Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

22.4.2015 Informatiounsversammlungen

(comments: 0)

Gëschter waren mir op der Informatiounsversammlung an der KuFa zu Esch an mir konnten d'Argumenter fir de Nee virdroen. Et war en interessanten an fairen Débat. Fotoen sinn hei. An den Reportage op RTL Télé ass hei.

Weider si mir invitéiert op folgend Versammlungen:

- Donneschdes 23.4. zu Kolmer-Bierg um 19:30 am Centre culturel.

- Donneschdes 30.4. an der Stad um 19:00 am Cercle Cité.

- Mëttwochs 6.5. zu Iechternach um 19:30 an der Primärschoul

- Dënschdes 19.5. zu Ëlwen um 19:30 am Ciné Orion

Mir waarden nach op eng Äntwert fir den Mëttwoch 29. Abrëll zu Stroossen.

Vun der Gemeng Betzder kruten mer leider bis elo eng negativ Äntwert.

Read more …

20.4.2015 D'Auslännerwahlrecht ass net d'Iddi vun de Lëtzebuerger oder vun den Auslänner hei am Land.

D'Iddi vum Auslännerwahlrecht ass réicht sou richteg opkomm am Januar 2013. Deemools war den Wirtschaftsminister Etienne Schneider zu Besuch an der Handelskammer beim Pierre Cramegna. Zesummen hunn si d'Iddi vum Auslännerwahlrecht lancéiert an den Etienne Schneider sot :"Deux ou trois ans de résidence seraient suffisants pour acquérir le droit de vote."
De Politolog Raphaël Kies seet: "j'ai une impression un peu paradoxale que ce droit de vote qu’on veut donner aux étrangers est surtout une demande qui vient de l’élite politique"

Liest weider an dréckt "read more"

Read more …

17.4.2015 Artikel am "Lëtzebuerger Land"

(comments: 0)

An der Zeitung "d'Lëtzebuerger Land" vun haut ass een gudden Artikel iwwert d'Auslännerwahlrecht.

nee2015.lu gëtt och erwähnt.

http://www.land.lu/2015/04/17/keng-rechter-fir-d%C3%A9i-b%C3%A4igeprafften%E2%80%A9/

Hei gëtt thematiséiert, dass een bis elo ganz vill iwwert de "Jo zum Auslännerwahlrecht" an wéineg iwwert de "Nee" héiert.

Mä de Nee mécht sech lues a lues méi bemierkbar....

Schliisslech ass eng Majoritéit vun de Bierger fir de NEE.

Liked eis Säit op Facebook an bestellt bei eis Autocollanten per Mail kontakt@nee2015.lu

Read more …