1.7.2017 Ass eng gezielte Campagne am Gaang géint eis Méisproochegkeet a géint dat Däitscht a Lëtzebuergescht hei zu Lëtzebuerg?
Ass eng gezielte Campagne am Gaang géint eis Méisproochegkeet a géint dat Däitscht a Lëtzebuergescht hei zu Lëtzebuerg?
Wéi scho fir de neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, gëtt och elo bei der Abtei Neimënster e Pressechargé gesicht dee weder Däitsch nach Lëtzebuergesch kënne muss.
Och d'Internetsäit vun der Abtei Neimënster ass just op Franséisch an Englesch.
Mir froen:
1. Firwat gëtt ëmmer méi dacks mat eiser Méisproochegkeet gebrach?
2. Firwat gi béid Sproochen am Verglach zum Franséischen diskriminéiert?
Mir erënneren un d'Sproochegesetz:
Lëtzebuergesch ass d'Landessprooch (Nationalsprooch). Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch sinn déi 3 administrativ Sproochen.