Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

2.4.2015 1000!!! Supporter op Facebook

(comments: 0)

Grousse Merci un déi iwwer 1.000 Leit, déi eis Facebooksäit an de leschten puer Deeg gelikt hunn.
Mir mussen weider Reklamm maachen fir dës Säit an fir de Nee.
Am Verglach zu deenen Organisatiounen, déi fir de Jo sinn, hunn mir keng Mëttel fir matzehalen.
Déi Organisatiounen, déi fir de Jo sinn, sinn  professionell opgestallt. Si hunn ganz vill Suen an Leit déi dofir schaffen.
Mir sollen eis awer net dovunner beandrocken loossen.
Mat Häerz, Verstand an vill Asaz kënne mir awer méi erreechen wéi si.
Merci alleguer.
Mir sinn zesummen gutt bis elo gefuer hei am Land an mir wëllen dass dat och nach an 50 Joer sou ass, mir wëllen keng gespléckten Gesellschaft!
dofir :de 7 Juni:
Nee zum Auslännerwahlrecht.

Read more …