Argumenter

10 Argumenter fir de NEE:

1.  - Jiddereen kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen a weisen, dass en sech matt eiser Identitéit, der Sprooch an eiser Kultur identifizéiert an och eng emotional Bindung zum Land huet.

2. - Mam Auslännerwahlrecht ginn d'Lëtzebuerger hir Souveränitéit op. Den Artikel vun der Verfassung "la puissance souveraine réside dans la nation" misst nämlech gestrach ginn. Domat wier dat den Ufank vum Enn vun eiser Natioun. D'Lëtzebuerger hu vill Affer mussen bréngen fir hir national Souveränitéit ze behalen. Wat géifen eis Elteren an Grousselteren soen wann mir dat elo fräiwëlleg opginn?

3. - D’Auslännerwahlrecht féiert dozou dass eis Sprooch op politeschem Plang géif lues a lues verschwannen. Spéider wuel och an der fonction publique an an de Schoulen.

4.  - D'Lëtzebuerger am Ausland kréien och néirens d'Wahlrecht. An et ass falsch fir vun engem "Awunnerwahlrecht" ze schwätzen, well dann kéinten jo déi 34.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen,  néirens méi wielen goen.

5.  - D’Chamber vertrëtt d'Natioun an d'Natioun dat sinn d'Lëtzebuerger, egal wou se wunnen. D’Chamber vertrëtt net d’Auslänner. Déi hunn hir eegen Parlamenter. Mir maachen eis Natioun op fir déi Leit déi wëllen zur Natioun gehéieren.

6. - D’Auslänner ënnerstinn zum Deel deenen Gesetzer aus deem Land wou si och de Pass hunn an net de Lëtzebuerger Gesetzer. Bei engem Auslännerwahlrecht géifen si hei ofstëmmen iwwer Gesetzer déi awer nëmmen d'Lëtzebuerger betreffen.

 7. - Wielen sollen déi Leit déi sech och laangfristeg fir d'Zukunft vun Lëtzebuerg interesséieren an net just fir e puer Joer hei sinn an dann erëm zeréck an hir Heemecht ginn.

8. - D'Zesummeliewen zwëschent Lëtzebuerger an Auslänner ass problemlos. D'Auslänner hunn ni en Wahlrecht fir déi lëtzebuergesch Nationalwahlen gefrot. Elo besteet de Risiko, dass eis Gesellschaft gespléckt gëtt: op der enger Säit déi lëtzebuergesch Wieler an op der anerer Säit déi auslännesch Wieler.

9. - Bei engem Auslännerwahlrecht stellt sech d'Fro firwat d'Auslänner en WahlRECHT kréien awer fir d'Lëtzebuerger dann weiderhin soll eng WahlPFLICHT bestoen?

10. - Am Fall vun engem Auslännerwahlrecht hätten d'Auslänner manner Motivatioun fir Lëtzebuerger ze ginn an sech op deem Wee vollstänneg an déi Lëtzebuerger Gesellschaft ze integréieren.

 

 

Dofir: Stëmmt den 7. Juni NEE.

 

 

 

Opgepasst!

D'Fro déi am Referendum gestallt gëtt ass laang an komplizéiert. D'Regierungsparteien hunn Konditiounen agebaut déi den Leit sollen d'Gefill ginn dass nëmmen ganz wéineg Auslänner kéinten wielen an sech sou näischt géif änneren.

VUN DEENEN KONDITIOUNEN SOLLE MIR EIS NET TÄUSCHEN LOOSSEN!

Et handelt sech hei em en faulen Trick! Wann nämlech d'Klausel vun der Nationalitéit bis aus der Verfassung eraus ass, dann wäert et méiglech sinn duerch en einfachen Vote an der Chamber all déi Konditiounen lues a lues falen ze loossen.

D'Fro am Referendum ass also vun der Bedeitung hir: "Si dir fir d'Auslännerwahlrecht bei Nationalwahlen?"

An genau op déi Fro muss der äntweren mat NEE.

Erklärungen dozou fënnt een hei.

 

 

 

Alternativen:

 - Wahlrecht duerch déi duebel Nationalitéit: Duebel Nationalitéit ass e bessere Wee, wann d’Konditioun vun der lëtzebuerger Sprooch awer bestoen bleift. Jiddereen kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen a weisen, dass en sech matt eiser Identitéit, der Sprooch an eiser Kultur identifizéiert an och eng emotional Bindung zum Land huet.

- Mir soen de Politiker: Maacht do weider, encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis eis Sprooch um Häerz läit. Erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze ereechen.

- Mir sinn elo 100 Joer laang gutt gefuer mat ganz villen Immigranten aus Polen, Italien, Portugal etc, déi sech hei gutt integréiert hunn, OCH OUNI AUSLÄNNERWAHLRECHT!

- eng Diskussioun op europäeschem Niveau fir dass eventuell an all Land déi selwecht Konditiounen fir ze wielen gëllen.

 

 

Een Lieserbréif fir de Nee zum Auslännerwahlrecht

Beim Referendum vun dësem Joer soll doriwwer entscheed ginn op d’Auslänner bei de Lëtzebuerger Nationalwahlen dierfe wiele goen oder net. An sech eng iwwerflësseg Fro, well d’Auslänner schonn wiele kënnen an zwar säit d’Gesetz vun der duebeler Nationalitéit 2009 agefouert ginn ass. Säit deem hunn sech iwwer 20.000 Auslänner dofir entscheed fir déi lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen an dat relativ onkomplizéiert. E grousse Succès also!

Mä och déi Auslänner, déi sech net dofir entscheeden fir Lëtzebuerger ze ginn hunn d’Wahlrecht, an zwar fir d’Parlament an dem Land vun deem si och d’Nationalitéit hunn. Während nämlech d’lëtzebuerger Regierung d'Lëtzebuerger vertrëtt, hunn d’Auslänner hir eege Regierungen déi hir Interessen vertrieden. An verschiddene Länner wéi Frankräich an Italien gëtt et souguer Députéiert déi exklusiv vun den Auswanderer gewielt ginn (zum Beispill an Frankräich an der Assemblée nationale: "11 députés représentant les Français établis hors de France")

Iwwregens ass een a verschiddene Beräicher de Gesetzer vun deem Staat, wou een och d’Nationalitéit huet ënnerstallt an net deem Land  an deem een wunnt. Et kann een och net vun engem Demokratiedefizit schwätzen well am internationalen Ranking vum „Demokratieindex“ vun der Zeitung „The Economist“ ass Lëtzebuerg op der 11. Plaatz vun 167 Natiounen.

Sollt sech d’Iddi vun engem „Biirgerwahlrecht“ oder „droit de vote des citoyens“ duerchsetze misste mir eis natierlech och froen wou dann déi ronn 25.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, wielen kéinten? Mä dat schéint am Moment keen sou richteg ze interesséieren.

Dann stellt sech d’Fro em wat et bei dem Referendum iwwerhaapt geet, an dann gëtt een d’Gefill net lass, dass et guer net drëm geet, fir aus enger demokratescher Iwwerleeung eraus dem portugiseschen Noper d’Wahlrecht ze ginn mä, dass et drëm geet fir de Staatsbeamten an de Pensionéierten hir „Muecht“ ze briechen. Sou kënnt dann och d’Iddi fir d’Auslännerwahlrecht net vun den Auslänner selwer, mä si ass sou richteg lancéiert ginn am Januar 2013 vun der Handelskammer, ënnert hirem deemolege President, dem Pierre Cramegna. Deemools war iwwregens och nach d’Iddi opkomm fir de Frontalieren d’Wahlrecht ze ginn mat dem Argument dass si jo och hei géifen Steieren bezuelen an kotiséiere géifen. Sou wéi wann de Lëtzebuerger Staat eng Aktiegesellschaft wier oder wéi de Jean Hamilius (DP, Ex-Minister) et um Radio an a sengem Buch genannt huet:“eng association à but lucratif“. De Jean Hamilius gëtt dann och d’Äntwert: „Ech sinn der Meenung dass Europa nach laang dominéiert gëtt vun nationale Gefiller, an dass, wann mir vun deenen aneren net méi als Natioun, als e Vollek betruecht ginn, dann fueren se mat ons Schlitt.“

Sou kann d’Fro vum Auslännerwahlrecht am Endeffekt just europawäit beäntwert ginn. An enger europäescher Unioun ass et denkbar dass et dat an der Zukunft kéint ginn, d’Konditioun natierlech virausgesat, dass och all Nationalstaat dat géif akzeptéieren. Sou kéint et laangfristeg gekuckt eng Kéier zu enger "europäescher Nationalitéit" oder enger "europäescher Citoyennetéit" kommen, och wann bis dohin nach vill Waasser d'Musel erof lafen wäert. Et ass dofir sécherlech de falsche Wee fir elo, als kleng Natioun wéi mir et sinn, dee Wee vun engem Auslännerwahlrecht eleng ze goen. Grad am Europa vun haut ass et wichteg sech net vun deenen aneren, méi groussen Nationalstaaten erdrécken ze loossen an sech och an Zukunft als eng staark, onofhängeg Natioun no baussen ze weisen.

Fred Keup, Mamer

Go back