D'Tramstatiounen sinn zum groussen Deel op Lëtzebuergesch
Dat ass wichteg fir ze weisen dass och Lëtzebuergesch seng Plaz huet, fir dass déi Lëtzebuergesch Nimm net verschwannen an et hëlleft och den Auslänner fir d'Sprooch ze léieren.
De Fred Keup hat nach am Februar an enger parlamentarescher Fro gefrot fir Lëtzebuergesch Nimm ze benotzen:
Am Oktober 2016 hate mer dat schonn an engem Post gefuerdert: https://www.facebook.com/nee2015.lu/photos/a.894583283935502.1073741830.889354561125041/1286715814722245/?type=3&theater
Gëschter an der Chamber hat de Fred Keup am Numm vun der ADR eng Motioun eraginn, fir méi Lëtzebuergesch em ëffentleche Raum.
Dat ass genau eng vun de Fuerderungen, déi de Wee2050 zënter 2015 huet: "2.1. D'Lëtzebuerger Sprooch muss prioritär präsent sinn op den Internetsäite vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneauen."
Merci Fred fir däin Asaz fir d'Ziler vum Wee2050!
Domat wëlle mir de Stellewäert vun eiser Sprooch stäerken an den Auslänner a Nei-Lëtzebuerger hëllefen, besser Lëtzebuergesch ze léieren an ze üben!
D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) huet op déi Motioun geäntwert: Ganz vill Nimm vun de Stroossen sinn dach op Lëtzebuergesch.
Firwat? Wou ass de Problem fir der méi op Lëtzebuergesch ze maachen?
D'Äntwert ass: Vun 2.072 neien Ugestallten beim Staat konnten der 220 keen Lëtzebuergesch.
Sou huet et virun 30-40 Joer och am Privatsektor ugefaangen! Souguer 28 Lëtzebuerger(!) kruten eng Sproochendispens, déi meescht dovun well se KEEN Lëtzebuergesch kënnen! Duerch dat neit Nationalitéitegesetz kann een jo Lëtzebuerger ginn ouni Lëtzebuergesch ze kënnen. #MirSchafenEisOf