Pressecommuniqué, 15.3.2016 Nationalitéitegesetz: Besser wéi virdrun mä de Sprocheniveau geet kloer erof.

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-15.3-Gesetz.pdf (81.1 KiB)

Mir bedaueren, datt de Niveau vum Sproochentest kloer erof geet: Huet ee bis elo de Niveau A2 am Schwätzen an den Niveau B1 am Héiere-Verstoen gebraucht, sou geet am neie Gesetz de Niveau A2 am Schwätzen duer. De Niveau B1 am Héiere-Verstoen dee bedeit, datt een eng Nouvelle um Radio verstoe kann, ass net méi gefrot!

Mir erënneren drun, datt dëst Gesetz net dat ass wat d’Lëtzebuerger wëllen: Beim Politmonitor vum Hierscht hunn sech just 26% fir eng Vereinfachung vum Sproochentest ausgeschwat! Fir eis ass dat et eng ongesond Situatioun, well all déi grouss Parteien bei engem Thema net an der politescher Mëtt sinn!

Mä mir begréissen, dass déi ursprénglech extrem Versioun vum Dësch ass an, datt d’Regierung an de Minister Felix Braz sech méi no an déi politesch Mëtt beweegt hunn an eng méi moderat Positioun hu missen anhuelen.

Mir froen eis firwat de Niveau erofgesat gëtt. D’Nationalitéit soll de Schlussakt vun der Integratioun duerstellen an net eng Zwëschenetapp. Hei fënnt eng Integratioun um Pabeier statt an net an der Realitéit, well weder d’Kompetenzen am Schwätzen nach am Verständnis duerginn. Domatt wären déi nei Lëtzebuerger sproochlech nach ëmmer ausgegrenzt. Wier et net och am Sënn vun hinnen, wann si en besseren Niveau an der Sprooch hätten?

Mir fannen et gutt, datt Kanner, déi hei gebuer sinn a gelieft hunn, Lëtzebuerger ginn. Mä mir maachen drop opmierksam, datt ëmmer méi Kanner net méi an de lëtzebuerger Schoulsystem ginn a kee Lëtzebuergesch kënnen.

D’Regierung an d’CSV soen kloer datt d’Lëtzebuergesch wichteg ass als Integratiounssprooch. Mä wann si A soen, sollen se och B soen. Mir vermëssen e gesetzlech festgeluechte Moossnamekatalog fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren: Informatiounscampagnen, méi Sproochecoursen, eng méi héich Präsenz am Alldag, zum Beispill op Internetsäiten, Stroosseschëlder a Panneauen. Wéi soll een d’Sprooch léieren wann een net an Kontakt kënnt mat hir?

Mir géifen eis och freeën wann de Civiques-Cours, dee jo wahrscheinlech net op Lëtzebuergesch ass, wéinstens “Zesummeliewen” géif heeschen a net “Vivre ensemble”!

Mir wëllen keng Laissez-faire-Politik, mä mir fuerderen eng konkret Integratiounspolitik ze maachen, grad am Hibléck op den ugekënnegten 1-Millioun-Awunnerstaat am Joer 2050.


d’Initiativ Wee2050 - nee2015
Mail: kontakt@nee2015.lu

Go back