Argumenter

10 Argumenter fir de NEE:

1.  - Jiddereen kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen a weisen, dass en sech matt eiser Identitéit, der Sprooch an eiser Kultur identifizéiert an och eng emotional Bindung zum Land huet.

2. - Mam Auslännerwahlrecht ginn d'Lëtzebuerger hir Souveränitéit op. Den Artikel vun der Verfassung "la puissance souveraine réside dans la nation" misst nämlech gestrach ginn. Domat wier dat den Ufank vum Enn vun eiser Natioun. D'Lëtzebuerger hu vill Affer mussen bréngen fir hir national Souveränitéit ze behalen. Wat géifen eis Elteren an Grousselteren soen wann mir dat elo fräiwëlleg opginn?

3. - D’Auslännerwahlrecht féiert dozou dass eis Sprooch op politeschem Plang géif lues a lues verschwannen. Spéider wuel och an der fonction publique an an de Schoulen.

4.  - D'Lëtzebuerger am Ausland kréien och néirens d'Wahlrecht. An et ass falsch fir vun engem "Awunnerwahlrecht" ze schwätzen, well dann kéinten jo déi 34.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen,  néirens méi wielen goen.

5.  - D’Chamber vertrëtt d'Natioun an d'Natioun dat sinn d'Lëtzebuerger, egal wou se wunnen. D’Chamber vertrëtt net d’Auslänner. Déi hunn hir eegen Parlamenter. Mir maachen eis Natioun op fir déi Leit déi wëllen zur Natioun gehéieren.

6. - D’Auslänner ënnerstinn zum Deel deenen Gesetzer aus deem Land wou si och de Pass hunn an net de Lëtzebuerger Gesetzer. Bei engem Auslännerwahlrecht géifen si hei ofstëmmen iwwer Gesetzer déi awer nëmmen d'Lëtzebuerger betreffen.

 7. - Wielen sollen déi Leit déi sech och laangfristeg fir d'Zukunft vun Lëtzebuerg interesséieren an net just fir e puer Joer hei sinn an dann erëm zeréck an hir Heemecht ginn.

8. - D'Zesummeliewen zwëschent Lëtzebuerger an Auslänner ass problemlos. D'Auslänner hunn ni en Wahlrecht fir déi lëtzebuergesch Nationalwahlen gefrot. Elo besteet de Risiko, dass eis Gesellschaft gespléckt gëtt: op der enger Säit déi lëtzebuergesch Wieler an op der anerer Säit déi auslännesch Wieler.

9. - Bei engem Auslännerwahlrecht stellt sech d'Fro firwat d'Auslänner en WahlRECHT kréien awer fir d'Lëtzebuerger dann weiderhin soll eng WahlPFLICHT bestoen?

10. - Am Fall vun engem Auslännerwahlrecht hätten d'Auslänner manner Motivatioun fir Lëtzebuerger ze ginn an sech op deem Wee vollstänneg an déi Lëtzebuerger Gesellschaft ze integréieren.

 

 

Dofir: Stëmmt den 7. Juni NEE.

 

 

 

Opgepasst!

D'Fro déi am Referendum gestallt gëtt ass laang an komplizéiert. D'Regierungsparteien hunn Konditiounen agebaut déi den Leit sollen d'Gefill ginn dass nëmmen ganz wéineg Auslänner kéinten wielen an sech sou näischt géif änneren.

VUN DEENEN KONDITIOUNEN SOLLE MIR EIS NET TÄUSCHEN LOOSSEN!

Et handelt sech hei em en faulen Trick! Wann nämlech d'Klausel vun der Nationalitéit bis aus der Verfassung eraus ass, dann wäert et méiglech sinn duerch en einfachen Vote an der Chamber all déi Konditiounen lues a lues falen ze loossen.

D'Fro am Referendum ass also vun der Bedeitung hir: "Si dir fir d'Auslännerwahlrecht bei Nationalwahlen?"

