18.5.2015 105.000 potentiell nei Wieler / MINTE huet vun 35.000 geschwat.
Et ginn 105'000 auslännesch Matbierger, déi méi wei 18 Joer al an op d'mannst 10 Joer am Land sinn.
Dat heescht, dass bei de nächsten Chamberwahlen 105'000 Auslänner wielen kënnen, well virdrun eng Gemengewahl ass. Domatt sinn déi 2 Konditiounen erfëllt.
Dat ass d'Estimatioun, déi de STATEC an der Publikatioun "Regards sur les électeurs potentiels" mécht.
Mir stellen also matt Erschrecken fest, dass déi Zuelen, déi ëmmer vun den Unhänger vum Jo an besonnech vun der ASTI/MINTE genannt ginn, falsch sinn.
An hirer Publikatioun „D'Awunnerwahlrecht – Firwat“ schreift MINTE: „Die Wählerschaft wird nur schwach zunehmen – maximal 35.000 Wähler, wenn alle Nicht-Luxemburger von ihrem Recht Gebrauch machen – was sicher nicht der Fall sein wird.“