Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

3.8.2015 Géint eng Vereinfachung vum Nationalitéitegesetz mä fir eng besser Ënnerstëtzung fir déi Leit, déi wëllen Lëtzebuerger ginn!

(comments: 0)

"Jo.16" schreift an hirem Pressecommuniqué den 3. August:

"Während die Politik bei der Frage nach mehr politischer Partizipation der nichtluxemburgischen Mitbürger bereits alternative Wege vorbereitet, in erster Linie durch eine grundlegende Reform des Nationalitätengesetzes, so scheint die Frage einer tieferen, politischen Partizipation der Jugendlichen sträflich vernachlässigt zu werden."

Mir kritiséieren déi Attitude kloer: Si ass anti-demokratesch. D'Wieler hunn matt enger ganz grousser Majoritéit vun 80% géint déi dräi Proposen gestëmmt an domatt ass kloer wat d'Politik ze maachen huet.

Fir eng besser Partizipatioun vun den Auslänner fuerderen mir:

1. méi an och besser Sproochecoursen fir Lëtzebuergesch kënnen ze léieren,

2. eng méi staark Plaatz vum Lëtzebuergeschen am ëffentlechen Raum fir sou d'Auslänner och ze encouragéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Dann kënnen si Lëtzebuerger ginn an och wielen goen!

Read more …

21.7.2015 Mir sinn d'Vollek a mir loossen eis net vun engem Nation-Branding diktéieren wee mir sinn!

(comments: 0)

Am Radio-Interview op RTL mam Francine Closener seet d'Journalistin vun RTL: "Do wier e positiivt Resultat beim Referendum a Saachen Auslännerwahlrecht natierlech en gutt Nation-Branding-Argument gewiescht"   - 80% waren net matt hir averstanen!!

Mir stinn zur Ausso vum Ex-Minister Jean Hamilius deen am Interview mat RTL, lescht Joer, en kloren Statement géint d'Auslännerwahlrecht gemaach huet: „Wëlle mer eng kosmopolitesch Sociétéit ginn an anere Wieder d'europäesch Sociétéit vu muer oder wëlle mer eng Natioun bleiwen. Ech sinn der Meenung dass Europa nach laang dominéiert gëtt vun nationale Gefiller an dass wann mir vun deenen aneren net méi als Natioun, als e Vollek betruecht ginn, dann fueren se mat ons Schlitt. Wann mer eng Associatioun avec But lucratif sinn, dat kenne mer ons net erlaben, ech sinn also dofir alles ze maachen dass mer eng Natioun bleiwen.“

Als Nation Branding vun Lëtzebuerg gesäit d'Regierung folgend 3 Beschreiwungen fir: zouverlässeg, dynamesch, oppen. Dat ass Wischi-Waschi.

Mir definéieren Eis duerch eis Sprooch a Kultur déi aus eisen Traditiounen, eiser Literatur eiser Musek, eiser Architektur an eiser Konscht am Allgemengen besteet. An dorop kënnen mir als klengt Lëtzebuerger Land roueg houfreg sinn. Multikulturalimus bedeit just Parallelgesellschaften. Lëtzebuerg soll weider en "Melting Pot" sinn wou déi auslännesch Matbierger an hir Kanner sech integréieren, iwwert d'Sprooch an dann d'Nationalitéit!

Read more …

10.7.2015 De Wielerwëllen muss respektéiert ginn: Keen Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier!

(comments: 0)

Op der Pressekonferenz huet den Alex Bodry am Numm vun der LSAP erklärt dass e neit Nationalitéitegesetz nach virun der Vakanz an d'Chamber kennt. D'Lëtzebuerger hu sech matt 80% géint d'Auslännerwahlrecht a fir de Wee iwwert d'Nationalitéit entscheet. Si wëllen awer net d’Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dier aféieren: Si wëllen d'Nationalitéit net bradéieren an déi schonn niddreg Sproochkenntnisser sollen bestoen bleiwen.

Mir wieren eis géint d'Versich d'Sproochkenntnisser ze reduzéieren. Et soll eng Politik gemaach ginn fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen, dofir soen mir: "Encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis Sprooch eis um Häerz läit. An erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze erreechen."

Mir fuerderen och dass d'Lëtzebuerger Sprooch méi an d'Ëffentlechkeet kennt, zum Beispill op de Websäiten vun de Gemengen an op Stroosseschëlder. Dat géif kengem wéidoen! De Wielerwëllen muss respektéiert ginn. Den Här Bodry an d'Regierungsparteien sollen de Leit nolauschteren am Platz hinnen, vun uewen erof, eppes ze diktéieren.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/676228.html

Read more …

24.6.2015 Mir begréissen d'Ausso vum Grand-Duc zur Lëtzebuerger Sprooch.

(comments: 0)

24.6.2015 Mir begréissen d'Ausso vum Grand-Duc zur Lëtzebuerger Sprooch.

Op Nationalfeierdag huet den Grand-Duc Henri eng kloer Ausso zu der Lëtzebuerger Sprooch gemaach:

"Mee wat heescht dat eigentlech, Lëtzebuerger sinn? (...) Et ass sech iwwert eng gemeinsam Sproch, d’Lëtzebuergescht, verstännegen,"

Mir sinn averstanen mat dëser Ausso an begréissen et dass de Grand-Duc dat och esou gesot huet.
Mir fuerderen vun de Politiker: Ween Lëtzebuerger wëll ginn muss och Lëtzebuergesch schwätzen kënnen.
De Sproocheniveau am Test fir d'Nationalitéit ze kréien dierf net nach méi erof gesat ginn.

Weider huet de Grand-Duc gesot:
"Fir d’net-Lëtzebuerger ass et ubruecht, Efforten ze maachen fir sech z’integréieren, iwwert de We vun der Sprooch, oder de Wee vum Engagement an eist Sozial- oder Kulturliewen."

Read more …