An genau op déi Fro muss der äntweren mat NEE.

Erklärungen dozou fënnt een hei.

 

 

 

Alternativen:

 - Wahlrecht duerch déi duebel Nationalitéit: Duebel Nationalitéit ass e bessere Wee, wann d’Konditioun vun der lëtzebuerger Sprooch awer bestoen bleift. Jiddereen kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen a weisen, dass en sech matt eiser Identitéit, der Sprooch an eiser Kultur identifizéiert an och eng emotional Bindung zum Land huet.

- Mir soen de Politiker: Maacht do weider, encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis eis Sprooch um Häerz läit. Erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze ereechen.

- Mir sinn elo 100 Joer laang gutt gefuer mat ganz villen Immigranten aus Polen, Italien, Portugal etc, déi sech hei gutt integréiert hunn, OCH OUNI AUSLÄNNERWAHLRECHT!

- eng Diskussioun op europäeschem Niveau fir dass eventuell an all Land déi selwecht Konditiounen fir ze wielen gëllen.

 

 

Een Lieserbréif fir de Nee zum Auslännerwahlrecht

Beim Referendum vun dësem Joer soll doriwwer entscheed ginn op d’Auslänner bei de Lëtzebuerger Nationalwahlen dierfe wiele goen oder net. An sech eng iwwerflësseg Fro, well d’Auslänner schonn wiele kënnen an zwar säit d’Gesetz vun der duebeler Nationalitéit 2009 agefouert ginn ass. Säit deem hunn sech iwwer 20.000 Auslänner dofir entscheed fir déi lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen an dat relativ onkomplizéiert. E grousse Succès also!

Mä och déi Auslänner, déi sech net dofir entscheeden fir Lëtzebuerger ze ginn hunn d’Wahlrecht, an zwar fir d’Parlament an dem Land vun deem si och d’Nationalitéit hunn. Während nämlech d’lëtzebuerger Regierung d'Lëtzebuerger vertrëtt, hunn d’Auslänner hir eege Regierungen déi hir Interessen vertrieden. An verschiddene Länner wéi Frankräich an Italien gëtt et souguer Députéiert déi exklusiv vun den Auswanderer gewielt ginn (zum Beispill an Frankräich an der Assemblée nationale: "11 députés représentant les Français établis hors de France")

Iwwregens ass een a verschiddene Beräicher de Gesetzer vun deem Staat, wou een och d’Nationalitéit huet ënnerstallt an net deem Land  an deem een wunnt. Et kann een och net vun engem Demokratiedefizit schwätzen well am internationalen Ranking vum „Demokratieindex“ vun der Zeitung „The Economist“ ass Lëtzebuerg op der 11. Plaatz vun 167 Natiounen.

Sollt sech d’Iddi vun engem „Biirgerwahlrecht“ oder „droit de vote des citoyens“ duerchsetze misste mir eis natierlech och froen wou dann déi ronn 25.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, wielen kéinten? Mä dat schéint am Moment keen sou richteg ze interesséieren.

Dann stellt sech d’Fro em wat et bei dem Referendum iwwerhaapt geet, an dann gëtt een d’Gefill net lass, dass et guer net drëm geet, fir aus enger demokratescher Iwwerleeung eraus dem portugiseschen Noper d’Wahlrecht ze ginn mä, dass et drëm geet fir de Staatsbeamten an de Pensionéierten hir „Muecht“ ze briechen. Sou kënnt dann och d’Iddi fir d’Auslännerwahlrecht net vun den Auslänner selwer, mä si ass sou richteg lancéiert ginn am Januar 2013 vun der Handelskammer, ënnert hirem deemolege President, dem Pierre Cramegna. Deemools war iwwregens och nach d’Iddi opkomm fir de Frontalieren d’Wahlrecht ze ginn mat dem Argument dass si jo och hei géifen Steieren bezuelen an kotiséiere géifen. Sou wéi wann de Lëtzebuerger Staat eng Aktiegesellschaft wier oder wéi de Jean Hamilius (DP, Ex-Minister) et um Radio an a sengem Buch genannt huet:“eng association à but lucratif“. De Jean Hamilius gëtt dann och d’Äntwert: „Ech sinn der Meenung dass Europa nach laang dominéiert gëtt vun nationale Gefiller, an dass, wann mir vun deenen aneren net méi als Natioun, als e Vollek betruecht ginn, dann fueren se mat ons Schlitt.“

