13.04.2015 Mir sinn déi politesch Mëtt, de Mainstream, mir sinn Lëtzebuerg.
Leschten Samschden hat d'Lëtzebuerger Wort eng Serie vun Lieserbréiwer iwwert d'Auslännerwahlrecht.
Vun 21 Lieserbréiwer waren der 18 kritesch vis-à-vis vum Auslännerwahlrecht. Nëmmen 3 waren fir d'Auslännerwahlrecht.
Bei de Lieserbréiwer spigelt sech also och dat erëm wat een an der Gesellschaft gesäit: eng Majoritéit vun Lëtzebuerger ass géint d'Auslännerwahlrecht. An et ginn der ëmmer méi, déi Nee soen. Mir sinn keen klengen Grupp vun Extremisten, mir sinn déi politesch Mëtt, de Mainstream, mir sinn Lëtzebuerg.
No Méinten laanger Campagne fir d'Auslännerwahlrecht hunn se et net fäerdeg bruecht fir 50% dofir ze kréien. Souguer d'Wieler vun de Regierungsparteien sinn gedeelt.
Hei fannt der de Link zu den Bréiwer: