Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

23.09.2019 Ee Beispill vun Frankophoniséierung Muss dat sinn?

(comments: 0)

23.09.2019 Ee Beispill vun  Frankophoniséierung Muss dat sinn?

D'Schëld war op Lëtzebuergesch an op Franséisch an ass elo nëmmen nach op Franséisch.

Ass Lëtzebuergesch vergiess ginn?

Oder ass et express ewechgemaach ginn?

Déi Foto ass haut gemaach ginn zu Éilereng, an der Gemeng Suessem.

Et wierkt komesch, well d'Gemeng Suessem huet souguer hir Internetsäit op Lëtzebuergesch.

Wann dir nach sou Beispiller hutt, dann schéckt eis se.

Read more …

20.9.2019 Dem Corinne Cahen ass de Verloscht vun eiser Heemecht egal. Eis net!

(comments: 0)

Dem Corinne Cahen ass de Verloscht vun eiser Heemecht egal.
Eis net!

D'DP-Presidentin Corinne Cahen kann mat engem 1-Milliounen-Staat liewen! Mir net!

- Hir ass et egal, datt d'Lëtzebuerger an hirer eegener Heemecht an der Minoritéit sinn mat 30%!
- Hir ass et egal, datt Lëtzebuergesch kaum nach benotzt gëtt am Alldag an definitiv franséisch déi dominant Sprooch ass!
- Hir ass et egal, datt alles verbaut gëtt an ëmmer méi Stau ass.
- Hir ass et egal, datt d'Bevëlkerung ëmmer manner Gemeinsamkeeten huet! Keng gemeinsam Schoul! Keng gemeinsam Sprooch! Keng gemeinsam Geschicht!
- Hir ass et egal dat vill Lëtzebuerger aus hirer Heemecht verdriwwen ginn wéinst den héijen Hauspräisser.

De Wee2050 ass kloer géint d'DP-Utopie wou mir eis Séil verléieren!
A mir hunn do kloer déi politesch Mëtt hannert eis.

Mir erënneren un d ILRES Ëmfro: “Dépasser le seuil des 700.000 habitants est inacceptable pour les trois quarts de la population.” Esouguer 95% fannen den 1-Millioun-Awunnerstaat inakzeptabel*.

De Message vun de Leit un d’Politik ass kristallkloer: Bremst de staarken onkontrolléierte Wuesstem!

---------------------------------------------------------------------
Mir haten eis virgeholl de Wuesstem ze thematiséieren. Mir sinn houfreg drop dat erreecht ze hunn.
Hei sinn eis Ziler zum Wuesstem, formuléiert am August 2015:
5. Fir en nohaltegen, kontrolléierten Wuesstem bis 2050
5.1. De Wuesstem deen op e staarkt Zouhuele vun der Immigratioun an de Grenzgänger baséiert, thematiséieren.
5.2. D'Konsequenze vum Wuesstem op eis Liewensqualitéit diskutéieren (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung).
5.3. D'Käschte vun neier Infrastruktur fir de Staat thematiséieren (z.B. nei Autobunnen, Schoulen, Staatsbeamten, Waasserversuergung an Spideeler).
5.4. D'Ofhängegkeet vun eise Sozialsystemer vun engem staarke Wuesstem thematiséieren.
d’Initiativ Wee2050
Mail: kontakt@wee2050.lu
Artikel:
https://www.wort.lu/de/politik/corinne-cahen-eine-million-einwohner-waeren-kein-verhaengnis-5d8370e1da2cc1784e34bcdd
*sondage OUR VISION sur l’avenir du Luxembourg par TNS ILRES en juillet 2012

Read more …

23.8.2019 De Michel Pauly vun der uni.lu bedeelegt sech un der Hetz

(comments: 0)

De Michel Pauly vun der uni.lu bedeelegt sech un der Hetz géint de Fred Keup.

Hien ënnerstëtzt déi skurril an absurd Fuerderung vun engem radikalen Hetzer vu Berlin.

Deen hat gefuerdert dass de Fred Keup als Staatsbeamten sollt entlooss ginn!
An de Michel Pauly liked dat!

Mir brauchen op der Uni Lëtzebuerg keng als politesch Aktiviste getarnten Akademiker, déi géint eng pluralistesch Demokratie schaffen, an däer jiddereen seng Meenung soen kann ouni Angscht mussen ze hunn beim Patron diffaméiert ze ginn.

Read more …

20.8.2019 D'Lëtzebuerger Sprooch

(comments: 0)

D'Lëtzebuerger Sprooch huet eng laang Geschicht.
 
Si fënnt hir Urspréng beim germanesche Stamm vun de Franken. Eis 'Virfaren', d'Franken, si virun iwwer 1500 Joer hei hi komm.
 
D'Lëtzebuerger Sprooch gëtt och nach „muselfränkesch“ genannt.
 
D‘Franke sinn also virun 1500 Joer hei an d’Land komm an hunn déi deemoleg gallo-réimesch Zivilisatioun verdriwwen oder zerstéiert.
 
Si hunn hir Sprooch matbruecht, eng fréier Form vum Däitschen. Si hunn nei Uertschafte gegrënnt (z.B. all déi mat „eng“ ophale wéi Diddeleng, Fréiseng, Alzeng). Quasi all eis Uertschafte stame vun de Franken.
 
Ëm d’Joer 1000, an och méi spéit, sinn um haitegen Territoire vu Lëtzebuerg just däitsch, westmuselfränkesch Dialekter geschwat ginn. (Et kann een et nokucken am Buch „Yolanda vu Veianen“ aus dem Joer 1320)
 
Lëtzebuerg ass wärend Joerhonnerten ënner verschidde Friemherrschafte komm (Fransousen, Éisträicher, Spuenier), D'Awunner hunn awer weider hir Sprooch geschwat.
Bedeitend Migratiounen op Lëtzebuerg sinn et och net ginn.
 
Am Joer 1839 krut Lëtzebuerg seng Onofhängegkeet a senger haiteger Form. Deen zum Deel nach wallouneschsproocheg Deel hanner Arel ass un d’Belsch gaangen an zur Province de Luxembourg ginn.
 
1839 huet ganz Lëtzebuerg Lëtzebuergesch geschwat (dat deemools als 'Lëtzebuerger Däitsch' bezeechent ginn ass)
Lëtzebuerg war eesproocheg, en eesproochegt Land, en eesproochegt Vollek, .. vereent duerch d’Sprooch (awer och duerch d’Relioun an duerch d’Herrschaftshaus)
 
1984 ass Lëtzebuergesch per Gesetz vum däitschen Dialekt zur eegener Sprooch deklaréiert ginn: Eenzeg Landessprooch an Nationalsprooch vu Lëtzebuerg, gläichzäiteg och eng vun den 3 administrative Sproochen.
_____
Mir sinn den Wee2050 an zanter dem Referendum 2015 setzen mir eis an:
 
- fir Lëtzebuerg
- fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir d'Méisproochegkeet)
- fir en méi luesen a verstännege Wuesstem.
 
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html
 
De Video ass vun RTL: https://www.rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin/a/1324733.html

Read more …