Sou kann d’Fro vum Auslännerwahlrecht am Endeffekt just europawäit beäntwert ginn. An enger europäescher Unioun ass et denkbar dass et dat an der Zukunft kéint ginn, d’Konditioun natierlech virausgesat, dass och all Nationalstaat dat géif akzeptéieren. Sou kéint et laangfristeg gekuckt eng Kéier zu enger "europäescher Nationalitéit" oder enger "europäescher Citoyennetéit" kommen, och wann bis dohin nach vill Waasser d'Musel erof lafen wäert. Et ass dofir sécherlech de falsche Wee fir elo, als kleng Natioun wéi mir et sinn, dee Wee vun engem Auslännerwahlrecht eleng ze goen. Grad am Europa vun haut ass et wichteg sech net vun deenen aneren, méi groussen Nationalstaaten erdrécken ze loossen an sech och an Zukunft als eng staark, onofhängeg Natioun no baussen ze weisen.

Fred Keup, Mamer

Net esou!

 „Guttheet ass bekanntlech e Stéck vun der Dommheet“

Zitat vum Paul Kremer op RTL Radio zum Auslännerwahlrecht.



 

Wat sinn d’Argumenter fir de Jo?

Firwat sinn dës Argumenter falsch?

 

- D’Auslänner schaffen jo zu Lëtzebuerg an bezuelen hei Steieren an Kotisatiounen, also hunn si och en Recht fir matzedécdéieren.

NEE, an deem Sënn dierften jo nëmmen nach déi Leit wielen déi hei am Land Steieren bezuelen. All déi Leit mat klengen Paien, déi Aarbechtslos, Hausfraen, Studenten an déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, kéinten dann jo net méi wielen. An dann hätten mer erëm en Wahlsystem wéi virun 1919: Den sougenannten „suffrage censitaire“ bei deem just déi räich Leit konnte wielen goen, déi och genuch Steieren bezuelt hunn.

 - An Neuseeland gëtt et och en Auslännerwahlrecht.

Dat stëmmt souguer, mä fir an Neuseeland iwwerhaapt eran ze kommen ass ganz schwéier. En Immigrant muss zum Beispill folgend Konditiounen erfëllen:

   - eng gutt Gesondheet hunn

   - Charakterlech einwandfräi sinn

- d’Nationalsprooch beherrschen

- net méi al sinn wéi 55 Joer

Dat ass also sou wéi wann mir just déi Auslänner géifen eran loossen déi eis Sprooch schonn schwätzen! Méi zur Immigratioun an Neuseeland: http://www.neuseeland-einwanderung.de/Self-assessment/Self-Assessment.php

 - D’Nationalitéit spillt haut keng Roll méi.

Dach! Op der Welt ginn et ronn 200 Staaten, also 200 Natiounen. An wann mir d’Situatioun op der Welt kucken, och an der Europäescher Unioun, dann gesi mir, dass d’Nationalitéiten erëm eng ëmmer méi wichteg Roll spillen. Wann mir als eenzegt Land eis Nationalitéit opginn dann fueren déi aner Natiounen Schlitt mat eis!

 

- Déi Lëtzebuerger Sprooch ass en „facteur d’exclusion“ an déi politesch Debatten sollten op franséisch gefouert ginn.

NEE! Lëtzebuergesch ass eis Nationalsprooch an eis Mammesprooch. Mir loossen eis de Mond vu Kengem verbidden. Vill Auslänner léieren Lëtzebuergesch an verstinn dann och déi politesch Debatten.

