2.12.2016 Face-à-Face Keup - Meisch um RTL Radio
http://radio.rtl.lu/emissiounen/face-a-face/981957.html
http://radio.rtl.lu/emissiounen/face-a-face/981957.html
E grousse Merci un d'Zentralbank fir hir méisproocheg Presentatioun vum neien 50-Euro-Schäin
Leider ass nach ëmmer villes am ëffentleche Raum eesproocheg.
Dofir: Kommt, mir huelen als éischt Sprooch Lëtzebuergesch (als eis Nationalsprooch) an dann déi aner 2 oder 3. Esou weise mir, dass Lëtzebuergesch eis wichteg ass an hëllefen den Auslänner spilleresch am Alldag hire Wuertschatz ze vergréisseren.
Nodeems mir am Summer en Bréif un d'Zentralbank gemaach haten fir hinnen ze proposéieren d'Presentatioun méisproocheg ze maachen hunn si effektiv an deem Sënn positiv an virbildlech reagéiert.
E grousse Merci un d'ADEM fir hir nei méisproocheg (F/D) Websäit mat lëtzebuergeschem Begréissungstext.
Leider sinn nach ëmmer déi meescht vun de Websäite vum Staat, Gemengen an Administratiounen eesproocheg.
Nodeems Ufank des Jores Leit sech bei eis beschwéiert haten well villes exklusiv op franséisch war hu mer der ADEM en Bréif geschriwwen an hinnen proposéiert d'Internetsäit méisproocheg ze maachen an op mannst de Begréissungstext op Lëtzebuergesch ze schreiwen (wéinst der symbolescher Wierkung, dass een gesäit dass een zu Lëtzebuerg ass).
Si hunn eis positiv geäntwert an konfirméiert dass dat geplangt wier an mir sinn elo frou dass et och endlech an d'Realitéit emgesat gouf.
De Minister Claude Meisch huet decidéiert fir am Precoce de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen zeréck ze schrauwen an dofir Franséisch (net Däitsch a net d’Weltsprooch Englesch) anzeféieren. De Ministère schwätzt vun engem Paradigmewiessel(!) an der Bildungspolitik:
Mir froen eis, wat d'Ziel vun dësem Paradigmewiessel an der Bildungspolitik ass? Sollen d’Kanner mëttelfristeg op franséisch alphabetiséiert ginn? Soll déi däitsch Sprooch aus eisem Bildungssystem verdrängt ginn, sou wéi de Fernand Fehlen et viru kuerzem proposéiert huet? Soll Franséisch eis Haaptsprooch ginn? Geet et hei wierklech em d'Méisproochegkeet oder just em d'Stäerkung vum Franséischen? Wéi stellt sech de Ministère déi sproochlech Zukunft hei zu Lëtzebuerg fir? Wéi gesäit de Ministère de Stellewäert vum Engleschen a 15 Joer, dann wann déi betraffen Kanner erwuessen sinn?
....
Hei en Artikel am Tageblatt iwwer eis:
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Wee2050-Wahlziedel2018-23793949