Den LSAP Politiker Franz Fayot huet op de Pressecommuniqué vum Wee2050 geäntwert an de Fred Keup accuséiert en auslännerfeindlechen Opportunist ze sinn. Seng Fra aus enger sardescher Aarbechterfamill huet elo geäntwert.
P.S. De Pressecommuniqué ass mol net vum Fred Keup geschriwwe ginn an et war och net seng Iddi. Mir sinn e ganze Grupp vu Leit.
P.S.S. Firwat ignoréiert de Franz Fayot a säi Papp déi wëssenschaftlech Etüd vun den UNESCO Experten?
-------------------------
Hei den Text vum Rita Figus, épouse Keup:
"Här Fayot, ech kann et einfach net méi dulden ze héieren dass mäin Mann auslännerfeindlech soll sinn. Ech sinn dem Fred Keup seng Fra an ech sinn Italienerin. Ech fannen dat äusserst inkoherent an onpassend engem Mënsch virun d'Nues ze geheien e wier auslännerfeindlech wann e mat enger Auslännerin bestued ass a Kanner huet. Och wann ech zanter 3 Joer déi lëtzebuergesch Nationalitéit och hunn ass et nunn mol de Fakt dass meng ganz Famill aus Sardinien staamt an mäin Mann geheienmer respektvoll a liebevoll war zu menger ganzer Famill an och zu aner Auslänner déi mir gemeinsam kennen, obwuel se Auslänner sinn. Léif Gréiss. Rita Figus, épouse Keup."
-------------------------
Hei den Text vum Franz Fayot:
"Heiansdo leeft d'Faass iwwefir
Här Keup,
ech hat mer schonn dës längere virgeholl iech ze schreiwen, mais hat awer dunn ëmmer eppes Besseres ze dinn.
Mä villäicht ass et well ech elo e bësse besser Zäit hunn, virun de Chrëschtdeeg, oder villäicht och well et mer einfach duer geet: huelt mech w.é.g vum Verdeeler vun äre sënnlose Communiquéen erof. Ee fir alle Mol.
De Ben Fayot huet natierlech Recht, an dier hutt Onrecht: der Lëtzebuerger Sprooch ass et nach ni esou gutt gaange wéi haut, si ass nach ni esou breet, op esou eng villfälteg Aart a Weis geschwat a geschriwwe ginn, si war nach ni esou lieweg, wéi elo.
Wat äre Graphique ugeet: et ass Iech villäicht entgaangen dass mëttlerweil ongeféier 50% Net-Lëtzebuerger bei eis am Land liewen. Ech weess, dat gefält Iech net, mais dat ass awer villäicht eng Erklärung firwat manner Leit Lëtzebuergesch schwätze wéi nach 1840 (wat wahrscheinlech déi Zäit ass, an déi der zeréck wëllt). Oder? Vill Auslänner gi sech drun, muencher huele Lëtzebuergesch-Couren - mais et ass ebe keng sou einfach Sprooch, besonnesch wann ee francophone ass.
Här Keup: dier sidd net de Verteideger vun der Lëtzebuerger Sprooch, grad sou wéineg wéi är politesch Matstreider vum ADR. Dier sidd just en Opportunist, dee nach ëmmer op der Well vum Referendum vun 2015 reit, an deen d'Lëtzebuerger Sprooch mëssbraucht fir säin onappetitlecht auslännerfeindlecht Gedankegutt ënner d'Leit ze bréngen."