- Et ass dach egal wéi een Pass een huet.

NEE

Éischtens: Spéitstens dann wann een muss reesen ass dat guer net méi egal. Well deemno wéi een Pass, dass een huet gëtt een an deenen verschiddenen Deeler op der Welt, op dat elo zum Beispill an Afrika, an China oder am Venezuela ass, ganz anescht behandelt. An et interesséiert déi och net wou een wunnt mä just wat een ass.

Zweetens: En Auslänner muss sech un d’Gesetzer vun sengem Heemechtsland halen. 1. Beispill: Zwee Katarien déi zu Lëtzebuerg wunnen mussen sech un d’Gesetzer vum Katar halen. 2. Beispill: Een Amerikaner deen zu Lëtzebuerg wunnt muss sech un amerikanesch Gesetzer halen. An wann en dat net mécht dann kënnen se him de Pass ewech huelen. Dat kann Lëtzebuerg net.

 

- Lëtzebuerg huet keng eegen Identitéit, kann also och keng verléieren.

Schlëmm genuch dass een sech sou Saachen muss unhéieren!

 

- Zu Lëtzebuerg wunnen ëmmer méi Auslänner, elo bal 45%. Déi Leit dierfen net matwielen fir d’Chamberwahlen. Déi Situatioun ass eng Gefor, fir de sozialen Zesummenhalt an d’Zukunft vun eisem Land.

NEE, d’Zesummeliewen zwëschent Auslänner an Lëtzebuerger ass gréisstendeels ganz gutt, an et ass iwwerhaapt keng Gefor do. D’Auslänner akzeptéieren iwwregens ganz gutt dass si net fir d’Chamber wielen kënnen mä fir hier eegen national Parlamenter wielen.

 

-Et ass dach inakzeptabel, dass déi netlëtzebuerger Awunner déi selwecht Pflichten, awer net déi selwecht Rechter wéi d’Lëtzebuerger hunn.

NEE well, éischtens ass dat an all Land vun der Welt esou: En Auslänner kann nun mol net Chef vun eisem Geheimdéngscht ginn oder Generol vun eiser Arméi. An zweetens huet den Auslänner net déi selwecht Pflichten vis-à-vis vum Staat wéi den Lëtzebuerger: En Auslänner kann zum Beispill net fir en Militärdéngscht oder ähnleches gezwongen ginn. Doriwwer eraus ass et méiglech dass de Staat engem Lëtzebuerger de Pass anzitt. Dat ass awer net méiglech bei engem Auslänner.

 

- 1919 kruten d’Fraen d’Wahlrecht an d’Auslännerwahlrecht ass mam Fraewahlrecht ze vergläichen.

NEE, dëst Argument ass eng Frechheet fir all Fra well et d’Bedeitung vun deem Fraewahlrecht vun 1919 erofspillt. D’Auslänner dierfen awer am Géigendeel zu de Fraen deemools schonn wielen, an zwar fir dat Land wou si och de Pass hunn.

 

 

Et gëtt KEEN Argument fir de Jo.

   Alles ass mat den Hoer erbäigezunn!

      Dofir stëmmt de 7. Juni:

       NEE zum Auslännerwahlrecht.

24 Froen zum Auslännerwahlrecht

1. Wat sinn Nationalwahlen? Bei de Nationalwahlen gëtt en nationalt Parlament gewielt, dat dann soll d’Natioun vertrieden, also déi Leit déi d’Nationalitéit hunn, egal wou se wunnen. D’Chamber vertrëtt d'Natioun, an d'Natioun dat sinn net d'Auslänner, mä d’Lëtzebuerger.

2. Kënnen Auslänner fir déi lëtzebuerger Chamber wielen? JO, Auslänner kënnen och elo schonn wielen wann se déi duebel Nationalitéit unhuelen dann ginn si Lëtzebuerger, dat ass net komplizéiert a bis elo en grousse Succès. 

