Kommt haut um 19:30 an de Centre Barblé zu Stroossen fir de Nee!
Déi Stroossener Gemeng huet refuséiert dem Nee déi selwecht Chancen ze ginn, wéi zu Esch an zu Kolmer-Bierg. De Nee dierf do keng Presentatioun maachen.
Trotz eisen villen Ufroen iwwer Mail an Telefon kruten mir ni eng Äntwert vun der Gemeng Stroossen. D'Gemeng Mamer huet eis dogéint den Accord ginn, awer drop verwisen dass d'Décisioun bei der Stroossener Gemeng läit.
Mir froen eis: Firwat huet de Schäfferot ronderëm de Buergermeeschter Gaston Greiveldinger eis ni eng Äntwert ginn?
De Nee2015 ass trotzdem do. Kommt op Stroossen a sot är Meenung!
Gëschter zu Betzder war och scho keen demokrateschen, equilibréierten Debat.
Eng Majoritéit seet Nee zum Auslännerwahlrecht. Mir sinn absolut onparteiesch. Mir sinn déi politesch Mëtt.