Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

17.4.2015 Artikel am "Lëtzebuerger Land"

(comments: 0)

An der Zeitung "d'Lëtzebuerger Land" vun haut ass een gudden Artikel iwwert d'Auslännerwahlrecht.

nee2015.lu gëtt och erwähnt.

http://www.land.lu/2015/04/17/keng-rechter-fir-d%C3%A9i-b%C3%A4igeprafften%E2%80%A9/

Hei gëtt thematiséiert, dass een bis elo ganz vill iwwert de "Jo zum Auslännerwahlrecht" an wéineg iwwert de "Nee" héiert.

Mä de Nee mécht sech lues a lues méi bemierkbar....

Schliisslech ass eng Majoritéit vun de Bierger fir de NEE.

Liked eis Säit op Facebook an bestellt bei eis Autocollanten per Mail kontakt@nee2015.lu

Read more …

16.4.2015 Ënnerstëtzt d'Jugendkonferenz (CGJL) d’Plattform minte.lu an d’Auslännerwahlrecht?

D'Jugendkonferenz steet um Internetsite minte.lu als Ënnerstëtzer vum Auslännerwahlrecht.

D'Jugendkonferenz ass den Daachverband vun bal 30 Jugendorganisatiounen (Scouten, Jong Baueren, ACEL, CSJ,...)

Hat d'Jugendkonferenz eng intern Debate iwwer dee Support an huet se doriwwer ofgestëmmt?

Wëssen hir Memberorganisatiounen dass si sech net politesch neutral verhält?

Huet d'Jugendkonferenz eventuell och finanziell zur Campagne fir de Jo bäigedroen?

Read more …

16.4.2015 nee2015.lu ass parteineutral

Mir sinn do fir all d'Leit aus all de Parteien.
Well an all de Parteien gëtt et Leit déi Nee stëmmen wäerten.

Laut dem leschten Sondage stëmmen bal 50% vun den DP-Wieler gären mat Nee an dat trotz dem Opruff vun hirer Parteispëtzt a vum Xavier Bettel fir de Jo.

Am Ganzen ass eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger fir de Nee: Mir sinn déi politesch Mëtt, mir si Lëtzebuerg.

dréckt op "read more" fir weider Informatiounen.

Read more …

15.4.2015 "nee2015.lu" ass invitéiert op en Informatiounsowend zu Kolmer-Bierg.

(comments: 0)

Mir kruten den Owend Bescheed gesot dass mir um Informatiounsowend deelhuelen kënnen. E grousse Merci un d'Integratiounskommissiounen aus der Nordstad.

Dat ass den Donneschden 23. Abrëll um 19:30 zu Kolmer-Bierg am Kulturzentrum .

Weider si mir den Dënschden 21. Abrëll um 18:30 zu Esch an der Kulturfabrik.

Vun der Gemeng Betzder kruten mir leider eng negativ Äntwert.

Elo waarden mir nach op d'Äntwert vun der Gemeng Stroossen fir de Mëttwoch 29. Abrëll.

 

Read more …