3. Kënnen Auslänner och wielen wann si net déi duebel Nationalitéit huelen? Jo d’Auslänner wielen eben fir hier Parlamenter. Sou hunn d'Auslänner hir eege Regierungen déi hir Interessen vertrieden. An verschiddene Länner wéi Frankräich oder Italien gëtt et souguer Députéiert déi exklusiv vun den Emigranten (Auswanderer) gewielt ginn (zum Beispill an Italien 12 Députéiert déi an der "circoscrizione Estero" gewielt ginn fir d"camera dei deputati" an déi d'Italiener déi am Ausland wunnen vertrieden) (an Frankräich: "11 députés représentant les Français établis hors de France" an der Assemblée nationale.)

4. Gëtt et hei en Demokratiedefizit? NEE, jidderee kann wielen, an zwar an deem Land wou en och säin PASS kritt. Dat wat zielt ass nach ëmmer WAT een ass, an net WOU een wunnt. Dofir weist en Fransous deen zu Lëtzebuerg wunnt jo och säi franséische Pass wann en de Fliger hëlt. 

5. Ass Lëtzebuerg dann am Moment net demokratesch genuch? Dach, am „Demokratieindex“ vun der Zeitung „The Economist“ ass Lëtzebuerg op der 11. Plaz vun 167 Natiounen. Lëtzebuerg ass eng exemplaresch Demokratie! 

6. Gëtt et d'Auslännerwahlrecht nach an engem anere Land? NEE dat gëtt et a kengem Land an Europa. 

7. Ginn déi aner Länner wéi Frankräich oder Italien och elo den Auslänner d'Wahlrecht? NEE do traut sech mol keen drun ze denken. An eis Regierung huet nach net ugefrot fir dass déi Länner de Lëtzebuerger, déi bei hinnen wunnen, en Auslännerwahlrecht sollen ginn. 

8. Déi Länner hunn jo och manner Auslänner wéi Lëtzebuerg? Jo, MÄ et ass eng PRINZIPIELL Fro, onofhängeg vun der Unzuel un Auslänner. 

9. Wëllen d'Auslänner iwwerhaapt d'Wahlrecht? NEE, bei enger Chamber-Petitioun, wou och Auslänner konnten deel huelen an wou vill Reklamm gemaach ginn ass (vun ASTI, l'essentiel, paperjam...) hunn mol keng 2000 Leit ënnerschriwwen. 

10. Firwat ass et net gutt wann Auslänner wielen kënnen? Vill Auslänner sinn net fir ëmmer zu Lëtzebuerg. Dann ass et hinnen eventuell och egal wat an 50 oder 70 Joer hei geschitt. Am Géigesätz dozou mussen d'Lëtzebuerger awer laangfristeg denken an sech d'Fro stellen wat fir e Lëtzebuerg se wëllen fir hir Kanner an Kandskanner.

11. Wéi eng Auslänner dierfen dann wielen, nëmmen EU-Auslänner oder och Chineesen, Russen an Nordkoreaner? Sou wéi et virgesinn ass, alleguer d’Auslänner, also (iwwerspëtzt formuléiert) och Chineesen, Russen an Nordkoreaner. 

12. Géif dann och erëm eng friem Sprooch an der Chamber geschwat ginn? Wahrscheinlech géif fréier oder spéider erëm franséisch an der Chamber geschwat ginn. Kuerzfristeg géifen d’Chamberdebatten wuel an d’Franséischt iwwersat ginn, wat absolut inakzeptabel wier. 

13. Missten déi Auslänner, déi wielen ginn dann och Civique-Coursen matmaachen fir eise System ze verstoen? NEE, dat ass net geplangt. 

