De 7. Juni 2015 wäert en eminent wichtegen Dag an der Geschicht vun Lëtzebuerg an fir eisen Staat ginn. Deen Dag stellt sech d'Fro, op Lëtzebuerg dat eenzegt Land an Europa gëtt, wat d'Auslänner fir säin nationalt Parlament wäert wielen loossen. Eng Entscheedung bei där et keen Zeréck méi gëtt!!! Mam Auslännerwahlrecht wier d'Souveränitéit vun der Lëtzebuerger Natioun, dat heescht vun de Lëtzebuerger, fir ëmmer an éiweg opginn.
Säit 100 Joer kommen auslännesch Immigranten aus Polen, Italien, Portugal an villen aneren Länner bei eis, an si alleguer hunn sech hei gutt integréiert, an dat OUNI AUSLÄNNERWAHLRECHT.
Laut dem leschten Sondage ass eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger géint en Auslännerwahlrecht. Loosst och dir iech net beaflossen vun der permanenter Propaganda fir en Auslännerwahlrecht an sot et, mat guddem Gewëssen, roueg weider: Nee zum Auslännerwahlrecht.
Momentan ass et virgesinn dass en Auslänner kann wielen goen wann en déi 3 Konditiounen erfëllt: 1.- 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, 2.- schonn eng Kéier gewielt ze hunn bei Gemengen- oder Europawahlen 2.- just dat aktiivt Wahlrecht (en dierf also net geweielt ginn).
Den Prof. Dr. Heuschling erkläert hei, dass 2 vun den 3 Konditiounen wahrecheinlech lues a lues kéinten verschwannen wann d'Auslännerwahlrecht bis agefouert ass.
An eisen Aen sinn déi 3 Konditiounen e faulen Trick fir d'Wieler ze täuschen!