Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

13.5.2015 D'Parlament vum Conseil d'Europe huet sech géint d'Auslännerwahlrecht ausgeschwat.

D’Parlament vum Conseil d’Europe seet an enger Resolutioun dass d’Wahlrecht soll un d’Nationalitéit gekoppelt sinn:

Résolution 1459 :
« 6. Compte tenu du conflit de loyauté possible entre le pays dont une personne est citoyenne et son pays de résidence, le droit de vote et d’éligibilité aux élections nationales (parlementaires ou présidentielles) devrait généralement être SUBORDONNÉE À LA NATIONALITÉ. Les personnes dotées de plusieurs nationalités devraient avoir le droit de choisir librement le pays dans lequel elles souhaitent exercer leur droit de vote. »

--> Resolutioun 1459

Read more …

12.5.2015 De Premier Minister vergläicht d'Demokratie zu Lëtzebuerg mat Dubai.

(comments: 0)

An engem Interview am Le Quotidien (vum 11.5.) schwätzt hien vun engem graven Demokratiedefizit "aucun autre pays n'a un tel déficit démocratique" an "Mais pour Xavier Bettel, il en va de la modernisation d'un pays qui en a bien besoin s'il ne veut pas être comparé à Dubai sur le plan démocratique."

Lëtzebuerg huet säit laangem eng Virbildfonktioun als en demokratescht Land wou schonn 1919 d'Fraen an déi einfach Aarbechter d'Wahlrecht kritt hunn. Mir wëllen de Premier drun erënneren dass Lëtzebuerg och ouni Auslännerwahlrecht a mat weiderer Immigratioun absolut net mat Dubai ze vergläichen ass. Am Demokratieindex vun der Zeitung "The Economist" ass Lëtzebuerg op der 11. Plaatz an d’Vereenegt Arabesch Emiraten (mat Dubai) op Platz 149 vun 167. Zu Dubai gëtt et keng Parteien, keng Oppositioun a keng Gewerkschaften, auslännesch Aarbechter déi 80% vun den Awunner ausmaachen, hunn keng Rechter an ginn deelweis ausgebeut wéi Sklaven.

Read more …

11.5.2015 Informatiounsversammlunge vun der Chamber musse méi equilibréiert sinn!

(comments: 0)

D' Initiativ Nee2015.lu fuerdert d'Chamber op, fir datt si d'Informatiounsversammlunge méi equilibréiert mécht.

Artikel op rtl.lu:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/631405.html

de Pressecommuniqué

Wann dir eis wëllt hëllefen oder Flyer an Pechbiller bestellen dann kontaktéiert eis per Mail (kontakt@nee2015.lu) oder dir wëllt de Nee mat engem Don ënnerstëtzen.

Read more …

10.5.2015 RTL-Kloertext zum Thema Referendum mat nee2015

(comments: 0)

An der Table ronde waren den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler, de Justizminister Felix Braz, de Professer Luc Heuschling, Spezialist am Droit Constitutionnel, d'Danièle Igniti, Kulturschafend, de Fernand Kartheiser, ADR, de Claude Biver, jonke Politolog a Soziolog, de Sergio Ferreira, Spriecher vun der ASTI an vun NEE2015 de Fred Keup.

http://tele.rtl.lu/emissiounen/kloertext/631040.html

Och de Moien um Radio 100,7 war NEE2015 (niewt villen aneren) present:

http://www.100komma7.lu/files/1/0/269633_spezial-emissioun-referendum.mp3

Read more …

10.5.2015 Nach 4 Wochen!

An genee 4 Wochen ass et sou wäit. Den 7. Juni gi mir ofstëmmen.

Bis dohin mussen mir all nach vill Engagement weisen an ëm all Stëmm kämpfen.

Merci fir Iech all déi sech dofir asetzen. Zesummen hunn mir dem Nee eng Stëmm ginn an gewisen dass de Nee an der Mëtt vun der Gesellschaft läit.

Haut den Owend am RTL-Kloertext ass eng table ronde zum Referendum wou och nee2015 vertrueden ass.

Bestellt Pechbiller an Flyer per mail (kontakt@2015.lu) an deelt de Message weider.

Read more …