14. Kënnt dann och dat passiivt Wahlrecht fir Auslänner? Dat wier eng logesch Suite an dann missten och héich Plaatzen beim Staat opgoen fir Auslänner woubäi et dach ganz bedenklech wier wann en Auslänner géif Chef vum Geheimdéngscht ginn oder Offizéier an der Arméi.

15. Wou wielen dann déi Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen? Dann kéinten déi vläicht guer net méi wielen, well et muss een jo wëssen wat een wëll: ENTWEDER wielen déi Leit déi hei wunnen ODER déi Leit déi d'Nationalitéit hunn.

16. Wat bedeit d’Auslännerwahlrecht fir eis Natioun? Mam Auslännerwahlrecht schafen mer laangfristeg Lëtzebuerg als Natioun an onofhängegt Vollek of, eng komplett falsch Décisioun an engem Europa wat nach laang duerch d’Nationalstaaten geprägt wärt sinn.

17. Un wéi eng Gesetzer muss sech dann en Auslänner halen? An verschiddene Beräicher ass en Auslänner den Gesetzer vun sengem Heemechtsland ënnerstallt an net de Lëtzebuerger Gesetzer. Beispiller: Éisterräicher an Schwäizer mussen an d’Arméi goen an hirem Land. Een Amerikaner deen zu Lëtzebuerg wunnt, muss sech awer un amerikanesch Gesetzer halen. Et ass jo och d'Heemechtsland dat decidéiert ob si en Pass kréien oder net.

18. Mais dann kéinten d’Auslänner jo Saachen decidéieren un déi se sech net missten halen? Theoretesch kéinten se eng Partei wielen déi géif decidéieren fir un engem Krich (z.b. am Irak) deelzehuelen, wou jo dann awer just lëtzebuergesch Zaldoten géifen dohin geschéckt ginn.

19. Auslänner schaffen jo awer hei an bezuelen Steieren, wier et dann net logesch dass si och d’Wahlrecht kréien? Nee, well an där Logik dierft jo en Aarbechtslosen, deen keng Steieren bezillt och net wielen goen. An déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen a schaffen, dierften néirens méi wielen.

20. Wann een d’Fro liest dann mierkt een jo awer dass een Auslänner muss ganz vill Konditiounen erfëllen fir kënnen ze wielen? Wann déi Klausel vun der Nationalitéit bis eraus aus der Verfassung ass, dann kann ëmmer erëm an der Chamber drun geännert ginn. Dann geet iergendwann d’Residenzklausel erof op 5 oder 2 Joer an d’Konditiounen ginn opgeléist.

21. Kënnt dann och d’Wahlpflicht fir d’Auslänner? Nee fir si ass en Wahlrecht virgesinn wat natierlech géif bedeiten dass mer dann 2 verschidden Zorten vun Wieler hätten: Déi déi wëllen an déi, déi mussen.

22. Wéini ass déi Iddi vum Auslännerwahlrecht fir d’éischt ëffentlech opkomm? Am Januar 2013 ass et d’Handelskammer (chambre de commerce) an den Minister Etienne Schneider déi d’Thema vum Auslännerwahlrecht richteg lancéieren.

23. Weem seng Iddi ass d'Auslännerwahlrecht? D’Iddi besteet schonn méi laang bei der Asti mä et ass elo besonnesch d'Patronat an d'Wirtschaft („les décideurs“, wéi se sech nennen) déi wëllen d'Auslännerwahlrecht aféieren. D’Iddi kënnt net aus dem Vollek!

24. Firwat wëllen déi dann d’Auslännerwahlrecht? Si erwaarden sech doduerch en méi schwaachen Nationalstaat. Dat géif bedeiten dass d’Wirtschaft dann ëmmer méi hir Décisiounen kéint duerchsetzen an net méi déi demokratesch gewielte Parlamenter.

 

Si dir der selwechter Meenung wéi mir? Dann setzt iech och an, dass de 7. Juni mat NEE zum Auslännerwahlrecht gestëmmt gëtt.

 

Stëmmt de 7. Juni NEE!