Dat neit Nationalitéitegesetz
(Artikel publizéiert am Wort)
Knapp 4 Méint nom Referendum huet de Minister Braz den Avant-Projet vum Nationalitéitegesetz virgestallt. Wéi hien selwer gesot huet am Jeudi vum 23. Juli, geet et him dorëms d’Zuel vun de Wieler ze erhéijen. Dovun ofgesinn, datt en Nationalitéitegesetz net dofir do ass, fir d’Zuel vun de Wieler ze erhéijen, ass dat virgeschloent Gesetz komplizéiert, et sinn vill ze vill Ausnahmen virgesin an et ass kee roude Fuedem dran ze erkennen.
"Wat oder wéi soll dann elo en Lëtzebuerger sinn?" Op déi Fro bitt de Projet vum Här Braz keng Äntwert. Sécher ass awer, datt d’Sprooch vill manner wichteg soll ginn, wéi et bis elo de Fall war. An dat, obwuel sech d’Lëtzebuerger duerch hier Sprooch identifizéieren. Lëtzebuergesch gëtt parteiiwwergräifend als Integratiounssprooch ugesinn an den Députéierten André Bauler huet nach des Lescht hei am Wort geschriwwen: „Well d’Lëtzebuergescht ass nach ëmmer e wesentlecht Stéck vun eiser kultureller Identitéit. Wann et an engem Land keng gemeinsam Sprooch méi gëtt, gëtt et och keng gemeinsam Identitéit, keng gemeinsam Kultur an och keen Zesummengehéiregkeetsgefill. Ouni eis Sprooch géif et wuel kaum eng Lëtzebuerger Natioun ginn.“
Den Historiker Gilbert Trausch huet am Kontext vun der Onofhängegkeet 1839 an vun der doduerch entstanener „unité lingusitique du luxembourg“ iwwert eis Sprooch geschriwwen: « Ce parler deviendra le lien qui unit tous les Luxembourgeois… » «Il est la langue que parlent et comprennent tous les Luxembourgeois… » An dofir hunn d’Lëtzebuerger och am Gesetz vun 1984 d’Lëtzebuergescht als eenzeg Landessprooch (langue nationale) vun eisem Land festgehal. Nieft Lëtzebuergesch hu mer och 2 aner administrativ Sproochen, däitsch a franséisch.
Am Projet vum Minister Braz spillt eis Sprooch awer keng sou eng grouss Roll. Am Resumé liest sech de Projet sou: "Fir Lëtzebuerger ze ginn muss ee kee Lëtzebuergesch méi schwätzen oder verstoen." Dobäi wier et wichteg, grad nom Referendum, datt bei deem neie Gesetz d’Meenung vun de Wieler géif respektéiert ginn. Beim Sondage vun TNS ILRESS vum 10. November waren 70% vun de Wieler géint eng Vereinfachung vum Sproochentest.
Wat elo d’Gesetz konkret betrëfft, sinn mir:
- guer net averstanen domat, datt een ouni Sproochentest kann Lëtzebuerger ginn, no 8 Joer Residenz.
- dofir, datt den „droit du sol“ nëmmen dann zielt, wann och d’Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht ginn ass.
- dofir, datt een och weiderhin, am Fall vun engem Bestietnis, de Sproochentest muss packen.
- net averstanen mat de villen Ausnahmefäll, déi de Minister Braz proposéiert.
Weider verstinn mir net, firwat den gefroten Sproocheniveau am Test soll erofgoen. De Projet gesäit fir, den Niveau am Verstoen vun B1 op A2 erofzesetzen. Am Héierverständnis géif dat bedeiten, datt een eng Nouvelle um Radio net méi verstoen muss (sou d'Directrice vum INL, Karin Pundel um Radio). Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?
Onerkläerlech ass fir eis, firwat d’Regierung, wann se dann d’Zuel vun de Lëtzebuerger mordicus wëll erhéijen, keng weider konkret Moossnamen virgesäit, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren. Am Gesetz misste Moossnamen dran sinn, déi et hinnen erlaben, Lëtzebuergesch besser, méi séier an méi bëlleg ze léieren. An dat kann och just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héije Stellewäert kritt.
Zum Schluss wëlle mer der Regierung an deenen aneren Parteien un d’Häerz leeën de Leit am Land nozelauschteren an de Projet nach eng Kéier ze iwwerdenken. D’Integratioun huet an de leschten Jorzéngten mat vill Erfolleg fonctionnéiert an dat gëllt et weiderhin bäizebehalen. Am Sënn vun engem gudden Zesummeliewen an enger oppener Gesellschaft ouni Friemenhaass an mat enger gelongener Integratioun op Lëtzebuergesch. Mir wëllen mat eisen neie Lëtzebuerger Lëtzebuergesch schwätzen.
Fred Keup, Mamer
Initiativ nee2015-Wee2050