Mir hunn en Zesummeliewen wat fonctionnéiert wou mir kënnen houfreg drop sinn an dat ass méiglech ouni Auslännerwahlrecht.
Säit 2008 gëtt et d'Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit an jiddereen deen wëll kann Lëtzebuerger ginn ouni seng al Nationalitéit falen ze loossen.
Duebel Nationalitéit ass de bessere Wee, wann d’Konditioun vun der lëtzebuerger Sprooch awer bestoen bleift.
Mir soen de Politiker: Maacht do weider, encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis eis Sprooch um Häerz läit. Erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze erreechen.
Bestellt bei eis Flyer an Pechbiller (per Mail: kontakt@nee2015.lu)
Kontaktéiert eis wann dir eis wëllt hëllefen ausdeelen!
Schreift Lieserbréiwer zum Beispill fir an d'Wort (wort@wort.lu)
Wann dir wëllt en Don maachen fir de Nee ze ënnerstëtzen: http://nee2015.lu/index.php/spenden.html
https://www.facebook.com/nee2015.lu
http://nee2015.lu