Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

16.7.2020 D'Wiel vun engem net lëtzebuergeschen Numm weist dass eis Sprooch der Regierung an dem Stater Schäfferotegal ass

(comments: 0)

D'Wiel vun engem net lëtzebuergeschen Numm weist dass eis Sprooch der Regierung an dem Stater Schäfferotegal ass: Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP), Sportschäffin Simone Beissel (DP), 1. Schäffen Serge Wilmes (CSV), Sportminister Dan Kersch (LSAP), Xavier Bettel (DP)

Den neien Numm "Stade de Luxembourg" wäert eis an Zukunft all Kéiers drun erënneren dass d'Lëtzebuerger Sprooch keng Roll méi spillt.

All Kéiers wann se um Radio soen: "Mir schalten elo an de Stade de Luxembourg" wäerte mir drun erënnert ginn, dass hei am Land FRANSÉISCH déi Sprooch ass, déi zielt.

D'Zukunft op Lëtzebuergesch ass e Stéck weider gestuerwen.

DP & LSAP & CSV begruewen se. Leur avenir sera en français.

Read more …

13.7.2020 D'Bevëlkerungsexplosioun ass responsabel fir déi héich Präisser fir d'Wunnen!

(comments: 0)

D'Bevëlkerungsexplosioun ass responsabel fir déi héich Präisser fir d'Wunnen!
Eng vun de groussen internationale Consulting-Firmen, Deloitte, bestätegt dat wat mir scho laang soen. D'Wunnengspräisser ginn ëmmer méi héich wéinst dem onkontrolléierte Wuesstem, deen zu enger Bevëlkerungsexplosioun gefouert huet an domat zu enger ze héijer Nofro un Wunnengen.
Dobäi si mir Europameeschter am Bauen a Verbauen. Lëtzebuerg ass dat Land, dat bei wäitem am meeschten nei Wunnenge pro Joer baut. Pro 1000 Awunner baue mir ronn 12 nei Wunnenge pro Joer. Op Plaz Nummer 2 ass Frankräich mat ronn 7 nei Wunnenge pro Joer op 1000 Awunner.
Bei de Wunnengspräisser sinn 3 Lëtzebuerger Stied ënnert den Top Ten an Europa: d'Stad, Esch, Déifferdeng. D'Stad ass méi deier wéi Inner-London.
Déi eenzeg effektiv Léisung ass fir den Zouwuess vun der Bevëlkerung ze drosselen an zu engem nohaltegen a luese Wuesstem zeréckzekommen.

Quell: (deloitte)
file:///C:/Users/FK/AppData/Local/Temp/deloitte-nl-property-index-2020-final.pdf

Read more …

4.7.2020 Lëtzebuerger, sidd houfereg déi am mannste rassisteschst Bierger op der Welt ze sinn.

(comments: 0)

4.7.2020 Lëtzebuerger,   sidd houfereg déi am  mannste rassisteschst  Bierger op der Welt ze sinn.

Léif Lëtzebuerger, déi meescht Deputéiert an der Chamber mengen zwar, datt vill vun iech Rassiste sinn a mir e mega Rassismusproblem hunn.

An datt mir d'Auslänner net korrekt behandelen. Genau de Géigendeel ass de Fall!

Mir hunn eis ugepasst. Mir hu mat hinnen d'Sprooch geschwat, déi hinnen am bescht läit, a net eis Mammesprooch an eisem Land. Mir waren tolerant. Mir hunn och de Kanner vun de villen Däitscher, Polen, Italiener, Portugisen a Jugoslawen... eng nei Chance ginn, en neit Liewen opzebauen an sech ze integréieren, eis Sprooch gutt ze léieren an sech als Lëtzebuerger ze fillen! Déi allermeeschten Auslänner, och mat anerer Hautfaarf, sinn iech duerfir dankbar!

Si soen iech Merci fir är Toleranz, obwuel mir lo bal bei 50% Auslänner sinn an eis Mammesprooch ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt gëtt!

Mir sinn houfereg déi am mannste rassisteschst Bierger op der Welt ze hunn.

Read more …

20.6.2020 Polizisten sollen d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn! mir ënnerstëtzen d'CGFP

(comments: 0)

Polizisten solle Lëtzebuerger sinn!
Mir ënnerstëtzen d'CGFP.
Den 19. Mee hunn Gambia & CSV an der Chamber ofgestëmmt, dass Auslänner sollen kënnen Polizist ginn.
Mir wëllen awer eng Police mat Leit, déi vun hei sinn, déi d'Land an d'Leit kennen.
Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi mat dem Unhuelen vun der Nationalitéit bewisen hunn, dass si eist Land gären hunn a respektéieren, Léit, déi déi 3 Sprooche schwätzen a keng Méi gefaart hunn fir se ze léieren.
En Polizist ass schliisslech als Staatsbeamten direkt un der Ausübung vun der Souveränitéit vun Lëtzebuerg bedeelegt.
 
