19.5.2015 Face-à-face Laura Zuccoli - Fred Keup
Bei der Fro vum Auslännerwahlrecht steet si fir d'Plattform Minté a fir de JO, hie vertrëtt d'URL Nee2015.lu a steet, wéi den Numm et seet, fir den NEE.
Bei der Fro vum Auslännerwahlrecht steet si fir d'Plattform Minté a fir de JO, hie vertrëtt d'URL Nee2015.lu a steet, wéi den Numm et seet, fir den NEE.
Et ginn 105'000 auslännesch Matbierger, déi méi wei 18 Joer al an op d'mannst 10 Joer am Land sinn.
Dat heescht, dass bei de nächsten Chamberwahlen 105'000 Auslänner wielen kënnen, well virdrun eng Gemengewahl ass. Domatt sinn déi 2 Konditiounen erfëllt.
Dat ass d'Estimatioun, déi de STATEC an der Publikatioun "Regards sur les électeurs potentiels" mécht.
Mir stellen also matt Erschrecken fest, dass déi Zuelen, déi ëmmer vun den Unhänger vum Jo an besonnech vun der ASTI/MINTE genannt ginn, falsch sinn.
An hirer Publikatioun „D'Awunnerwahlrecht – Firwat“ schreift MINTE: „Die Wählerschaft wird nur schwach zunehmen – maximal 35.000 Wähler, wenn alle Nicht-Luxemburger von ihrem Recht Gebrauch machen – was sicher nicht der Fall sein wird.“
Nee2015 ass invitéiert op d'Informatiounsversammlungen:
- haut, um 19:30, zu Schëtter
- muer Dënschden um 19:30 zu Ëlwen am Orion.
Mir wäerten während 15 Minutten de Standpunkt vum Nee zum Auslännerwahlrecht vertrieden.
Duerno ass nach Débat wou d'Leit aus dem Publikum kënnen Froen stellen.
Haut ass och nach eng Versammlung zu Käl, wou awer just de Jo eng Présentatioun dierf machen!
Weider sinn och nach d'Informatiounsversammlungen vun der Chamber:
- e Méindeg, 18. Mee 2015 an der Aler Seeërei zu Dikrech,
- en Dënschdeg, 19. Mee 2015 am Centre sportif, culturel et scolaire „Tramsschapp“ an der Stad (Lampertsbierg),
- en Donneschdeg, 21. Mee 2015 am „Mierscher Kulturhaus“ zu Miersch,
- e Freideg, 22. Mee 2015 am groussen Auditoire vun der „Maison du Savoir“ vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval.
Sou och erëm leschten Méinden zu Réiden.
Virun enger gudder Woch ass dann och eng Motioun fir en fairen en équilibréierten Débat, ënnerstëtzt vun ADR, CSV an déi Lénk an der Chamber gescheitert.
Hei ass den Artikel an der Woxx iwwert d'Informatiounsversammlung zu Réiden.
Kommt op e Patt de Sonnden 17.5. ab 19 Auer.
Mir maachen lo schonn zesummen Säit Wochen eng Campagne fir de Nee.
Mir wollten Iech invitéieren matt eis zesummen e Patt ze drénken.
Keng grouss Rieden! Et soll keng Wahlversammlung sinn!
Jiddereen schwätzt matt jidderengem.
Leit aus Parteien sinn wëllkomm awer aktiv Politiker op Nationalniveau sollen w.e.g. net kommen.
am Café Pacha zu Märel, 156, avenue du X Septembre, Lëtzebuerg
Kommt w.e.g. netwann der extrem Iddien vum rietsen oder lénksen Bord hutt.