou wéi d’Méisproochegkeet am Allgemengen, ginn als net esou wichteg duergestallt. De Message ass: Eis Sprooch sollt dach dat Franséischt sinn
DE GANZEN PRESSECOMMUNIQUE: http://wee2050.lu/index.php/press.html?file=files/Site/2017/Pressecommunique-Wee2050-nee2015-%206.4%20LettreMeisch.pdf
D'Reaktioun vum Minister Meisch huet net lang op sech warden gelooss: https://www.gouvernement.lu/6872751/06-Wee2050-menje