Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

18.7.2017 Dem Ministère seng 30 Experten fir d’Aféiere vum Franséischen an der Spillschoul.

(comments: 0)

De Ministère presentéiert 30 Experten an dat fir d’Aféiere vum Franséischen an der Spillschoul.
Ee vun deenen "neutralen" "Experten" ass d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.

Ënnert den "Experten" sinn nach aner politesch Aktivisten, déi net neutral sinn, wéi z.B. de Gilbert Pregno.

Verschidden "Experten" gi mat engem Zitat presentéiert, dat näischt direkt mam Thema ze dinn huet, wéi z.B. de Romain Martin an d'Christine Hélot.

Verschidden Experten hu sech schonn an der Vergaangenheet fir e méi spéit Aféiere vum Franséischen ausgeschwat, also de Contraire vun elo, sou wéi de Romain Martin.

Op mannst een Expert gëtt falsch presentéiert: de Gerard Gretsch ass net (méi) op der Universitéit Lëtzebuerg.

Vill "Experten" aus dem Ausland schwätze vun zweesproocheger Erzéiung, woubäi et hei zu Lëtzebuerg fir zwee Drëttel vun de Kanner dann schonn 3 oder 4 Sproochen sinn, déi si am Spillschoulsalter léiere mussen. (Annick De Houwer, François Grosjean, Ofelia García, Ellen Bialystok)

A verschidden Experte soe mat hirem Zitat eigentlech de Contraire vun deem wat den H. Meisch maache wëll, sou d'Martine Pinzi, si seet dass d'Mammesprooch méi misst gefërdert ginn.

http://www.men.public.lu/catalogue-publications/enfance-jeunesse/infos-generales-offre/170711-meisproochegkeet-broch/Meisproochegkeet-depliant.pdf

Read more …

6.7.2017 Merci un d'Politiker aus dësen Gemengen fir Lëtzebuergesch Stroossennimm.

(comments: 0)

6.7.2017 Merci un d'Politiker aus dësen Gemengen fir Lëtzebuergesch Stroossennimm.

Bravo un déi verantwortlech Gemengepolitiker!

Firwat sinn eis Stroossennimm eigentlech net alleguer an eiser Sprooch?

Gëtt et e Grond fir de Stroossen Nimm an enger Friemsprooch ze ginn, nodeems Lëtzebuergesch schonn 1984 de Statut vun National- an Amtssprooch krut?

Firwat gëtt de lëtzebuergeschen Numm meeschtens "schif" geschriwwen, sou wéi wann dat net sou wichteg wier?

Dobäi kënnt, datt all eis Dierfer an eis méi al Stroosse jo am Original Lëtzebuergesch Nimm hunn. Firwat benotze mer d'Original net?

Op der Foto:
Tandel, Kielen, Käerch, Ëlwen, Rëmeleng, Betzder, Wäisswampech

Souguer an eisen Nopeschlänner gëtt et lëtzebuergesch Stroossennimm:

am Areler Land an der Gemeng Atert: hei

an der "moselle germanophone" zu Forbach (Platt) hei

Ziler vum Wee2050:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Wann dir eis Initiativ wëllt ënnerstëtzen dann kënn Dir dat maachen mat engem Don:
http://wee2050.lu/index.php/spenden.html

Read more …

1.7.2017 Ass eng gezielte Campagne am Gaang géint eis Méisproochegkeet a géint dat Däitscht a Lëtzebuergescht hei zu Lëtzebuerg?

(comments: 0)

Ass eng gezielte Campagne am Gaang géint eis Méisproochegkeet a géint dat Däitscht a Lëtzebuergescht hei zu Lëtzebuerg?

Wéi scho fir de neie Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, gëtt och elo bei der Abtei Neimënster e Pressechargé gesicht dee weder Däitsch nach Lëtzebuergesch kënne muss.

Och d'Internetsäit vun der Abtei Neimënster ass just op Franséisch an Englesch.

Mir froen:

1. Firwat gëtt ëmmer méi dacks mat eiser Méisproochegkeet gebrach?

2. Firwat gi béid Sproochen am Verglach zum Franséischen diskriminéiert?

Mir erënneren un d'Sproochegesetz:

Lëtzebuergesch ass d'Landessprooch (Nationalsprooch). Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch sinn déi 3 administrativ Sproochen.

Read more …

29.6.2017O-Toun Claude Meisch "Ënnerscheedlech Schoule fir ënnerscheedlech Schüler" Dat ass dach den Albdram vun de Sozialisten

(comments: 0)

Trennung amplaz Inklusioun?
Auserneen amplaz mateneen?
Parallelgesellschaften amplaz Integratioun?

Soss huet sech d'LSAP (an och déi Gréng) agesat fir d'Gesamtschoul - ENG Schoul fir ALL d'Kanner.

De Wee2050 setzt sech weider a fir déi heiten Ziler:

3. De lëtzebuergesche Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
3.1. Den auslännesche Matbierger kloer maachen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergesche Schoule voll integréiert ginn.
3.2. Lëtzebuergesch muss an alle staatlech ënnerstëtzte Schoule zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School), ugebuede ginn.
3.3. An de staatlech ënnerstëtzte Crèche muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.
3.4. Am Précoce an an der Spillschoul soll d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen am Mëttelpunkt stoen a keng weider Friemsprooche geléiert ginn.

Read more …

27.6.2017 Lieserbréif vum Fred Keup, am Wort vun e Samschden, 24. Juni 2017.

Lieserbréif vum Fred Keup, am Wort vun e Samschden, 24. Juni 2017.
Als Reaktioun op dem Alex Bodry säin Interview vum 11. Juni 2017.

"...Haben Sie keine Angst vor den Luxemburgern, Herr Bodry! Die Luxemburger sind weltoffene, freundliche, fröhliche Menschen, dazu mehrsprachig. Nehmen Sie stattdessen die Sorgen ernst: der immer dominantere Einfluss des Französischen, ja, der stört die meisten: viele, weil sie es nicht so gut können wie französische Muttersprachler und sich nicht mehr zurechtfinden bzw. unterlegen fühlen, andere, weil sie sich nicht mehr wohl und heimisch fühlen in einer Umgebung, in der der Stellenwert ihrer Muttersprache, dem Luxemburgischen, aber auch des Deutschen, im öffentlichen Raum rasant zu Gunsten des Französischen schwindet. Das hat weder etwas mit Rückzug auf das Nationale noch mit Einschränkung der Freizügigkeit zu tun und stört zudem auch viele Nicht-Luxemburger...."

De ganzen Artikel: http://wee2050.lu/index.php/press/articles/lieserbreif-vum-fred-keup.html?file=files/Site/2017/Leserbrief%20Bodry.png

 

 

Read more …