Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:
News
14.10.2020 Villmools Merci fir är Ënnerstëtzung
Léif Ënnerstëtzer vum Wee2050,
Op dësem 14. Oktober ass de Fred Keup an der Chamber als neien Deputéierte vun der ADR vereedegt ginn.
Dat Walresultat wat dozou geféiert huet hien haaptsächlech 2 Engagementer ze verdanken
1- Den Engagement am Referendum 2015
2- Den Engagement fir eis Sprooch
Dëst sinn awer net eleng seng Engagementer. Et sinn dat d’Engagementer vun eis alleguer, och vun iech léif Wee2050 Ënnerstëtzer, déi beim Referendum gehollef hunn an sech och fir d’Sprooch agesat hunn.
De Fred seet iech Merci:
“Ech wëll dofir haut deene ville Leit Merci soen, aus allen Parteien, déi eis beim Referendum als Nee2015, an duerno de Wee2050, ënnerstëtzt hunn.
Déi eis gehollef hunn op all méiglech Artaweisen: déi mat eis op Manifestatioune gaange sinn, déi Flyer geschriwwen oder verdeelt hunn, déi op Versammlunge komm sinn, déi eis Artikele gedeelt hunn, déi gelikt hunn.
Mir hunn a 5 Joer vill erreecht. Mir hunn de Referendum gewonnen, mir hunn Veräiner, Gemengen, Administratiounen, Firmaen, och a villen konkrete Fäll, dozou motivéiert eis Sprooch méi ze benotzen.
Mir hunn d’Regierung dozou bruecht en Plang fir d’Sprooch opzesetzen, en Kommissär fir d’Sprooch anzesetzen an en Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze grënnen.
Mir hunn et och fäerdeg bruecht en Bewosstsinn ze schafen dass mir eis alleguer, an och all Dag, fir eis Sprooch asetze mussen, eis Sprooch déi ëmmer méi aus dem ëffentleche Raum verschwënnt. Wann d’Lëtzebuerger wëllen da kënnen si dat nach verhënneren.
Mir hunn och den onkontrolléierte Wuesstem an d’Diskussioun bruecht, mir hunn domat en Tabu gebrach, well virdrun huet keen dat gliddegt Eisen ugepaakt. Mir mussen eis vum extreme Bevëlkerungswuesstem onofhängeg maachen. Mir brauche keen 1-Millioun-Awunnerstaat.
Léif Frënn, Kolleegen an Ënnerstëtzer, ech soen ech villmools Merci.
Ech verspriechen Iech: Ech wäert menge Wuerzelen och a menger neier Funktioun als Deputéierten trei bleiwen.
An mech weider engagéiere fir eis Wäerter a fir eis Ziler.
Bis geschwënn."
Och wann de Fred elo Deputéierten ass a Vertrieder vu senger Partei, der ADR, wäert hien sech fir eis Ziler asetzen, a mir vum Wee2050 wäerten och weider op Facebook aktiv sinn.
20.8.2020 Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion
Ënnerschreift elo d'Chamber-Petitioun
https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2099&fbclid=IwAR3lJRGsojwQu3hBX0Erj0B9WRXd_Pg5SkLqC-ypKcQeU0YFm2AQisZKLrI
Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion
Zil ass en lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler fir den neien nationalen Stadion.
Den Numm vum neien Stadion huet eng immens Symbolkraaft hei am Land awer och international.
En lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger Lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler bréngt eng Rei vun Virdeeler:
1- eng méi grouss Akzeptanz vum neien Stadion
2- eng besser Identifikatioun mam Stadion an mam Sport
3- eng méi originell, typesch lëtzebuergesch Ausstralung no baussen
4- am Fall vum Numm vun enger Perséinlechkeet: eng Méiglechkeet esou, eng fir eise Sport oder fir eist Land wichteg Persoun anstänneg ze éieren.
5- en flott Zeechen fir eis Sprooch ze promovéieren an ze weisen.
6- de Lëtzebuerger Nationalstadion wou d'Nationalequippen spillen, soll logescherweis och an der Lëtzebuergescher Sprooch sinn.
Motivatioun: Den neien Stadion ass eng ganz symbolträchteg Plaz fir eist Land, de Numm wäert vun jidderengem bekannt an benotzt ginn. An de nationalen an internationalen Sportmedien wäert den Numm oft virkommen an esou eng Vitrinn fir eist Land duerstellen.
11.8.2020 Ënnerschreift elo d'Chamber-Petitioun -- Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion
Ënnerschreift elo d'Chamber-Petitioun
https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2099&fbclid=IwAR0e20vhAs1JADQEJ7ldCs1TcVSpTHD-G1m757F96xJXsDtIT25Ug-E87iY
Fir en lëtzebuerger Numm vum neien nationalen Stadion
Zil ass en lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler fir den neien nationalen Stadion.
Den Numm vum neien Stadion huet eng immens Symbolkraaft hei am Land awer och international.
En lëtzebuergeschen Numm oder den Numm vun enger Lëtzebuerger Perséinlechkeet/Sportler bréngt eng Rei vun Virdeeler:
1- eng méi grouss Akzeptanz vum neien Stadion
2- eng besser Identifikatioun mam Stadion an mam Sport
3- eng méi originell, typesch lëtzebuergesch Ausstralung no baussen
4- am Fall vum Numm vun enger Perséinlechkeet: eng Méiglechkeet esou, eng fir eise Sport oder fir eist Land wichteg Persoun anstänneg ze éieren.
5- en flott Zeechen fir eis Sprooch ze promovéieren an ze weisen.
6- de Lëtzebuerger Nationalstadion wou d'Nationalequippen spillen, soll logescherweis och an der Lëtzebuergescher Sprooch sinn.
Motivatioun: Den neien Stadion ass eng ganz symbolträchteg Plaz fir eist Land, de Numm wäert vun jidderengem bekannt an benotzt ginn. An de nationalen an internationalen Sportmedien wäert den Numm oft virkommen an esou eng Vitrinn fir eist Land duerstellen.
16.7.2020 D'Wiel vun engem net lëtzebuergeschen Numm weist dass eis Sprooch der Regierung an dem Stater Schäfferotegal ass
D'Wiel vun engem net lëtzebuergeschen Numm weist dass eis Sprooch der Regierung an dem Stater Schäfferotegal ass: Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP), Sportschäffin Simone Beissel (DP), 1. Schäffen Serge Wilmes (CSV), Sportminister Dan Kersch (LSAP), Xavier Bettel (DP)
Den neien Numm "Stade de Luxembourg" wäert eis an Zukunft all Kéiers drun erënneren dass d'Lëtzebuerger Sprooch keng Roll méi spillt.
All Kéiers wann se um Radio soen: "Mir schalten elo an de Stade de Luxembourg" wäerte mir drun erënnert ginn, dass hei am Land FRANSÉISCH déi Sprooch ass, déi zielt.
D'Zukunft op Lëtzebuergesch ass e Stéck weider gestuerwen.
DP & LSAP & CSV begruewen se. Leur avenir sera en français.