4.11.2015 Pressecommuniqué zu den Diskussiounen iwwert d'Nationalitéitegesetz

Pressecommunique-nee2015-Wee2050_3.11.2015.pdf (216.8 KiB)

Mir begréissen datt d'CSV,
- net averstanen ass, datt een no 8 Joer Residenz, OUNI TEST, kann Lëtzebuerger ginn.
- fir méi streng Critèren beim droit du sol ass.
- dofir ass, datt een och weiderhin, am Fall vun engem Bestietnis, en Sproochentest am Lëtzebuergeschen muss packen.
- géint Kompensatiounsméiglechkeeten am Sproochentest ass.
- net averstanen ass mat de villen Ausnameregelungen, déi de Minister Braz proposéiert.

Mir verstinn net,
1) firwat den gefroten Sproocheniveau am Test soll erofgoen. Bis ewell muss een am Verstoen den europäesche Referenzniveau B1 erreechen. D’CSV géif de Niveau, sou wéi d’Regierung, op A2 erofsetzen.
Am Héierverständnis géif dat bedeiten, datt een eng Nouvelle um Radio net méi verstoen kann*. Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?
Beim Sondage vun TNS ILRESS vum 6. Juni war eng grouss Majoritéit vun de Wieler géint en Erofsetzen vum Sproocheniveau, nëmmen 34% waren domat averstanen. Mir fannen et dofir wichteg, datt bei deem neien Gesetz d’Meenung vun de Wieler respektéiert gëtt.

2) firwat d’CSV, mä och d’Regierung, keng weider Moossnamen virgesinn, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren. (am Annexe)

 

D’Initiativ nee2015 – Wee2050
Mail: kontakt@nee2015.lu

Annexe:
Moossnamen, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren.


D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun.
Géint en Erofsetzen vum Sproocheniveau fir déi duebel Nationalitéit.
Vereinfachungen vun de Prozeduren fir d'Nationalitéit ze kréien fir déi Auslänner, déi lëtzebuergesch kënnen.
Eng besser Integratioun duerch méi Sproochecoursen.
Organisatiounen, déi sech fir d'Integratioun asetzen, ënnerstëtzen.

D'Lëtzebuerger Sprooch muss nees vill méi präsent sinn am Alldag.
D'Lëtzebuerger Sprooch soll präsent sinn op den Internetsäiten vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlder a Panneauen.
D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn.
D'Verfassung soll op Lëtzebuergesch sinn an all Gesetzer an EU-Richtlinnen sollen och op Däitsch oder Lëtzebuergesch existéieren.
Datt een hei am Land liewen an schaffen kann matt Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen zu kënnen (All Formulairen vun den Administratiounen sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch)
D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.

De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
Den auslänneschen Matbierger kloer maachen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
Lëtzebuergesch muss an allen staatlech ënnerstëtzten Schoulen zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School) geléiert ginn.
Méi Ënnerstëtzung fir déi Veräiner, déi eng wäertvoll Integratiounsaarbecht maachen mat auslännesche Kanner a Jonken.
An den staatlech ënnerstëtzten Crèchen muss lëtzebuergesch geschwat ginn.

Go back