Den Artikel op RTL:

 

Read more …

22.5.2020 Gambia & CSV, Nee, mir wëllen keng Söldnerpolice, Mir wëllen Leit déi vun hei sinn, Meedercher an Jongen aus Lëtzebuerg

(comments: 0)

An der Chamber huet d'CSV den 19. Mee virgeschloen dass och Auslänner sollen kënnen Polizist ginn.

An d'Kiischt um Kuch: D'CSV huet och virgeschloen, dass een Auslänner kann Polizist ginn, deen mol net hei wunnt: Dëse kéint nämlech dann schonn no 3 Joer hei gewunnt ze hunn, d'Nationalitéit kréien amplaz vun 5 Joer Wunnzäit fir déi aner Auslänner.

Gambia huet iwwerglécklech matgestëmmt, en Geroch vun Revanche iwwert d'Néierlag beim Auslännerwahlrecht 2015 stoung an der Loft.

Si hunn zwar och gesot dass en Polizist d'Landessprooch an déi aner 2 Amtssproochen misst kënnen. Mä wat ass dat wäert wann mir wëssen, dass haut schonn vill Leit Lëtzebuerger ginn duerch ganzeinfach Sproochentester, an awer am reellen Liewen keen Saz Lëtzebuergesch schwätzen kënnen.
Gëtt hei wéi schonn beim Nationalitéitegesetz eis Sprooch bradéiert?

Wat fir Kandidaten sollen dat iwwerhaapt sinn, déi net Lëtzebuerger sinn, an awer déi 3 Sproochen gutt kënnen?
Kënnen dës Kandidaten net souwisou Lëtzebuerger ginn?
Wat soll dat Gesetz dann elo bréngen? Oder ass et wierklech esou geduecht, fir elo eng Dir op ze maachen an dann, a puer Joer, d'Sproocheklausel falen ze loossen?

Esou wéi virun kuerzem schonn d’Residenzklausel falen gelooss ginn ass? (dass en Polizist och huet missen zu Lëtzebuerg wunnen)
Wat fir en Niveau vum Lëtzebuergeschen gëtt hei verlaangt, wann et fäerdeg ass? "Moien an Äddi?"
Schonn an staatlechen Administratiounen lafen Staatsbeamten,déi quasi kee Lëtzebuergesch méi kënnen oder franséisch schwätzen.

"Vos papiers svp?" zu Lëtzebuerg?
De Polizeifunk an de Rettungsfunk net méi op Lëtzebuergesch?
Dann, wann dat kënnt dann wëssen mer definitiv wou mer drun sinn: dann ass eis Sprooch nach Folklor.

Ass et net och ganz einfach eng Fro vun nationaler Souveränitéit?
En Polizist ass schliisslech als Staatsbeamten direkt un der Ausübung vun der Souveränitéit bedeelegt.

Et gesäit dann och esou aus wéi wann et fir d’Regierung méi einfach ass e Gesetz ze maachen dass Léit aus Bulgarien, Rumänien, Lettland, Polen, Slowenien, Slowakei asw, bei d’Police kënne kommen, ewéi de Beruff fir déi, déi hei wunnen, attraktiv ze maachen.

Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi mat dem Unhuelen vun der Nationalitéit bewisen hunn, dass si eist Land gären hunn a respektéieren, Léit, déi déi 3 Sprooche schwätzen a keng Méi gefaart hunn fir se ze léieren.

Dofir:
Fir d'éischt mat alle Mëttelen de Beruff vun der Police erëm attraktiv maachen, genau wéi eng Ausbildung an der Arméi!

Lëtzebuerger sinn och:
Mir hunn dausende jonk Aarbechtsloser, an dovun vill mat Migratiounshannergrond déi sech mat Erfolleg hei integréiert hunn, an och de Schoulsystem hei duerchlaaft hunn, a mir hunn d’Flicht eis ëm déi ze këmmeren!

- Mir bekëmmeren eis ëm déi!

Genau déi jonk Léit haten et oft schwéier an der Schoul, wéinst Sprooch a Kultur, sou dass der net wéineg ouni Ofschloss do stinn.
Bitt hinnen eng Ausbildung un, bei der Arméi z. B. , mee dofir muss een op den Terrain, op déi Jonk zougoen an all deenen, an et sinn der vill, déi keen Talent hunn fir eng akademesch Carrière. Gitt dohin, verkaaft hinnen är Offeren!
Aktiv bei de Client war nach ëmmer déi beschte Verkafsstrategie an net passiv hannert enger Théik.

Maacht de Beruff vun Polizist méi attraktiv!

Read more …