Lieserbréif: Den 175. Gebuertsdag vun der Onofhängegkeet gouf net gefeiert. Mir wëllen bleiwen wat mir sinn.

An der Zäit ass iwwerall lëtzebuergesch geschwat ginn. Wat dann och soss, däitsch wollt keen méi nom 2. Weltkrich an franséisch konnten déi meescht net, op mannst emol wat d´Schwätzen ugeet. Mir Lëtzebuerger hunn op franséisch an däitsch geschriwwen, et awer op lëtzebuergesch gesot, de Jang ass Jean geschriwwen ginn an hien huet an der rue Notre Dame gewunnt déi awer souwisou jiddereen Ënneschtgaass genannt huet, jo et fält op, deemools huet nach een oder deen aneren an der Uewerstad gewunnt.
 
Patriotesch ass geduecht ginn an deenen Zäiten, et war een houfreg op säin Land. Beim RTL Hei Elei ass Sonndes Mëttes fir der Grande-Duchesse hiren Gebuertsdag vun engem Kannerchouer gesongen ginn: „Lëtzebuerg de Lëtzebuerger, roude Léiw bewaach däin Feld..." fir d'Lëtzebuerger Nationalequipe am Fussball huet een einfach "mir " gesot an de Jean-Claude Juncker huet als Staatssekretär op der Tele Päif gefëmmt an hat fir déi haiteg Zäiten eng dach gewoten Äntwert op d'Aarbechtslosegkeet parat: D'Betriber sollen mol méi patriotesch handelen an Lëtzebuerger astellen statt Auslänner.
 
An der Schoul sinn nach Saachen vun hei heem geléiert ginn, an zwar auswenneg, dofir weess een se nach bis haut:"3/4 der Weinerzeugung sind Elbling und Riesling-Sylvaner", am Geographiebuch stoung nach "suche unser Land auf dem Globus" am Plaz "Suche Luxemburg" an den Professer Gilbert Trausch huet am Geschichtsbuch geschriwwen: "L'évolution démographique pose l'angoissante question de l'avenir du Luxembourg (...) L'immigration ne pourra s'étendre indéfiniment."
 
All Géigend hat nach säin eegenen Dialekt an seng eegen Spezialitéiten, Traditiounen sinn nach héich gehalen ginn: Klibberen, Meekranz maachen, Pilgeren, Kommioun feieren, d´Kiermes net ze vergiessen, an de Kleeschen war nach de Kleeschen an net de Weihnachtsmann. Liichten goen, dat hunn d'Kanner aus dem 1. Schouljoer deemools nach eleng gemaach, ouni Mamm, an zwar och am Garer Quartier, an der Fullegaass. Et huet een sech sécher gefillt, och wann et vläit nëmmen subjektiv war, mä dat loung wahrscheinlech och drun dass d'Grenzen zou waren.
 
Ugeschwat gëtt een haut op franséisch, souguer vu verschiddene Lëtzebuerger. An déi al Leit, eis Kanner, an och déi, déi d'Schoul net sou gutt gepackt hunn, all si haten Pech wann et heescht "en français". Et gëtt vun verschiddene Säiten gesot mir missten eisen Schoulsystem änneren, wéi et heescht un eis multikulturell Gesellschaft upassen, am beschten doduerch dass mer op franséisch alphabetiséieren, an dat obwuel just en ganz klengen Deel vun de Kanner zu Lëtzebuerg frankophon ass.
 
Den 175. Gebuertsdag get net gefeiert an an der Zeitung behaapt en Historiker eis Identitéit wier d'Méisproochegkeet, oder et gëtt gesot eng lëtzebuerger Identitéit géif et net ginn. Dann froen ech mech wei vill dat nach wäert ass, dass d'Lëtzebuerger am 2. Weltkrich mat "3 Mol Lëtzebuerg" op déi däitsch "Personenstandsaufnahme" geäntwert hunn? Soll dat alles vergiess sinn?
 
Ech géif mer wënschen mir géifen erëm méi patriotesch denken, mir sollten eis Sprooch an eis Traditiounen stäerken, mir sollten eisen 175. Gebuertsdag anstänneg feieren an stolz sinn op eist Land ouni all historeschen Datumer wëssenschaftlech auseneen ze huelen, mir sollten eng staark Identitéit halen an dat em sou méi well mir e klengt Land sinn an engem groussen Europa. Mir sollten och, wéi dat ëmmer de Fall an eiser Geschicht war, Leit aus dem Ausland bei eis am Land ophuelen an hinnen alles bidden fir sech hei séier an gutt ze integréieren an schlussendlech sollten mer hinnen och eis Nationalitéit ubidden fir dass si kennen wielen goen. An mir sollten dofir suergen dass Lëtzebuerg dat Land bleift, eist Land, dat mir sou déif an onsen Häerzer droen, fir dass dat, wat eis Grousselteren hei opgebaut hunn och nach fir eis Kanner weider besteet an dofir gëllt et genausou haut wéi och schonn fréier: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
 
Keup Fred   24.5.2014
Mamer

 

De risege Problem mam onkontrolléierte Wuesstem, Bevëlkerungsexplosioun & Massenimmigratioun:
 
-Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst.
Dat féiert zu:
- extrem héijen Wunnengspräisser
- Verkéierskollaps & ëmmer méi Stau
- Zoubetonnéierung vun der Natur
- Manktem un Schoule, Klinniken, Infrastrukturen...
- Problemer mat Integratioun, Identitéit & Kultur
- trotzdem hu mer en Defizit am Staatsbudget
 
__________
ERKLÄRUNG:
Tëscht 1981 an 2018 ass d'Populatioun hei am Land ëm 65% an d'Luucht gaangen, vu knapps 365'000 op elo iwwer 602'000.
Den Ament wiist d'Bevëlkerung ëm bal 15.000 Leit pro Joer. Dat sinn 2,5 %, wat per Definitioun eng Bevëlkerungsexplosioun ass!
Tëscht 2013 an 2017, gouf et am Duerchschnëtt pro Joer 22.900 Immigranten an 12.390 Emigranten.
D'Zuel vun den Auslänner huet zënter 1961 eng Steigerung kannt vun 594.5%.
Wann et esou weider geet, wunnen am Joer 2030 bal 800.000 Awunner hei am Land. 2,5 % Wuesstem bedeiten, datt am Joer 2039, hei am Land 1 Millioun Leit wunnen, an am Joer 2050 dann 1.320.000 Leit.
 
Den onkontrolléierte Wuesstem bréngt riseg Problmer mat sech:
 
-Wunnengspräisser: D'Wunnenge ginn ëmmer méi deier! Pro Joer klëmmt de Präis ëm 5%, an dat obwuel ganz vill gebaut gëtt. Meeschtens souguer méi kleng an manner schéi wéi fréier! Mir kréie gesot, et wier keng Plaz méi do. Mee wa keng Plaz do ass, firwat kommen dann esou vill Leit heihi wunnen?
Bal 50.000 Lëtzebuerger wunnen hautesdags am Ausland. Iwwer 2.000 Lëtzebuerger verloossen all Joer d'Land an wanderen aus! Mat onkontrolléiertem Wuesstem wäerten d'Präisser, egal wéi, weider klammen.
 
-De Verkéierskollaps: Parallel zum Bevëlkerungswuesstem, ass d'Zuel vu motoriséierte Gefierer eropgaangen: vun 204.818 am Joer 1990 op 496.326 am Joer 2019. Pro Joer ginn et hei am Land 10.000 Autoe méi!
Dozou kommen nach d'Autoe vun de Frontalieren:
D'Zuel vu Frontalieren huet zougeholl vu 50.000 am Joer 1995 op 200.000 am Joer 2019.
Eleng tëscht 2015 an 2018 gouf et eng Zounahm vun 22.000 Frontalieren an 3 Joer!
D'Verkéierssituatioun wäert sech weider dramatesch verschlechteren. Weder den ëffentlechen Transport nach de Stroossebau kommen dem onkontrolléierte Wuesstem hannendrun.
Dobäi kënnt nach datt grad déi ländlech Gemenge vill méi séier wuessen.
 
-D'Zoubetonnéierung vun der Natur:
Vun 1990 an 2015 ass méi Terrain verbaut ginn, wéi an de ganzen 2000 Joer virdrun!
Am Joer 1990 waren 4,3% vun eisem Territoire verbaut. Am Joer 2015 sinn et 10% !!
Zu Lëtzebuerg ginn also pro Dag bal 2 Hektar Natur zerstéiert a verbaut!
80% vun de Fiichtgebitter sinn zerstéiert. Just nach 2% vun eisen Baachen hunn anstännegt Waasser!
D'Landwirtschaft verléiert ëmmer méi Terrainen, well se verbaut ginn oder wéinst Kompenséierungsmossnamen.
 
-Den Defizit am Staatsbudget: Trotz Wuesstem hu mer all Joer en Defizit an de Staat mécht all Joer Scholden. D'Staatsscholde si vun 2 Milliarden am Joer 2000 op 14 Milliarden am Joer 2018 eropgaangen.
 
----------
-
DOFIR: Iwwer 1 Millioun Awunner am Joer 2045?
Da musse mir wuel alles verduebelen:
Wunnengen, Schoulen, Geschäfter, Akafszenteren, Kliniken, Waasserversuergung, Offall, Sportshalen, Fussballsterrainen, Stroossen, Schinnen, Kläranlagen, asw? Léierpersonal, Polizisten....?
Wéi steet et dann nach ëm déi sozial Cohesioun?
Ass net awer heiansdo manner méi? Manner Wuesstem, méi Liewensqualitéit?
 
Dofir: Bremsen vun Bevëlkerungsexplosioun an Massenimmigratioun, eist Land packt dat net!
Zënter dem Referendum 2015 setze mir eis fir d'Lëtzebuerger Sprooch an (a fir d'Méisproochegkeet) a fir e méi luesen a verstännege Wuesstem.-
http://wee2050.lu/
 
---------------------------------------------------------------------
Quellen:
https://statistiques.public.lu/fr/actualites/population/population/2018/04/20180419/20180419.pdf
 
https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/analyses/2019/PDF-Analyses-01-2019.pdf
 
http://observatoire.liser.lu/pdfs/Logement_chiffres_2017T2.pdf
 
https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=13499&IF_Language=fra&MainTheme=4&FldrName=7&RFPath=7049%2c13898
 
https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=12919&IF_Language=fra&MainTheme=2&FldrName=3&RFPath=92
 
http://www.tageblatt.lu/headlines/luchs-und-netz-sind-in-luxemburg-ausgestorben
 
https://www.journal.lu/article/plan-wird-in-die-tat-umgesetzt/
 
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/die-agrarzonen-endlich-schutzen-25120016/

Déi politesch Mëtt ass kloer géint de 700.000-Awunnerstaat.

de ganzen Pressecommuniqué als PDF:

5.1.2018 Nee zum 700.000-Awunnerstaat

10 konkret Aktiounspunkten fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

D’Petitioun No 698 fir d’Lëtzebuerger Sprooch vum Lucien Welter huet 14.702 Stemmen krut, a weist datt d’Lëtzebuerger wëllen datt hir Sprooch am Alldag méi héichgehale gëtt. Eng Géigepetitioun déi bal 10.000 Stëmme manner krut, klammert sech um Status Quo, deen awer alles anescht wéi eng fair a gerecht Méisproochegkeet ass. Am Géigendeel, am Alldag ass villes net op Lëtzebuergesch oder Däitsch, mä exklusiv op Franséisch. Dat weist eng intern Etude vun eis kloer. (am Annexe)

Mir proposéieren hei 10 konkret Aktiounspunkten, déi einfach ëmsetzbar sinn: Fir eng richteg Méisproochegkeet am Alldag wou d'Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an als administrativ Sprooch och zur Geltung kënnt a wou Däitsch a Franséisch sech am Equiliber halen, an dat mat guddem lëtzebuerger Pragmatismus.

Zil vun den Aktiounspunkten ass d’Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag nees ze erhéijen, och fir deene Leit ze hëllefen, déi Lëtzebuergesch léieren an hinnen ze weisen, datt eis Sprooch wichteg ass. Dat war jo och d’Uleies vum Vusal Gafarov senger Petitioun no. 602.

Am Sënn vum gudde lëtzebuergesche Pragmatismus limitéieren sech d’Aktiounspunkten op lëtzebuergesch Nimm a kuerz Sätz woubäi laang Texter op Däitsch a Franséisch kënne sinn.

Kommt mir maache mol einfach pragmatesch Schrëtt, déi séier a bëlleg ëmzesetze sinn, déi eng ganz kloer Opwäertung vun eiser Sprooch bedeiten an déi awer kengem wéi dinn!

10 konkret Aktiounspunkten fir d’Lëtzebuerger Sprooch

  1. D'Uertschaftsschëlter sinn op Lëtzebuergesch, déi däitsch a franséisch Bezeechnung steet a méi klenger Schrëft drënner.
  2. D'Nimm vun den Zuch-, Bus- an Tramsstatioune sinn op Lëtzebuergesch.
  3. Jiddereen deen iwwer d‘Strooss, d‘Schinn (Gare), de Fliger (Fluchhafen) an d'Land erakënnt, gëtt vun engem Schëld op Lëtzebuergesch begréisst. Méi kleng drënner kann d’Begréissung och op Däitsch, Franséisch oder Englesch stoen.
  4. All Schëlter déi op d’Infrastrukture vum Staat oder enger vun enger Gemeng hiweisen (Schwämm, Schoul, Kierfecht, Spidol, asw.) sinn op Lëtzebuergesch. E Piktogramm soll garantéieren datt jiddereen d'Schëld versteet.
  5. All Websäite vu Gemengen an Administratioune begréissen d'Leit op Lëtzebuergesch. D’Websäite sinn op mannst an 2 vun eisen 3 administrative Sproochen disponibel, sou datt eng Persoun déi keen Däitsch oder Franséisch kann hei am Land net diskriminéiert gëtt.
  6. All Standardbréiwer a Formulaire vun de Gemengen an Administratioune sinn op mannst op 2 vun eisen 3 administrative Sprooche geschriwwen, sou datt eng Persoun déi keen Däitsch oder Franséisch kann hei am Land net diskriminéiert gëtt.
  7. All Brochuren a Campagnen vun Administratiounen a Gemengen däerfen net an enger eenzeger Sprooch geschriwwe sinn, et sief déi Sprooch wär Lëtzebuergesch.
  8. All Gemengen an Administratioune begréissen de Bierger um Telefon op Lëtzebuergesch a fuere wann néideg an enger anerer Sprooch weider.
  9. Den Term "dans la mesure du possible" am Art. 4 vum Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 gëtt méi restriktiv ausgeluecht wéi bis elo. Am Fall, wou eng Iwwersetzung net méiglech sollt sinn, ass d'Administratioun verflicht de Bierger iwwert déi genee Grënn opzeklären.
  10. De Bierger kann sech un e Gremium wenden, deen d’Implementatioun vun dësen Aktiounspunkten iwwerwaacht.

An der Stad gi 45% vun de Schüler net méi an déi normal ëffentlech Schoul

Artikel vum Fred Keup vum 14.10.2017 am Wort

Den 80%-Nee zum Auslännerwahlrecht hunn wuel verschiddener nach ëmmer net acceptéiert...

Doriwwer an allgemeng iwwer d'Problematik vun de Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen geet an dësem Artikel vum Fred Keup am Luxemburger Wort vum 14.10.2017

den Artikel an Bild-Format:

Artikel Wort Verfassung.png (1.4 MiB)

oder hei als Text:

Über die Auslandsluxemburger und die neue Verfassung

Im Juni 2015 stimmten die Luxemburger mit fast 80 % gegen das Ausländerwahlrecht und somit für das exklusive Wahlrecht für Luxemburger Staatsangehörige. Fazit: Das Wahlrecht wird also weiterhin auf Grund der Nationalität vergeben, der Wohnort bleibt unwesentlich.

So werden dann im folgenden Jahr bei den Parlamentswahlen potenziell etwa 350.000 Luxemburger „ihr“ Parlament wählen, sofern sie am 20. Oktober volljährig sind und ihre Zivilrechte nicht aberkannt wurden. In Luxemburg lebten am 1. Januar 2017, 309.200 Einwohner mit Luxemburger Staatsbürgerschaft. Diese müssen bis zum Alter von 75 Jahren wählen: die Wahl-PFLICHT. Ferner leben etwa zwischen 40.000 und 50.000 Luxemburger im Ausland. Das sind über 10% aller Luxemburger! Für sie besteht das Wahl-RECHT, sie dürfen per Briefwahl ihre Stimmen abgeben.

Die Zahlen steigen übrigens ständig an, denn Luxemburg ist heute nicht mehr nur ein Land mit sehr vielen Einwanderern, sondern auch wieder ein Auswanderungsland. So leben, offiziell angemeldet, beispielsweise rund 19.000 Luxemburger in Deutschland, 1.500 in der Schweiz und 1.000 in Österreich. Im Übrigen sind unter den über 40.000 Auslandsluxemburgern bis zu 12.000 Personen, die die Luxemburger Staatsbürgerschaft durch Wiedereinbürgerung erhalten haben (mit einem direkten Vorfahren, der zum 1. Januar 1900 Luxemburger war), demnach möglicherweise auch nie in Luxemburg gelebt haben.

Für sie alle gestaltet sich die Teilnahme an den Wahlen kompliziert: Sie müssen den Bürgermeister- und Schöffenrat der Gemeinde des letzten Wohnsitzes per Brief um ihre Wahlbenachrichtigung bitten. Falls sie nie in einer Wählerliste eingeschrieben waren, zählt die Geburtsgemeinde, ansonsten die Stadt Luxemburg. Beifügen müssen sie eine Kopie eines gültigen Reisepasses. Falls die Entfernung nicht zu groß ist und der Wahlzettel rechtzeitig ankommt können die Auslandsluxemburger nach diesem beschwerlichen Weg ihre Stimmen für die Kammerwahlen abgeben.

Man kann aufgrund dieser Schwierigkeiten und der immer höheren Zahl von Betroffenen übrigens gespannt sein, ob die Regierung und die Parteien für die kommenden Parlamentswahlen, entsprechend dem Argument eines Demokratiedefizits, ähnliche Kampagnen starten werden um diese Luxemburger zum Wählen zu motivieren, wie es jetzt bei den Gemeindewahlen für die hier ansässige ausländische Bevölkerung geschehen ist.

Bis jetzt jedenfalls, scheinen Politik und Medien wenig Interesse am Los der Auslandsluxemburger zu haben. Nicht so in anderen Ländern: Die französische Verfassung sieht beispielsweise eine Vertretung der Auslandsfranzosen in Parlament und Senat vor, ähnlich ist die Situation in Portugal. Für Luxemburg würde dies einen weiteren, fünften, Wahlbezirk bedeuten, der über 10% der Luxemburger repräsentieren würde und demnach 6 Abgeordnete stellen könnte.

Auch in der Verfassung wird den Auslandsluxemburgern nicht bedacht bzw. werden sie sogar ausgeschlossen denn so steht in Artikel 50 der aktuellen Verfassung: „La Chambre des Députés représente le pays.“ Dieser Artikel findet seinen Ursprung in der Verfassung von 1848, die sich damals an der belgischen anlehnte, in der man aber anders als die Belgier in besagtem Artikel nicht "Nation" sondern das allgemeinere Wort "Land" benutzte um den damaligen König-Großherzog (König der Niederlande) nicht zu brüskieren.

Im neuen Verfassungsentwurfs wurde dann, in einer ersten Phase, der alte Artikel durch einen neuen ersetzt und zwar: "La Chambre des Députés représente la Nation.", dies übrigens auf Vorschlag des Staatsrats. Umso mehr überrascht es, dass die „Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle“ auf Vorschlag ihres Vorsitzenden, Alex Bodry, in seiner Sitzung vom 9. November 2016 beschlossen hat, Artikel 64 der neuen Verfassung provisorisch wieder in die alte Version („représente le pays“) umzuändern.

Darüber hinaus, dass „le pays“ kein verfassungsrechtlicher Begriff ist, sondern eher ein geographischer (laut Larousse : "territoire d'une nation et délimité par des frontières constituant une entité géographique" wobei der Schwerpunkt auf den Grenzen des Landes liegt, die es ja seit dem Schengener Abkommen so nicht mehr gibt) und anachronistisch wirkt (den König-Großherzog gibt es nämlich seit 1890 nicht mehr) scheint sich hier auch eine gewisse despektierliche Haltung gegenüber dem Referendumsresultat von 2015 eingeschlichen zu haben. Das Parlament wird nämlich tatsächlich nach wie vor von der „Nation“, also den Staatsangehörigen, gewählt werden und nicht vom „Land“.

Womit wir dann wieder bei den Auslandsluxemburgern wären: Sie zählen nämlich nicht zum Land, wohl aber zur Nation und die aktuelle provisorische Version der Verfassung würde sie ganz einfach ausschließen und dies, obwohl sie über das Wahlrecht verfügen. Demnach ergibt sich ein doppelter Widerspruch indem der provisorische Verfassungsentwurf einerseits nicht dem Volkswillen von 2015 entspricht und andererseits den Auslandsluxemburgern zwar das Wahlrecht gibt, ihnen aber die Repräsentativität ihrer gewählten Vertreter nicht anerkennt. Wer repräsentiert denn nun die Nation, wenn es nicht die Chamber tut?

Die Politik wäre hiermit dazu aufgerufen, das Nein zum Ausländerwahlrecht in der neuen Verfassung zu respektieren und sich des Themas Auslandsluxemburger anzunehmen.

Fred Keup, Mamer
Initiativ Wee2050 / Nee2015

14.10.2017

Wat hunn d'Parteien am Gemengwahlkampf an hierem nationalen Wahlprogramm iwwer eis Sprooch an iwwer d'Méisproochegkeet stoen?

Aus dem nationale Wahlprogramm vun de verschiddene Parteien fir d’Gemengewahlen 2017, All d’Punkten déi sech mat eiser Sprooch a mat der Méisproochegkeet beschäftegen:
________________________________________________
GRÉNG
http://www.greng.lu//sites/greng/files/files/Wahlprogramm-D-DEF.pdf
Die Gemeinde informiert umfassend, in mehreren Sprachen und leicht verständlich, über die angebotenen Leistungen und die wichtigen Anlaufstellen, auch in der Region und auf nationaler Ebene.
barrierefreie Internetseiten, mit zugänglich aufbereiteten Dokumenten und Formularen, Informationen in einfach verständlicher Sprache, gut lesbaren Informationstafeln in mehreren Sprachen,
Ein besonderes Augenmerk gilt den alleinstehenden, ausländischen Senioren und Seniorinnen, welche die hiesigen Sprachen nicht (gut) beherrschen
Die Gemeinde informiert in einem ‚Guide Senior‘ in mehreren Sprachen über das Angebot an Dienstleistungen, Kultur- , Sport - und Freizeitaktivitäten
Wir werden die Informationen der Gemeinde in mehreren Sprachen veröffentlichen und Simultanübersetzungen der öffentlichen Veranstaltungen anbieten.
Bei den Publikationen und den Informationsversammlungen wird die sprachliche Situation der lokalen Bevölkerung berücksichtigt und die kommunalen Mitteilungen werden in mehreren Sprachen veröffentlicht
______________________________________________
LSAP

https://www.lsap.lu/fr/elections-communales/les-candidats/

NÄISCHT………………
_____________________________________________
CSV
https://wahlen2017.csv.lu/files/2017/09/CSV-national_Rahmenprogramm-a-kongressresolutioun.pdf

- Werden die Bürger regelmäßig über die Arbeit des Rates informiert? Werden diese Informationen in den drei Sprachen des Landes veröffentlicht?
- Besteht in unserer Gemeinde eine Internetseite, um unsere Mitbürger mehrsprachig über das eben in unseren Ortschaften zu unterrichten?
Die CSV unterstützt alle Integrationsbemühungen wie Sprachkurse (insbesondere auch luxemburgische Sprachkurse). Das besondere Augenmerk gilt der schulischen Integration der Kinder.
- Werden Sprachkurse und insbesondere luxemburgische Sprachkurse angeboten?
________________________________________

DP:
http://www.dp.lu/#/eise-programm/lu
Verständlich kommunizieren. Wir werden uns dafür einsetzen, dass die Kommunikation zwischen den Gemeinden und Bürgern einfacher und verständlicher wird. Wir wollen, wenn möglich, auf die komplizierte Beamtensprache verzichten. Außerdem sollen die Gemeinden bei jeder Kommunikation mit den Bürgern immer auf mindestens zwei der offiziellen Amtssprachen zurückgreifen. Wenn es sprachlich umsetzbar ist, wollen wir auch vermehrt die luxemburgische Sprache in die Kommunikation einbauen.
Luxemburgisch als Integrationssprache stärken. Die luxemburgische Sprache ist für die DP ein wichtiges Element für die Integration von ausländischen Mitbürgern. Deshalb wollen wir das kommunale und regionale Angebot an Luxemburgisch-Kursen weiter ausbauen indem wir für ein größeres Angebot an Sprachkursleitern sorgen werden.
_____________________________________________
KPL
http://www.kp-l.org/
NÄISCHT..
_____________________________________________
Piraten
https://piraten.lu/gemengewahlen-2017/

Luxemburgisch stärken und Mehrsprachigkeit fördern!
Aktiv an der Gemeindepolitik kann ich mich nur beteiligen, wenn ich sie auch verstehe. Die luxemburgische Sprache muss als Mittel zur politischen Diskussion gestärkt werden. Jede größere Gemeinde muss kostenfreie Luxemburgisch Kurse anbieten um damit nicht-luxemburgisch sprechenden Mitbürger die Gelegenheit zu geben am politischen Diskurs teilzunehmen. Des Weiteren muss die Mehrsprachigkeit gefördert werden und offizielle Dokumente der Gemeinde mindestens in allen drei offiziellen Sprachen veröffentlicht werden. Größere Gemeinden sollen die wichtigsten Dokumente auch in Portugiesisch und Englisch veröffentlichen. Die demokratische Beteiligung in den Gemeinden kann nur gewährleistet werden, wenn Luxemburgisch als Sprache der politischen Diskussion gestärkt, und die Mehrsprachigkeit als Integrationsfaktor gefördert wird!
Freie Verfügbarkeit offizieller Dokumente, auch für Seh- und Hörgeschädigte!
Jede offizielle Veröffentlichung der Gemeinde muss frei verfügbar sein, sowohl in papier- wie auch in digitaler Form. Die wichtigsten Mitteilungen müssen dabei in mindestens allen offiziellen Sprachen, sowie für Seh- und Hörgeschädigte zugänglich sein. Nur durch die freie Verfügbarkeit aller offiziellen Dokumente, in allen offiziellen Sprachen und in Blindenschrift wie auch in Audioformat erlaubt die politische und soziale Beteiligung aller Bürger.
______________________________________________
ADR
https://adr.lu/wp-content/uploads/2017/08/Alternativ_2017_d.pdf

Immer neue Leute entscheiden sich dafür, nach Luxemburg zu ziehen und damit auch in Ihre Gemeinde. In diesem Sinne gehört eine erfolgreiche Integration und soziale Kohäsion zu den wichtigsten Grundpfeilern des gesellschaftlichen Zusammenlebens. Die ADR ist sich sicher: Für eine gelingende Integration ist das Erlernen der luxemburgischen Sprache unabdinglich.
Die luxemburgische Sprache als wichtigstes Mittel zur Integration Die ADR ist die einzige Partei, welche sich konsequent und überall für die luxemburgische Sprache einsetzt. Es ist unsere feste Überzeugung, dass die luxemburgische Sprache das beste Mittel zur Integration darstellt.
Für all die vielen Leute, die nicht in Luxemburg wohnen, ist die Gemeinde die erste Anlaufstelle, wo sie mit einer Behörde in Kontakt kommen. In diesem Sinne würden wir hier schon starkes Zeichen setzen, welches klar vermittelt: Luxemburgisch ist die Sprache von diesem Land!
Das Haus, in welchem sich die Gemeinde befindet würden wir schlicht „Gemeng“ oder „Stadhaus“ nennen, anstelle von „Mairie“ oder „Hotel de ville“. Des Weiteren soll auch in Formularen und Informationsbrochüren prioritär die luxemburgische Sprache verwendet werden.
Mit der ADR im Gemeinderat werden die Leute bereits bei der Anmeldung auf der Gemeinde auf die Wichtigkeit der luxemburgischen Sprache als Integrationsmittel hingewiesen. Bei der Anmeldung würde den Leuten auch gleich eine Broschüre ausgeteilt, wie z.B. „100 Wörter auf luxemburgisch“.
Des Weiteren würden die Leute über die Möglichkeiten informiert, wo sie in der Gemeinde eine Anlaufstelle finden , um die luxemburgische Sprache zu erlernen.
Namen von Ortschaften, Straßen, Gebäuden...
Die ADR wird systematisch durchsetzen, dass auf allen Ortstafeln zuerst die luxemburgische Bezeichnung für die Ortschaft–und dies in Fettdruck zu finden sein wird.
Der französische Name steht dann unter der luxemburgischen Bezeichnung. Das Kadasteramt sowie auch die Straßenkarten und Navigationssysteme würden sich dieser Entwicklung anpassen.
Überall dort, wo luxemburgische Straßen -und Flurnamen existieren, werden ausschließlich diese benutzt werden. Französische Bezeichnungen auf Gemeindegebäuden werden durch luxemburgische Namen ersetzt.
Gemeindepublikationen
Alle Gemeindepublikationen –Broschüren, Aufrufe, Einladungen, Informationen, die Internetseite usw. – werden größtenteils auf luxemburgisch verfasst. Des Weiteren können sie auch durch unsere administrativen Sprachen oder weitere Sprachen ergänzt werden.
Luxemburgisch-Kurse
Die ADR wird dafür sorgen, dass die Gemeinde gratis Luxemburgisch-Kurse auf verschiedenen Niveaus anbietet für all jene Leute, welche die Sprache, die Orthographie und die Geschichte des Landes kennenlernen wollen. Ausländische Mitbürger werden über dieses Angebot informiert werden. Die zeitliche Gestaltung dieser Kurse soll flexibel undmden beruflichen Bedürfnissen der Teilnehmer angepasst sein. Die Gemeinde unterstützt diese Kurse für Personal, welches in Betrieben arbeitet, welche in der Gemeinde angesiedelt sind und welches mit den Bürgern der Gemeinde in Kontakt kommt.
Das Gemeindepersonal redet luxemburgisch
Personal, welches von der Gemeinde eingestellt wurde und wird, muss Luxemburgisch reden. Gemeindepersonal, welches in der Verwaltung der Gemeinde arbeitet, muss die luxemburgische Sprache auf C1 - Niveau beherrschen, mündlich wie schriftlich. Auch für das Personal, das in Betreuungsstrukturen, Alters- und Pflegeheimen, welche von der Gemeinde finanziell unterstützt werden, arbeitet, ist das Beherrschen der luxemburgischen Sprache obligatorisch.
Luxemburger Tag der Integration
Die ADR würde neben dem Nationalfeiertag und dem internationalen Kulturprogramm auch jedes Jahr einen „Luxemburgischen Tag der Integration“ organisieren. Wir würden diesen Tag nutzen, um den Bürgern ein geselliges Aktivitätsprogramm anzubieten, welches einen besonderen Akzent darauf setzt, den Wert der luxemburgischen Sprache und Kultur hervorzuheben und zu vermitteln. Die betreffenden Organisationen müssen Wert drauf legen, dass auch ausländische Mitbürger an diesem Programm teilnehmen dürfen.
Einbürgerungszeremonie
Ausländer, welche die luxemburgische Nationalität erhalten haben, sollen im Rahmen einer Einbürgerungszeremonie herzlich von der Gemeinde begrüßt werden. Hier bietet sich die Möglichkeit, auf die Bedürfnisse der „neuen“ Luxemburger einzugehen, sowohl was die Vertiefung der luxemburgischen Sprache angeht wie auch die Integration in die Gemeinde.

Wir werden kulturelle Veranstaltungen wie etwa Konzerte und Theateraufführungen organisieren und unterstützen. Bei all diesen Veranstaltungen werden wir besonderen Wert auf die luxemburgische Kultur legen (siehe Kapitel: Die luxemburgische Sprache als wichtigstes Mittel zur Integration).
Um die Integration zu erleichtern, wird die ADR verstärkt Wert darauf legen, die luxemburgische Kultur zu pflegen und an ausländische Mitbürger zu vermitteln, anstatt sich weiterhin darauf zu beschränken, Multi -Kulti-Feste zu organisieren, die eher ein Nebeneinander als ein Miteinander fördern.
In diesem Sinne unterstützt die ADR auch Nachbarschaftsfeste, die unter anderem der Integration dienlich sind.

_____________________________________________
DÉI LÉNK
http://gemengen.dei-lenk.lu/

Ein „Pacte d Integration“ soll die Einbindung von Ausländern an den verschiedenen politischen Entscheidungs- und Beratungsgremien garantieren. Dazu gehört die Repräsentation der örtlichen Sprachenvielfalt bei Publikationen genauso wie die Förderung von Festen und Vereinen bzgl. interkultureller Arbeit.

__________________________________
__________________________________

Hei d'Ziler vum Wee2050, déi dozou passen:

2. D'Lëtzebuerger Sprooch muss nees vill méi präsent sinn am Alldag.

2.1. D'Lëtzebuerger Sprooch muss prioritär präsent sinn op den Internetsäite vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneauen.

2.4. Datt een hei am Land liewen a schaffe kann mat Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen (All Formulairen vun den Administratiounen sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch). Sou kéinten d'Auslänner sech éischter op déi lëtzebuerger Sprooch konzentréieren.

2.5. D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.

All eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Lëtzebuergesch ass als Integratiounssprooch wichteg an ass d'Sprooch vun eisem Land.
Mir fuerderen e gesetzlech festgeluechte Moossnamekatalog fir (a) den auslännesche Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren: Informatiounscampagnen, méi Sproochecoursen, eng méi héich Präsenz am Alldag, zum Beispill op Internetsäiten, Stroosseschëlter a Panneauen. Wéi soll een d’Sprooch léiere wann een net a Kontakt mat hir kënnt?

Och d'Auslänner géife sech wënschen datt méi op Lëtzebuergesch wier an datt eis Sproch e méi héije Stellewäert hätt.
Sou zum Beispill de Vusal Gafaorw:
http://www.journal.lu/article/luxemburgisch-sollte-im-alltag-praesenter-sein/

Dëse Leitartikel vum 27.9.2017 trëfft den Nol op de Kapp! Bravo Wort!!

Wort 31.12.2017 Seite 12.png (1.3 MiB)

aus dem Luxemburger Wort vum 6.9.2017

D'Äntwert vum Gesondheetsministère op d'Petitioun fir méi Lëtzebuergesch am Gesondheetswiesen ass SKANDALÉIS!

Pressecommunique-Wee2050-21.8.2017 Aentwert vum Gesondheetsministere.pdf (468.6 KiB)

Lieserbréif vum Fred Keup, am Wort vun e Samschden, 24. Juni 2017. Als Reaktioun op dem Alex Bodry säin Interview vum 11. Juni 2017.

Leserbrief Bodry.png (270.3 KiB)

Auslänner setzen sech an fir méi Lëtzebuergesch am ëffentleche Raum.

Lieserbreif Iraker.png (126.3 KiB)

Sproochen am Spidolswiesen/CHL. Pressecommuniqué

Pressecommunique-Wee2050-2.6.2017-Sproochen-CHL.pdf (207.6 KiB)

Pressecommuniqué 30.5.2017 De Claude Meisch an d’DP si politesch isoléiert. Si lauschteren net op d’Léierpersonal, net op d'Wëssenschaft an net op de gesonde Mënscheverstand.

Pressecommunique-Wee2050-30.5.2017-Projet C.Meisch.pdf (291.8 KiB)

Pressecommuniqué-Wee2050-26.4.2017-Lag vun der Natioun

Bild PR Ried 2017.png (104.9 KiB)

Pressecommuniqué 7.4.2017 Minister Meisch - Franséisch

Pressecommunique-Wee2050-nee2015- 6.4 LettreMeisch.pdf (427.0 KiB)

Bréif vun der UDI un den Minister Meisch

UDI-lettre-ministre-education-jan2014.pdf (256.1 KiB)

10 konkret Aktiounspunkten fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-11.1.2017 Aktiounspunkten.pdf (289.6 KiB)

En gudden Artikel vum Prof. Dr. Claude Muller zu der Frankophoniséierung vu Lëtzebuerg.

Wort 31.12.2016 Seite 12.pdf (70.7 KiB)

Lieserbréif Wort

Ganz gudden Lieserbréif am Wort.

All Respekt fir den Auteur.

Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!

Mir wëllen drop opmierksam maachen, dass d’TNS-Ilres, eiser Meenung no, e wichtegen Aspekt vum Nationalitéitegesetz falsch duergestallt huet.

TNS-Ilress freet d’Leit an hirem Sondage em hir Meenung zum „Niveau du test de langue inchangé“ an 50% vun de Lëtzebuerger fannen et gutt, dass den Niveau am neien Gesetz net verännert gëtt.

Mee Fakt ass, dass de Niveau vum Sproochentest erof geet :
Huet ee bis elo de Niveau A2 am Schwätzen an de Niveau B1 am Héiere-Verstoen gebraucht, sou geet am neie Gesetz de Niveau A2 am Schwätzen oder de Niveau B1 am Héiere-Verstoen duer.

Dat ass eng geféierlech Entwécklung well esou Ëmfroen d’Meenungsbildung vun de Lëtzebuerger entscheedend beaflossen.

Wann d‘TNS-Ilres seng Objektivitéit an Seriositéit weise wëll, da soll TNS-Ilress eiser Meenung no:

1) Stellung huelen an soen op se wierklech der Meenung ass, dass de gefroten Sproocheniveau net verännert gëtt.

2) Des Ëmfro op hir Käschten widderhuelen.

Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-30.5-TNS-Ilres.pdf (117.1 KiB)

Zur Ried zur Lag vun der Natioun: Keng Visioun fir d'Zukunft vu Lëtzebuerg!

Mir vermëssen an der Ried eng kloer Zukunftsvisioun fir eist Land!

Bei de Kanner muss déi Lëtzebuerger Sprooch Prioritéit sinn!

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-14.4 .pdf (162.4 KiB)

Lieserbréif am Wort

Leserbrief Million 2.JPG (1.1 MiB)

Den 1-Millioun-Awunnerstaat ? Heiansdo ass manner méi!

Den 1-Millioun-Awunnerstaat ?
Heiansdo ass manner méi!
 
Lëtzebuerg wiisst a wiisst a wiisst: Pro Joer ëm duerchschnëttlech 13.ooo Awunner, wat en Wuesstem ausmécht vun 2,3% pro Joer. Fir de Verglach: Schweden läit an der EU op zweeter Plaz mat nëmmen 1%. Eng einfach Héichrechnung ergëtt dann eng Steigerung vun haut 563.000 Awunner op am Joer 2050 1.247.830 Awunner. D’Etude "Europop 2013" gesäit allerdings fir 2060 „nëmmen“ 1,1 Milliounen Awunner fir.
 
 De Nohaltegkeetsminister François Bausch, wëll „net doriwwer spekuléieren“, seet awer, dass 700.000 oder 800.000 Awunner realistesch wieren, ouni awer ze preziséieren wéini dat dann sollt sinn. Weider seet de Minister, dass mir fir eis Economie an eisen héije Liewensstandard den héije Wuesstem bräichten. Woubäi gewosst ass, dass en héije Wuesstem och erëm en héije Wuesstem an Zukunft viraussetzt, dass mir also an enger Spiral no uewen gefaangen sinn an iergendwann eis Kanner a Kandskanner d’Konsequenzen ze spieren kréien wann se d’Rad mussen ëmräissen.
 
 Och direkt bréngt den extrem staarke Wuesstem, baséierend op en staarkt Zouhuelen vun der Immigratioun an de Grenzgänger, ganz vill Problemer mat sech an huet Konsequenzen op eis Liewensqualitéit (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung). Jidderee mierkt haut schonn wat et bedeit all Joer 10.000 Autoen méi op der Strooss ze hunn.
 
 En héije Wuesstem féiert weider dozou, dass nei Infrastrukturen musse gebaut ginn. Wéi vill kaschte schlussendlech all déi nei Autobunnen, Eisebunnslinnen, Schoulen,  Sportshalen, Dreckstippen, Spideeler asw? Wéi soll d’Waasserversuergung fir 1 Millioun Awunner garantéiert ginn? Wéi vill Beamten, Polizisten, Pompjeeën a Léierpersonal wäerten am Joer 2050 gebraucht ginn, bei 1 Millioun Awunner?
 
 Ganz aner Froen stellen sech dann a Punkto Zesummeliewen vun de Leit hei am Land. Wou sollen déi 500.000 nei Awunner iwwerhaapt hier kommen? Wéi soll d’Integratioun vun hinnen fonctionnéieren?
 
 An de leschten honnert Joer hunn sech d’Awanderer an engem laange Prozess schlussendlech gutt zu Lëtzebuerg integréiert. Während et fir déi 1. Generatioun ëmmer schwéier war, hunn sech besonnesch d’Kanner, dank der lëtzebuerger Schoul, gutt integréiert an hunn nieft Lëtzebuergesch och Däitsch a Franséisch geléiert. Vill vun hinnen huelen och déi lëtzebuerger Nationalitéit un.
 
 Haut ass dat méi schwiereg well et gëtt ëmmer méi Kanner déi net an de lëtzebuerger Schoulsystem ginn an ausserdeem ass d’Zuel vun Immigranten an de leschte Joer immens staark geklommen.
 
 An deem Sënn misst d’Schoul onbedéngt hir duebel Roll bäibehalen, déi éischtens doran besteet, de Kanner déi beschtméiglech Startchancë fir d’Liewen ze ginn an, zweetens, dass si och déi Plaz ass an bleift wou d’Basis fir d’sozial Kohäsioun (!) geluecht gëtt. Grad an engem Land mat esouvill Auslänner a mat esou engem staarke Wuesstem, ass d’Zesummeliewen léieren dat wichtegst. An fir zesumme kënnen ze liewen, muss een eng gemeinsam Sprooch hunn.
Während de Précoce geschaaft ginn ass, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren an sou besser virbereed an d'Primärschoul ginn an op deem Wee eng besser Integratioun an e bessert Mateneen soll erreecht ginn, ginn et haut Pläng fir am Précoce och schonn franséisch anzeféieren.
 
 E Franséisch-Unterrecht am Précoce, mam wahrscheinlechen Ziel fir d’Alphabetiséierung op Franséisch anzeféieren, géif engersäits dozou féieren dass d'Roll vum Lëtzebuergeschen ofhëlt, an anerersäits wier et fir dat sozialt Zesummeliewe falsch, well et zu Parallelgesellschaften géif féieren, wou déi vill Awunner dann niefteneen anstatt mateneen géifen liewen. Et kann een also bei sou Iddien staark drun zweiwelen op et och am Milliounestaat vun 2050 déi sou wichteg Solidaritéit zwëscht den Awunner nach däerft ginn.
 
 Dofir sollte mir eis staark maachen fir d’Integratioun an dat sozialt Zesummeliewen an der Gesellschaft ze erhalen. An hei spillt eis Sprooch eng ganz wichteg Roll. Dofir sollt alles gemaach ginn fir den auslännesche Matbierger et besser ze erméiglechen an si och ze motivéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dat kann awer just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch eng méi héich Visibilitéit kritt duerch eng Präsenz am Alldag. (Wat natierlech net ausschléisst dass och weiderhin aner Sproochen benotzt ginn.) De lëtzebuergeschen eenheetlechen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn an de Précoce muss do sinn, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren.
 
 Schlussendlech stellt sech d’Fro op mir weider esou ee Wuesstem wëllen oder op et net aner Weeër ginn. Am Hibléck op eis Kanner a Kandskanner sollte mer de staarke Wuesstem an all seng negativ Konsequenzen hannerfroen. Heiansdo ass manner méi!
 
 
Fred Keup, Mamer
Initiativ Wee2050 / nee2015
 
 

Pressecommuniqué, 15.3.2016 Nationalitéitegesetz: Besser wéi virdrun mä de Sprocheniveau geet kloer erof.

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-15.3-Gesetz.pdf (81.1 KiB)

Mir bedaueren, datt de Niveau vum Sproochentest kloer erof geet: Huet ee bis elo de Niveau A2 am Schwätzen an den Niveau B1 am Héiere-Verstoen gebraucht, sou geet am neie Gesetz de Niveau A2 am Schwätzen duer. De Niveau B1 am Héiere-Verstoen dee bedeit, datt een eng Nouvelle um Radio verstoe kann, ass net méi gefrot!

Mir erënneren drun, datt dëst Gesetz net dat ass wat d’Lëtzebuerger wëllen: Beim Politmonitor vum Hierscht hunn sech just 26% fir eng Vereinfachung vum Sproochentest ausgeschwat! Fir eis ass dat et eng ongesond Situatioun, well all déi grouss Parteien bei engem Thema net an der politescher Mëtt sinn!

Mä mir begréissen, dass déi ursprénglech extrem Versioun vum Dësch ass an, datt d’Regierung an de Minister Felix Braz sech méi no an déi politesch Mëtt beweegt hunn an eng méi moderat Positioun hu missen anhuelen.

Mir froen eis firwat de Niveau erofgesat gëtt. D’Nationalitéit soll de Schlussakt vun der Integratioun duerstellen an net eng Zwëschenetapp. Hei fënnt eng Integratioun um Pabeier statt an net an der Realitéit, well weder d’Kompetenzen am Schwätzen nach am Verständnis duerginn. Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?

Mir fannen et gutt, datt Kanner, déi hei gebuer sinn a gelieft hunn, Lëtzebuerger ginn. Mä mir maachen drop opmierksam, datt ëmmer méi Kanner net méi an de lëtzebuerger Schoulsystem ginn a kee Lëtzebuergesch kënnen.

D’Regierung an d’CSV soen kloer datt d’Lëtzebuergesch wichteg ass als Integratiounssprooch. Mä wann si A soen, sollen se och B soen. Mir vermëssen e gesetzlech festgeluechte Moossnamekatalog fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren: Informatiounscampagnen, méi Sproochecoursen, eng méi héich Präsenz am Alldag, zum Beispill op Internetsäiten, Stroosseschëlder a Panneauen. Wéi soll een d’Sprooch léieren wann een net an Kontakt kënnt mat hir?

Mir géifen eis och freeën wann de Civiques-Cours, dee jo wahrscheinlech net op Lëtzebuergesch ass, wéinstens “Zesummeliewen” géif heeschen a net “Vivre ensemble”!

Mir wëllen keng Laissez-faire-Politik, mä mir fuerderen eng konkret Integratiounspolitik ze maachen, grad am Hibléck op den ugekënnegten 1-Millioun-Awunnerstaat am Joer 2050.


d’Initiativ Wee2050 - nee2015
Mail: kontakt@nee2015.lu

"Luxemburgisch sollte im Alltag präsenter sein"



Ënnerschreift d'Petitioun hei: http://chd.lu/wps/portal/public/SignerPetition?action=doPetitionSignature&id=622

Hei ass den Artikel aus dem "Journal" vum 24.2.
http://www.journal.lu/article/luxemburgisch-sollte-im-alltag-praesenter-sein/

"Eine Integration der Kinder geht nur über die luxemburgische Sprache in der Schule."

Pressecommuniqué: Ouni Lëtzebuerger Sprooch keng voll Integratioun

Pressecommunique-nee2015-Wee2050 20.1.2016 Schoul.pdf (135.0 KiB)

Dat neit Nationalitéitegesetz

(Artikel publizéiert am Wort)

Knapp 4 Méint nom Referendum huet de Minister Braz den Avant-Projet vum Nationalitéitegesetz virgestallt. Wéi hien selwer gesot huet am Jeudi vum 23. Juli, geet et him dorëms d’Zuel vun de Wieler ze erhéijen. Dovun ofgesinn, datt en Nationalitéitegesetz net dofir do ass, fir d’Zuel vun de Wieler ze erhéijen, ass dat virgeschloent Gesetz komplizéiert, et sinn vill ze vill Ausnahmen virgesin an et ass kee roude Fuedem dran ze erkennen.

"Wat oder wéi soll dann elo en Lëtzebuerger sinn?" Op déi Fro bitt de Projet vum Här Braz keng Äntwert. Sécher ass awer, datt d’Sprooch vill manner wichteg soll ginn, wéi et bis elo de Fall war. An dat, obwuel sech d’Lëtzebuerger duerch hier Sprooch identifizéieren. Lëtzebuergesch gëtt parteiiwwergräifend als Integratiounssprooch ugesinn an den Députéierten André Bauler huet nach des Lescht hei am Wort geschriwwen: „Well d’Lëtzebuergescht ass nach ëmmer e wesentlecht Stéck vun eiser kultureller Identitéit. Wann et an engem Land keng gemeinsam Sprooch méi gëtt, gëtt et och keng gemeinsam Identitéit, keng gemeinsam Kultur an och keen Zesummengehéiregkeetsgefill. Ouni eis Sprooch géif et wuel kaum eng Lëtzebuerger Natioun ginn.“

Den Historiker Gilbert Trausch huet am Kontext vun der Onofhängegkeet 1839 an vun der doduerch entstanener „unité lingusitique du luxembourg“ iwwert eis Sprooch geschriwwen: « Ce parler deviendra le lien qui unit tous les Luxembourgeois… » «Il est la langue que parlent et comprennent tous les Luxembourgeois… » An dofir hunn d’Lëtzebuerger och am Gesetz vun 1984 d’Lëtzebuergescht als eenzeg Landessprooch (langue nationale) vun eisem Land festgehal. Nieft Lëtzebuergesch hu mer och 2 aner administrativ Sproochen, däitsch a franséisch.

Am Projet vum Minister Braz spillt eis Sprooch awer keng sou eng grouss Roll. Am Resumé liest sech de Projet sou: "Fir Lëtzebuerger ze ginn muss ee kee Lëtzebuergesch méi schwätzen oder verstoen." Dobäi wier et wichteg, grad nom Referendum, datt bei deem neie Gesetz d’Meenung vun de Wieler géif respektéiert ginn. Beim Sondage vun TNS ILRESS vum 10. November waren 70% vun de Wieler géint eng Vereinfachung vum Sproochentest.

Wat elo d’Gesetz konkret betrëfft, sinn mir:
- guer net averstanen domat, datt een ouni Sproochentest kann Lëtzebuerger ginn, no 8 Joer Residenz.
- dofir, datt den „droit du sol“ nëmmen dann zielt, wann och d’Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht ginn ass.
- dofir, datt een och weiderhin, am Fall vun engem Bestietnis, de Sproochentest muss packen.
- net averstanen mat de villen Ausnahmefäll, déi de Minister Braz proposéiert.

Weider verstinn mir net, firwat den gefroten Sproocheniveau am Test soll erofgoen. De Projet gesäit fir, den Niveau am Verstoen vun B1 op A2 erofzesetzen. Am Héierverständnis géif dat bedeiten, datt een eng Nouvelle um Radio net méi verstoen muss (sou d'Directrice vum INL, Karin Pundel um Radio). Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?

Onerkläerlech ass fir eis, firwat d’Regierung, wann se dann d’Zuel vun de Lëtzebuerger mordicus wëll erhéijen, keng weider konkret Moossnamen virgesäit, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren. Am Gesetz misste Moossnamen dran sinn, déi et hinnen erlaben, Lëtzebuergesch besser, méi séier an méi bëlleg ze léieren. An dat kann och just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héije Stellewäert kritt.

Zum Schluss wëlle mer der Regierung an deenen aneren Parteien un d’Häerz leeën de Leit am Land nozelauschteren an de Projet nach eng Kéier ze iwwerdenken. D’Integratioun huet an de leschten Jorzéngten mat vill Erfolleg fonctionnéiert an dat gëllt et weiderhin bäizebehalen. Am Sënn vun engem gudden Zesummeliewen an enger oppener Gesellschaft ouni Friemenhaass an mat enger gelongener Integratioun op Lëtzebuergesch. Mir wëllen mat eisen neie Lëtzebuerger Lëtzebuergesch schwätzen.


Fred Keup, Mamer
Initiativ nee2015-Wee2050

4.11.2015 Pressecommuniqué zu den Diskussiounen iwwert d'Nationalitéitegesetz

Pressecommunique-nee2015-Wee2050_3.11.2015.pdf (216.8 KiB)

Mir begréissen datt d'CSV,
- net averstanen ass, datt een no 8 Joer Residenz, OUNI TEST, kann Lëtzebuerger ginn.
- fir méi streng Critèren beim droit du sol ass.
- dofir ass, datt een och weiderhin, am Fall vun engem Bestietnis, en Sproochentest am Lëtzebuergeschen muss packen.
- géint Kompensatiounsméiglechkeeten am Sproochentest ass.
- net averstanen ass mat de villen Ausnameregelungen, déi de Minister Braz proposéiert.

Mir verstinn net,
1) firwat den gefroten Sproocheniveau am Test soll erofgoen. Bis ewell muss een am Verstoen den europäesche Referenzniveau B1 erreechen. D’CSV géif de Niveau, sou wéi d’Regierung, op A2 erofsetzen.
Am Héierverständnis géif dat bedeiten, datt een eng Nouvelle um Radio net méi verstoen kann*. Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?
Beim Sondage vun TNS ILRESS vum 6. Juni war eng grouss Majoritéit vun de Wieler géint en Erofsetzen vum Sproocheniveau, nëmmen 34% waren domat averstanen. Mir fannen et dofir wichteg, datt bei deem neien Gesetz d’Meenung vun de Wieler respektéiert gëtt.

2) firwat d’CSV, mä och d’Regierung, keng weider Moossnamen virgesinn, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren. (am Annexe)

 

D’Initiativ nee2015 – Wee2050
Mail: kontakt@nee2015.lu

Annexe:
Moossnamen, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren.


D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun.
Géint en Erofsetzen vum Sproocheniveau fir déi duebel Nationalitéit.
Vereinfachungen vun de Prozeduren fir d'Nationalitéit ze kréien fir déi Auslänner, déi lëtzebuergesch kënnen.
Eng besser Integratioun duerch méi Sproochecoursen.
Organisatiounen, déi sech fir d'Integratioun asetzen, ënnerstëtzen.

D'Lëtzebuerger Sprooch muss nees vill méi präsent sinn am Alldag.
D'Lëtzebuerger Sprooch soll präsent sinn op den Internetsäiten vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlder a Panneauen.
D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn.
D'Verfassung soll op Lëtzebuergesch sinn an all Gesetzer an EU-Richtlinnen sollen och op Däitsch oder Lëtzebuergesch existéieren.
Datt een hei am Land liewen an schaffen kann matt Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen zu kënnen (All Formulairen vun den Administratiounen sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch)
D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.

De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
Den auslänneschen Matbierger kloer maachen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
Lëtzebuergesch muss an allen staatlech ënnerstëtzten Schoulen zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School) geléiert ginn.
Méi Ënnerstëtzung fir déi Veräiner, déi eng wäertvoll Integratiounsaarbecht maachen mat auslännesche Kanner a Jonken.
An den staatlech ënnerstëtzten Crèchen muss lëtzebuergesch geschwat ginn.

Pressecommuniqué zu der Propose vum Nationalitéitegesetz vum Minister Braz

Pressecommunique-nee2015.lu-20.10.2015-Nationaliteitegesetz_2015___.pdf (420.3 KiB)

Résumé vum Pressecommuniqué

Mir hunn eis den Avant-Pojet de loi genee ugekuckt an mir stellen folgendes fest:

1. D'Gesetz ass laang, komplizéiert, onverständlech, diskriminéierend wéinst de villen Ausnameregelungen, an et ass keen roude Fuedem dran.

2. Déi gefroten Sproochkenntnisser ginn sou staark reduzéiert oder ganz ofgeschaf, sou dass en Abiergeren um Pabeier statt fënnt, an Wierklechkeet awer déi nei Lëtzebuerger sproochlech ausgegrenzt bleiwen, well se net déi néideg Sproochkenntnisser hunn fir aner Lëtzebuerger ze verstoen oder een einfacht Alldagsgespréich ze féieren.

3. Am Gesetz sinn keng Moossnamen virgesinn déi et den auslänneschen Matbierger géifen erlaben, Lëtzebuergesch besser, méi séier an méi bëlleg ze léieren an och net fir de Gebrauch vun der Sprooch ze promouvéieren.

4. D'Regierung wëll onbedéngt vill Auslänner abiergeren fir net iwwert d'Grenz vun 50& ze kommen. Do soen mir ganz kloer an däitlech: Mir hunn léiwer kloer an fair Regelen an en méi héijen Auslännerundeel wéi eng Scheinintegratioun wéinst ze wéineg oder kengen Sproochkenntnisser.


Dofir si mir fir:

1. En einfacht Gesetz, mat kloren Prinzipien dat jiddereen versteet.

2. Zwee Prinzipien sinn eis wichteg:

a) All neien Lëtzebuerger muss capabel sinn aner Lëtzebuerger ze verstoen an en einfacht Gespréich ze féieren. Dat ass nëmmen méiglech vun engem Niveau B1 un.

b) Mir wëllen keng Ausnahmen fir eenzel Gruppen vun Leit, ausser bei enger laangjäreger Verwuerzelung vun Leit déi säit iwwer 20 Joer hei wunnen.

3. Am Gesetz musse Moossnamen dran sinn, déi et den Auslänner erlaben, lëtzebuergesch besser, méi séier an méi bëlleg ze léieren. Dat kann just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héijen Stellewäert kritt. Mir wäerten dozou nach konkret Virschléi presentéieren.

4. Wann d'Regierung wierklech op en Konsens aus ass dann soll se dat beweisen an beim nächsten Referendum d'Lëtzebuerger iwwert d'Nationalitéitegesetz ofstëmmen loossen.

Nee zum neien Nationalitéitegesetz

De Prof. Dr. Luc Heuschling iwwert d'Konditiounen am Zesummenhang mam Auslännerwahlrecht

Op der Conférence sur la citoyenneté  den 21. Mäerz an der Chamber huet de Prof. Dr. Heuschling iwwert déi 3 Konditiounen geschwat, déi provisoresch un d'Auslännerwahlrecht gekoppelt wäerten sinn.

Momentan ass et virgesinn dass en Auslänner kann wielen goen wann en déi 3 Konditiounen erfëllt:

- 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn

- schonn eng Kéier gewielt ze hunn bei Gemengen- oder Europawahlen

- just dat aktiivt Wahlrecht (en dierf also net geweielt ginn).

Den Prof. Dr. Heuschling erkläert hei dass 2 vun den 3 Konditiounen wahrscheinlech lues a lues kéinten verschwannen wann d'Auslännerwahlrecht bis agefouert ass.

Konkret heescht dat, an eisen Aen, dass et net stëmmt wann gesot gëtt et kéinten just 35.000 Auslänner wielen. Dat ass vläicht am Moment esou mä d'Auslännerwahlrecht bedeit dass an 20 Joer all d'Auslänner kënnen wielen an och kënnen gewielt ginn. An wann dat bis méi wéi 50% vun der Bevëlkerung sinn, dann ass et kloer dass och an der Chamber wäert eng Majoritéit vun Auslänner sëtzen an dann ass et fäerdeg mat Lëtzebuergesch schwätzen an der Chamber. An wat dat nach fir Konsequenzen huet kann jiddereen sech ausdenken.

Hei fënnt een d'Ried vum Här Heuschling vum 21.3.2015 ab 03h54m30: ChamberTV

"Ces conditions, si on résonne dans la logique démocratique, ne se tiennent pas! À la limite, la condition de résidence de 10 ans, bon, une certaine condition de résidence peut tenir dans une logique démocratique simplement parce que on dit: il faut connaitre un peu le pays après on peut discuter de la durée etc, bon, mais que l'on dise que quelqu'un ait le droit de vote actif mais n'ait pas le droit de vote passif est difficilement justifiable, me semble-t-il dans une logique démocratique, hors l'argument qu'on utilise pour faire avancer le droit de vote des étrangers, c'est un argument d'autonomie, de démocratie donc une conception renouvelé de la démocratie. Hors, refuser le droit de vote passif et ne donner que le droit de vote actif, c'est une régression dans la logique démocratique

Et donc il me semble que ces conditions restrictives, je dirais à la foi de l'exclusion du droit de vote passif et cette exigence d'avoir participé aux élections communales ou européennes, à mon avis, en termes de légitimité, ne tiennent pas le coup et à mon avis politiquement, mais là je suis dans la spéculation historique, à mon avis à terme vont disparaitre si le principe (droit de vote des étrangers)  était acquis."

30.3.2015. Reportage um RTL Radio iwwer nee2015.lu

En Reportage iwwert d'Internetsäit 2015.lu um RTL Radio, an dat am Moiesjournal vun 7:30 Auer. Mat engem Interview mam Fred Keup vun nee2015.lu.

Hei ass den Interview

http://replayaudio.newmedia.lu/2015/03/30/88c119e51a5d4dfc7d2c1441896f9df6.mp3

An de Link op den Artikel bei RTL http://www.rtl.lu/letzebuerg/620186.html

 

 

Wat fir eng Konsequenzen hätt d'Auslännerwahlrecht fir eis Sprooch?

De Prof. Dr. Luc Heuschling seet dass, wann en Auslännerwahlrecht bis agefouert ass, dann kann den politeschen Debat hei am Land net méi just op lëtzebuergesch gefouert ginn.

 

An mir soen: dann kéint an der Chamber laangfristeg d’Lëtzebuergescht verschwannen.

an domat verléiert eis Sprooch seng institutionell Roll.

An wat ass dann déi Lëtzebuergesch Sprooch nach wäert, wou gëtt si dann nach geschwat?

An wann bis an der Chamber Députéiert sinn, déi keen lëtzebuergesch méi schwätzen, wéi kann een dat dann nach vun der fonction publique verlaangen? An an der Schoul?

D’Auslännerwahlrecht hätt also en groussen Afloss op eis Sprooch, zemools wann d’Konditiounen opgelockert ginn.

An mir soen dofir hei ganz däitlech: Duerch d’Auslännerwahlrecht verléiert eis Sprooch ëmmer méi un Bedeitung.

 

Dat seet den Prof. Dr. Luc Heuschling den 21.3.2015 an der Chamber:

"ce qui n'est pas pour l'instant clarifié dans le débat qui pourtant à mon avis est crucial, c'est la question du régime linguistique du Luxembourg (...) il me semble que si on accepte le concept de donner le droit de vote aux étrangers au Luxembourg et c'est une spécificité du Luxembourg (...) par la même nous devons accepter comme conséquence logique que le débat politique luxembourgeois ne peut plus exclusivement se faire en luxembourgeois, c'est une évidence, me semble-t-il et donc nous devrions réfléchir qu'est-ce que cela veut dire pour l'avenir. Il me semble que la solution n'est pas nécessairement qu'il faudrait du coup une autre solution monolingue qui serait le français puisque la plupart des étrangers ont plutôt une préférence comme langue commune le français il me semble qu'on peut imaginer toujours une solution multilingue qui est plus exigeante, il faudrait un système d'interprétation, de traduction et il me semble que du coup on devrait aussi dans le débat luxembourgeois sur notre propre identité du luxembourgeois du point de vue linguistique de sortir de cette idée de ce qui fait le propre du Luxembourgeois c'est qu'il parle luxembourgeois comme langue nationale et que quelque part l'allemand et le français c'est une langue étrangère."

http://chd.lu/wps/portal/public/ChamberTVArchives

D'Auslännerwahlrecht ass net d'Iddi vun de Lëtzebuerger oder vun den Auslänner hei am Land.

D'Iddi vum Auslännerwahlrecht ass sou richteg opkomm am Januar 2013. Deemools war den Wirtschaftsminister Etienne Schneider zu Besuch an der Handelskammer beim Pierre Cramegna. Zesummen hunn si d'Iddi vum Auslännerwahlrecht lancéiert an den Etienne Schneider sot :"Deux ou trois ans de résidence seraient suffisants pour acquérir le droit de vote."

- De Politolog Raphaël Kies seet den 20. Mäerz 2015 op engem Colloque an der Chamber:

"Moi, j'ai une impression un peu paradoxale que ce droit de vote qu’on veut donner aux étrangers est surtout une demande qui vient de l’élite politique, c’est l’élite du pays qui craint un peu pour le vieillissement de la population et qui se pose la question de la légitimité démocratique du pays mais ce n'est pas une demande qui vient vraiment des étrangers eux-mêmes, ce n'est pas qu'on voit dans la rue des étrangers en train de protester pour demander le droit de vote.

D'un point de vue normatif on peut se demander s'il est souhaitable, ou si on a vraiment le besoin d’offrir un droit a une population qui ne le demande pas. Je ne prends pas position à cela, je pose simplement la question dans le contexte particulier du Luxembourg."

- D'Auslännerwahlrecht gëtt dann och besonnech vun der Zeitung "paperjam" gepusht, eng Zeitung fir Leit aus dem Business.

- An enger carte blanche op RTL Radio vum 27.06.2014 seet den André Hoffmann, Ex-Députéierten vun déi Lénk: "Demokratie muss vun ënne kommen, léiert eis d’Geschicht."

- Schlussendlech muss een also zur Konklusioun kommen, dass en Auslännerwahlrecht sech net wäert duerchsetzen well et net vum Vollek gefrot gëtt. Et ass eng Elite déi eis wëll d'Auslännerwahlrecht vun uewen erof diktéieren.

Chamber TV: 1h 46m 20s,    20. Mäerz 2015   http://chd.lu/wps/portal/public/ChamberTVArchives

Artikel am Paperjam vum Januar 2013: Étienne Schneider pour le droit de vote pour tous.

 

2 ganz gudd Lieserbréiwer vum Nico Thewes

2 ganz gudd Lieserbréiwer vum Nico Thewes

een vum 26.3.2015 aus dem Journal

an een vum 24.5.2014 aus dem Wort.

RTL, 18.2.2015 : Carte Blanche vum Paul Kremer

ZITAT: „Guttheet ass bekanntlech e Stéck vun der Dommheet – wou eng monoton Propaganda ronderëm d’Auer Stëmmung fir sou een Auslännerwahlrecht mécht.“

http://www.rtl.lu/meenung/607577.html

 

 

Wort, 20.2.2015: Pascal Hansen will Unabhängigkeit aufgeben

Petition für den Anschluss Luxemburgs an Belgien

ZITAT: „Er ist ein Gegner des Ausländerwahlrechts, das im Juni zur Abstimmung steht. Das LSAP-Mitglied aus Differdingen sieht darin einen Bruch der nationalen Souveränität, also dem Recht des Volkes, über sich selbst zu bestimmen.

http://www.wort.lu/de/politik/pascal-hansen-will-unabhaengigkeit-aufgeben-petition-fuer-den-anschluss-luxemburgs-an-belgien-54e758d30c88b46a8ce53e84

 

 

Wort, Leserbrief, 1.9.2014, Wahlrecht für Ausländer? Hellmuth Bergmann

ZITAT „Etwas so Kostbares, wie das demokratische Wahlrecht sollte man nicht verschenken!

http://www.wort.lu/de/politik/briefe-an-die-redaktion-wahlrecht-fuer-auslaender-5404649eb9b398870805dd83

 

 

RTL Radio, 11.12.2014 Invité vun der Redaktioun: Jean Hamilius

De Jean Hamilius schwätzt vun engem Choix deen mir hunn:

ZITAT: „Wëlle mer eng kosmopolitesch Sociétéit ginn an anere Wieder d'europäesch Sociétéit vu muer oder wëlle mer eng Natioun bleiwen. Ech sinn der Meenung dass Europa nach laang dominéiert gëtt vun nationale Gefiller an dass wann mir vun deenen aneren net méi als Natioun, als e Vollek betruecht ginn, dann fueren se mat ons Schlitt. Wann mer eng Associatioun avec But lucratif sinn, dat kenne mer ons net erlaben, ech sinn also dofir alles ze maachen dass mer eng Natioun bleiwen.

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/590559.html

 

 

Radio 4.5.2015 RTL-Reportage iwwert de Sproochentest

E Recht méi, eng Pflicht méi.

Eis Nationalsprooch ass wichteg fir d'Integratioun.

RTL-Reportage iwwert de Sproochentest:

"56% vun de Lëtzebuerger waren an der Ëmfro (Politmonitor) der Meenung, datt een net kann hei am Land integréiert ginn, wann ee kee Lëtzebuergesch schwätzt."

"Wat den Niveau vun de Kompetenzen ugeet, déi verlaangt sinn, ass d'Direktesch vum INL awer net waarm dofir en erofzesetzen. D'Sproochentester ganz falen ze loossen, ass fir d'Karin Pundel keng Optioun. D'Nationalsprooch wier einfach wichteg fir d'Integratioun."

Fir eis ass et wichteg dass déi auslännesch Matbierger, déi en Wahlrecht sollen kréien och an der Pflicht stinn fir déi duebel Nationalitéit unzehuelen an sou ze weisen dass se Lëtzebuergesch verstinn an schwätzen.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/628167.html

cgfp.lu, 10.6.2014: Überlegungen zum Nationalstaat und zum Wahlrecht für Nicht-Luxemburger

ZITAT: „Die CGFP ist keinesfalls gegen das Wahlrecht für Nicht-Luxemburger. Ihr geht es einzig und allein darum, dass diejenigen, die sich derart mit ihrer Wahlheimat verbunden fühlen und am politischen Geschehen teilnehmen wollen, auch bereit sind, sich für die Luxemburger Nationalität zu entscheiden, und sei es über den Weg der doppelten Staatsbürgerschaft.“

ZITAT: „dass die Entwicklung Luxemburgs „vom Staat zur Nation“, „de l’Etat à la Nation“ also, keinesfalls als reine Fiktion, sondern vielmehr als eine nicht zu hinterfragende Wirklichkeit darstellt, der sich die Luxemburger, insbesondere seit dem Ende des Zweiten Weltkrieges, verpflichtet fühlten"

 

cgfp.lu, März 2015: Le droit de vote pour étrangers

Artikel vum Emile Haag

ZITAT: „Le droit de vote national pour étrangers n'est pas seulement une anomalie au sein de l'EU mais constitue aussi une atteinte flagrante à la souveraineté nationale.“

 

cathol.lu, Artikel vum André Grosbusch

Conseil diocésain de catholiques: Le droit de vote des étrangers aux élections nationales, Eléments de réflexion

André Grosbusch Seite 18

"1) les Etats-nations ont-ils encore un sens, une raison d’être?

2) le Grand-Duché de Luxembourg est-il et va-t-il rester un Etat-nation?

Les Etats-nationsrestent un rempart contre une mondialisation qui tend à atomiser les êtres humains en les réduisant à de simples acteurs économiques (producteurs/consommateurs"

http://www.cathol.lu/IMG/pdf/dossier_kr_-_droit_de_vote.pdf

 

 

 

Forum.lu, Februar 2013: Luc Heuschling, La citoyenneté de résidence, diverses logiques et la science juridique

Den Luc Heischling (docteur en droit et professeur de droit constitutionnel et administratif à l’Université du Luxembourg.) schreiwt hei eppes ganz Interessantes :

ZITAT : « Dans l’actuel système, la victime de l’hétéronomie est l’étranger (appelons cela : « l’hétéronomie vers l’extérieur »). Dans le nouveau système, ce seraient… les Luxembourgeois (« hétéronomie vers l’intérieur »). Pour le voir, il suffit de focaliser son regard sur cette branche du droit qu’est le droit civil : en matière d’état civil (nom, mariage, pacs, divorce, filiation, adoption, etc.), donc tout ce qui définit notre identité civile, l’individu est soumis à sa loi nationale, quel que soit le lieu où il habite. Deux Qataris qui se marient au Luxembourg le font non pas en fonction de règles de fond du Code civil luxembourgeois, mais selon les règles du pays dont ils ont le passeport (ici : le Qatar). Autre exemple, en droit bancaire : lorsqu’un ressortissant des USA résidant au Luxembourg, veut ouvrir un compte bancaire, il est soumis, en partie, à des règles fiscales édictées par les USA. C’est le principe de la personnalité des lois: la loi (nationale) suit son ressortissant où qu’il aille. Ce principe est de plus en plus écarté par le principe de la territorialité de la loi, mais il continue à s’appliquer notamment en droit de la famille. Conséquence : si demain les 43 % d’étrangers auront obtenu le droit de vote en tant qu’étrangers, ils participeront à la fabrication de la loi civile luxembourgeoise, sans pourtant y être soumis eux-mêmes. »

http://www.forum.lu/pdf/artikel/7568_326_Heuschling.pdf

 

 

Forum: März 2015, Seite 38, Michèle Finck: Nicht nur ob, sondern wie.

In diesem Artikel untersucht Michèle Finck von der Universität Oxford inwiefern ein Ausländerwahlrecht überhaupt möglich wäre. Es geht um das „Wie?“: Erstens die Frage der Volkssouveränität, zweitens die Frage der Wahlpflicht und drittens die eventuelle Notwendigkeit einer Reform des Ausländerwahlrechts bei den Kommunalwahlen.

ZITAT: „Die Nation ist ja nun einmal als die Gesamtheit der Luxemburger definiertDa das Wahlrecht nur den Ausländern gewährt werden soll, die bereits zehn Jahre im Land wohnen, würde dies jene betreffen, die den Entschluss getroffen haben, nicht Teil der Luxemburger Nation sein zu wollen.

 

 

fondation-idea.lu, 28.5.2014: Droit de vote des étrangers aux législatives : pourquoi je suis contre. by Michel-Edouard Ruben

ZITAT : « Dès lors que le vote actif est ouvert aux résidents étrangers aux élections législatives, sera-t-il possible de leur interdire le droit de vote passif (droit de se porter candidat)? Il se pourrait donc qu’un résident étranger siège à la commission des affaires étrangères du Luxembourg ou à la commission de contrôle parlementaire du SREL ? »

http://www.fondation-idea.lu/2014/05/28/droit-de-vote-des-etrangers-aux-legislatives-pourquoi-je-suis-contre/

 

 

Bréif vum Notaire honoraire Norbert Muller

Hei ass en ganz interessanten Bréif, deen den Här Norbert Muller un den Chefredakter vum Journal geschriwwen huet. Et ass eng Reaktioun op en Leitartikel am Journal deen een hei kann liesen: http://www.journal.lu/article/sachlich-und-fair/

 

 

ehennicotschoepges.lu, 6.2.2015: Erna Hennicot-Schoepges, Luxemburger Referendum gegen Diskriminierung?

ZITAT: „Wie viele von den 34.000 Auslandsluxemburgern an den letzten Wahlen teilgenommen haben wäre eigentlich eine parlamentarische Anfrage wert.

ZITAT: „Die französische Verfassung sieht eine Vertretung der Auslandsfranzosen in Parlament und Senat vor, desgleichen Portugal. (…) Müsste die Frage nicht nach gleichen Rechten für alle lauten? Und wäre die Regierung nicht dazu aufgerufen das Thema Auslandsluxemburger endlich ernsthaft anzugehen.“

http://ehennicotschoepges.lu/2015/02/luxemburger-referendum-gegen-diskriminierung/

 

 

Buch von Jean Hamilius, : Luxemburg im Wandel der Zeiten, 2014

Seite 251:

ZITAT: „Kein nationales Wahlrecht für Ausländer!

Ich bin nicht der Meinung, dass man Ausländern das nationale Wahlrecht geben sollte. Dank doppelter Staatsbürgerschaft kann ein langjähriger Einwohner, auf Wunsch an unserem Nationalleben teilnehmen – und wir sollten ihn dazu ermutigen. Ich wünsche auch, dass in unserer Abgeordnetenkammer weiterhin Luxemburgisch gesprochen wird und eine Simultanübersetzung sich erübrigt. Eine elementare Kenntnis unserer Sprache, vielleicht sogar unserer Geschichte, dem Bildungsniveau des Antragstellers angepasst, muss eine ernstzunehmende Bedingung für die Erlangung der luxemburgischen Staatsangehörigkeit bleiben. Eine gemeinsame Sprache scheint mir wesentlich, ja fast unabdingbar, um ein Gefühl einer luxemburgischen Volkszugehörigkeit zu vermitteln

 

Seite 248

ZITAT: „(…) birgt aber Gefahren. In der so geschilderten Situation wäre es kaum verwunderlich, wenn Luxemburg von seinen Partnerstaaten fortan nunmehr noch als ein zwar bemerkenswertes Sammelsurium verschiedenster Nationalitäten beachtet würde, jedoch keinesfalls als ein von einem Nationalgefühl getragenes Volk. An die Stelle einer nationalen Schicksalsgemeinschaft träte vielmehr die Wahrnehmung Luxemburgs als eine Art „Gemeinschaft mit Gewinnzweck“."

 

 

Geet et beim Auslännerwahlrecht just dorëms fir Stëmmen ze fänken?

Politmonitor vun RTL an Wort: "Vun de Lëtzebuerger Residenten hu just 36 Prozent Vertrauen an d'Regierung"

"Bei den Auslänner, déi hei am Land liewen, ass d'Situatioun eng aner: Do stinn 50 Prozent hannert der Regierung"

Déi Resultater géifen jo dann erklären firwat d'Regierung onbedéngt gären d'Wahlrecht fir Auslänner bei Nationalwahlen hätt.

Geet et beim Auslännerwahlrecht also just dorëms fir méi Stëmmen ze fänken?

Haut den Owend ass d'Chamber zu Mamer ab 19:30 fir iwwert den Referendum ze debattéieren. Allerdings gëtt et och hei keen fairen Débat well um Podium sinn 4 Députéiert fir de Jo an 2 Députéiert fir de Nee.

Mir sinn natierlech och present an verdeelen Flyer

Auslännesch Bierger géint d'Auslännerwahlrecht!

Auslännesch Bierger géint d'Auslännerwahlrecht!

 

D'Asti représentéiert net all d'Auslänner hei zu Lëtzebuerg. 

Vill vun hinnen sinn géint en Auslännerwahlrecht. Hei en kuerzen Témoignage vun 4 Leit déi sech dozou och ëffentlech wollten äusseren:

 

"Diese ganze Debatte um ein Artefakt, welches sich Einwohner- oder Ausländerwahlrecht nennt ist nicht nachvollziehbar. Ich habe in mehreren europäischen Laendern gelebt, aber die mit Abstand beste Willkommenskultur hat Luxemburg. Die Luxemburgischen Sprachkenntnisse erachte ich als Grundvoraussetzung für den Erwerb der Staatsangehörigkeit und dem damit verbundenen Wahlrecht."

 

(Frédéric Becker, Duebel Nationalitéit: Däitsch an Franséisch säit 7 Joer zu Lëtzebuerg)

 

"Ich bin Schweizer und seit 13 Jahren in Luxemburg.

Ich würde auch ein „Nein“ einlegen. Es ist doch selbstverständlich, dass man von den Leuten verlangen kann, den Effort zur Einbürgerung zu machen um am politischen Leben teilzunehmen. "

 

(Ludwig Müller, Schweizer, säit 13 Joer zu Lëtzebuerg)

 

"La meilleure façon de se lier et d'avoir un point en commun, c'est de prendre la double nationalité. La double nationalité prenez-la, vous ne perdez rien !"

 

(Tony Oliveira, Portugies, 40 Joer. Zu Lëtzebuerg gebuer, mat 10 Joer an Portugal gaangen. Elo säit 8 Joer erem hei zu Lëtzebuerg.)

 

"Ce débat ouvrira, tôt ou tard, la question des langues utilisées au sein de la Chambre lors des débats. Si le luxembourgeois a traversé plusieurs étapes avant d’avoir le statut de langue nationale du pays, et son adoption par la sphère politique du pays, l’ouverture du droit de vote initiera forcément un retour à la case départ et la réintroduction du français, voire de l’anglais, dans les débats politiques et à la Chambre. Cette situation sera d’autant plus favorisée par le laxisme linguistique en vigueur à Luxembourg vis-à-vis de la langue luxembourgeoise. Combien de panneaux signalétiques sont rédigés en luxembourgeois ? et pareille question concernant les documents officiels, le passeport luxembourgeois, la constitution, les documents administratifs ? La perception du luxembourgeois comme langue difficile et inaccessible est surtout due à ce laxisme, et non à une quiconque complexité de la langue luxembourgeoise."

 

"Le camp du « Jo » est en train de promouvoir le modèle « Luxembourg station-service »"

 

"Pour résumer, moi-même, étranger à Luxembourg, je suis convaincu que la double nationalité reste la voie logique d’intégration à Luxembourg et ailleurs. Le pays a jusqu’à aujourd’hui démontré une très grande maturité en matière d’intégration et a su préserver une cohésion entre résidents et citoyens. Pour maintenir cette cohésion, il est du devoir de tous, luxembourgeois et étrangers, de consolider ses fondements, dont le principal est l’attachement à Luxembourg, sa souveraineté, son identité et sa culture."

 

(Saad N’abby, Marokaner, 3 Joer zu Lëtzebuerg)

Eng knapp Majoritéit an der Chamber refuséiert en fairen Débat.

1) Mir begréissen dass d'CSV, d'ADR an déi Lénk gestëmmt hunn fir e fairen Débat. Déi Lénk hunn geschwat dovun dass dat selwecht schonn am leschten Referendum 2005 passéiert ass.

2) D'Ausso vum Här Adam (déi Gréng) mussen mir klarifizéieren... hien huet gesot et wär keng Zäit méi fir de Nee ze invitéieren. a) all déi aner hunn et awer gemaach b) zu Stroossen hunn mir x mol ugeruff an ge-email: ni eng Äntwert, c) mir hunn bal 4 Wochen am Viraus gefrot.c) vun Betzder kruten mer gesot si wéilten keng Présentatioun vun eis.

3) Et ass net gutt well déi lescht Ëmfro gewisen huet dass d'Vertrauen an d'Politik allgemeng schlecht ass.

4) Mais och d'Informatiounsversammlungen vun der Chamber sinn net fair, well de JO an de NEE net jeweileg 50% kréien. Et kommen all Kéier 6 Députéiert dovun 4 fir de JO an 2 fir de NEE, vun all Partei aus der Chamber een. E Referendum ass keng Chamberwahl wou Parteien gewielt ginn. Hei stinn um Wahlziedel just 2 Optiounen.

Hei fënnt een den Débat an der Chamber:
ab 03h 32m 50s
http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1484/sequence/65250.html

De Wielerwëllen muss respektéiert ginn: Keen Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier!

D'Lëtzebuerger hu sech géint d'Auslännerwahlrecht a fir de Wee iwwert d'Nationalitéit entscheet. Si wëllen och net d’Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dier aféieren: Si wëllen d'Nationalitéit net bradéieren an déi schonn niddreg Sproochkenntnisser sollen bestoen bleiwen.

Mir wieren eis géint d'Versich vum Patronat fir d'Sproochkenntnisser ze reduzéieren. De President vun der FEDIL, den Robert Dennewald, gëtt haut zitéiert op jeudi.lu mat de Wierder: "Mais il faudra quand même demain travailler à l’émergence d’un consensus pour modifier la loi nationale et permettre aux étrangers résidents de participer à la vie politique du pays. Cela passera par la nationalité. Et l’un des moyens les plus simples sera d’être moins regardant sur la maitrise de la langue luxembourgeoise et mettant en avant la résidence et la participation à la vie économique."

Et soll eng Politik gemaach ginn fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen, dofir soen mir: "Encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis Sprooch eis um Häerz läit. An erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze erreechen."
Mir fuerderen och dass d'Lëtzebuerger Sprooch méi an d'Ëffentlechkeet kennt, zum Beispill op de Websäiten vun de Gemengen an op Stroosseschëlder. Dat géif kengem wéidoen!

De Wielerwëllen muss respektéiert ginn.

Et soll een de Leit nolauschteren am Platz hinnen, vun uewen erof, eppes ze diktéieren.

Pressecommuniqué 10.4.2015 zu den Gemengen

Hei fann dir eisen Pressecommuniqué iwwert d'Informatiounsversammlungen an de Gemengen.

Pressecommuniqué 12.4.2015 zur UGDA

Hei ass en Pressecommuniqué mam Sujet "Firwat ënnerstëtzt d’UGDA d’Plattform minte.luan d’Auslännerwahlrecht?"

Pressecommuniqué 14.4.2015 zur Jugendkonferenz.

Ënnerstëtzt d’Jugendkonferenz d’Plattform minte.lu an d’Auslännerwahlrecht?

Pressecommuniqué 17.4.2015 Asti

Hei ass en Presscommuniqué als Äntwert op de Communiqué vun der Asti:

 

 

Schreift Ären Deputéierten!

De Mëttwoch gëtt an der Chamber eng Motioun iwwert e fairen Debat diskutéiert.

Mir sinn onparteiesch an dofir wäerten mir natierlech keng Partei ënnerstëtzen an dofir wëllen mer eis och net zu dëser Motioun äusseren.

Mir fuerderen d’Deputéiert awer op, sech fir eng gemeinsam Motioun anzesetzen: Fir en fairen, equilibréierten Débat wou de Jo an de Nee déi selwecht Zäit, respektiv de selwechten Poids kréien. Dat ganz besonnesch dann, wann et op ëffentlechen Platzen stattfënnt.

Schreift ären Députéierten, si sinn fir iech do!
Sot hinnen an engen frëndlechen Toun Är Meenung.

Dëst ass sécher och am Sënn fir erëm Vertrauen an d’Politik opzebauen.

Negativ Beispiller:
- D’Informatiounsversammlungen, den 28. Abrëll zu Betzder, den 29. Abrëll zu Stroossen an och den 11. Abrëll zu Réiden am Lycée wou just den Jo invitéiert ass fir eng Presentatioun maachen.
- D’Initiativ 5vir12 organiséiert am Forum Geesseknäppchen en Débat iwwert d'Auslännerwahlrecht. Agelueden sinn 4 jonk Politiker, déi alle 4 fir de Jo sinn. An d'Virriednerin ass och eng Aktivistin fir de Jo.
- Dëst gëllt net nëmmen an der Fro vum Auslännerwahlrecht, mä och an der Fro vum Wahlrecht ab 16 Joer, wou den 15. Abrëll en Débat statt fonnt huet mat 7 Vertrieder an dovun 6 vum Jo. Organisateur: Bureau vum Jugendparlament.


Hei fënnt een d'Emailadressen vun all Députéierten: Hei.

 

Hei sinn d'Emailadressen vum chd.lu-Site. Huelt déi Emailadressen, maacht se an d'Email matt copy&paste a schéckt et fort.

 

eberger@chd.lu, garendt@chd.lu, abauler@chd.lu, gbaum@chd.lu, sbeissel@chd.lu, abrasseur@chd.lu, ldelles@chd.lu, jelvinger@chd.lu, ggraas@chd.lu, mhahn@chd.lu, akrieps@chd.lu, emertens@chd.lu, lpolfer@chd.lu, abodry@chd.lu, mcangel@chd.lu, farndt@chd.lu, tburton@chd.lu, ycruchten@chd.lu, cdallagnol@chd.lu, mdibartolomeo@chd.lu, gengel@chd.lu, ffayot@chd.lu, chaagen@chd.lu, chemmen@chd.lu, rnegri@chd.lu, vloschetter@chd.lu, cadam@chd.lu, ganzia@chd.lu, hkox@chd.lu, jlorsche@chd.lu, rtraversini@chd.lu, cwiseler@chd.lu, dadehm@chd.lu, sandrich@chd.lu, narendt@chd.lu, eeicher@chd.lu, feischen@chd.lu, lgloden@chd.lu, jmhalsdorf@chd.lu, mhansen@chd.lu, fhetto@chd.lu, akaes@chd.lu, mlies@chd.lu, mmergen@chd.lu, pmeyers@chd.lu, omodert@chd.lu, lmosar@chd.lu, moberweis@chd.lu, groth@chd.lu, mschank@chd.lu, mspautz@chd.lu, swilmes@chd.lu, mwolter@chd.lu, lzeimet@chd.lu, ggiberyen@chd.lu, fkartheiser@chd.lu, rreding@chd.lu, dwagner@chd.lu, surbany@chd.lu

Pressecomuniqué un all Députéiert

Pressecommunique 5.5.2015.jpg (152.8 KiB)

Sondage pro Partei

Wéi stëmmen d'Wieler vun den eenzelnen Parteien of?

NEE ZUM AUSLÄNNERWAHLRECHT beim Referendum vum 7. Juni. Firwat?

- A kengem europäeschen Land dierfen d’Auslänner wielen goen. Firwat mussen mir déi éischt sinn, fir dat Experiment ze maachen?

- Säit 100 Joer fonctionnéiert d'Integratioun, och ouni Auslännerwahlrecht!

- Jiddereen kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen a weisen, dass en sech matt eiser Identitéit, der Sprooch an eiser Kultur identifizéiert an och eng emotional Bindung zum Land huet.

- Wéi kann en auslänneschen Bierger un der Politik deelhuelen ouni Lëtzebuergesch ze schwätzen? Duerch d’Auslännerwahlrecht verléiert eis Sprooch ëmmer méi un Bedeitung.

- Mam Auslännerwahlrecht ginn mir eis Souveränitéit op. Den Artikel vun der Verfassung "le pouvoir souverain réside dans la nation" misst gestrach ginn.

- Auslänner kréien en Wahlrecht, d’Lëtzebuerger behalen awer d’Wahlpflicht.

- Et besteet de Risiko, dass eis Gesellschaft gespléckt gëtt: op der enger Säit déi lëtzebuergesch Wieler an op der anerer Säit déi auslännesch Wieler.

- Duebel Nationalitéit ass e bessere Wee, wann d’Konditioun vun der lëtzebuerger Sprooch bestoen bleift.

Zu den Konditiounen:

- Loosst Iech net täuschen! D'Regierungsparteien hunn d'Konditiounen temporär méi schwéier gemaach well se Angscht haten si géifen de Referendum verléieren.
- Et ass en Trick! Schonn elo gëtt vun "éischten Schrëtt" geschwat! Si wäerten d'Konditiounen an engem zweeten Schrëtt méi liicht maachen.

Bestellt Pechbiller an Flyer bei kontakt@nee2015.lu

Mir fuerderen de Fernand Fehlen zu enger ëffentlecher Debatt op iwwert d’Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-2.9.-Sprooch F.Fehlen.pdf (205.7 KiB)

D’Lëtzebuerger fuerderen, dass méi fir hir Sprooch gemaach gëtt. De Pressecommuniqué am pdf:

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-20.9.-Petitioun.pdf (226.6 KiB)

.

La situation de la langue luxembourgeoise

5.10.2016 Ee vun eisen Zieler schéint sech ze realiséieren: Lëtzebuergesch soll als EU-Sprooch unerkannt ginn

Mir begréissen d'Ausso vum Här Meisch fir Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkennen ze loossen.

Doduerch kéint ee vun de Punkten, déi mer an eisen Zieler opzielen, realiséiert ginn.

Ziel 2.2.: "D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn."

All eis Zieler: http://nee2015.lu/index.php/wee-2050.html

Dëst wier en wichtegen symboleschen Schrëtt fir eist Land an eis Sprooch.

Mir wëllen awer och soen dass et ganz wichteg ass dass d'Lëtzebuerger Sprooch erëm méi präsent am Alldag gëtt, well nëmmen sou kënnen eis auslännesch Matbierger se och léieren.

Fir d'Lëtzebuerger Sprooch an fir d'Méisproochegkeet!

Stellungnahm vun der Staatsbeamtekummer zum neien Nationalitéitegesetz

Ganz gudden Lieserbréif aus dem Wort vum Samschden:

Geet et eiser Sprooch wierklech sou gutt, wéi dacks behaapt gëtt? Interessanten Lieserbréif aus dem Luxemburger Wort vum 4.12.2016, Säit 25.