Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!

Mir wëllen drop opmierksam maachen, dass d’TNS-Ilres, eiser Meenung no, e wichtegen Aspekt vum Nationalitéitegesetz falsch duergestallt huet.

TNS-Ilress freet d’Leit an hirem Sondage em hir Meenung zum „Niveau du test de langue inchangé“ an 50% vun de Lëtzebuerger fannen et gutt, dass den Niveau am neien Gesetz net verännert gëtt.

Mee Fakt ass, dass de Niveau vum Sproochentest erof geet :
Huet ee bis elo de Niveau A2 am Schwätzen an de Niveau B1 am Héiere-Verstoen gebraucht, sou geet am neie Gesetz de Niveau A2 am Schwätzen oder de Niveau B1 am Héiere-Verstoen duer.

Dat ass eng geféierlech Entwécklung well esou Ëmfroen d’Meenungsbildung vun de Lëtzebuerger entscheedend beaflossen.

Wann d‘TNS-Ilres seng Objektivitéit an Seriositéit weise wëll, da soll TNS-Ilress eiser Meenung no:

1) Stellung huelen an soen op se wierklech der Meenung ass, dass de gefroten Sproocheniveau net verännert gëtt.

2) Des Ëmfro op hir Käschten widderhuelen.

Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!

Pressecommunique-Wee2050-nee2015-30.5-TNS-Ilres.pdf (117.1 KiB)

Go back