Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

10.10.2016 75 Joer

(comments: 0)

Haut virun 75 Joer hunn d'Lëtzebuerger an engem groussen Resistenzakt dem däitschen Okkupant an der ganzer Welt gewisen dass si en fräit, eegestännegt an onofhängegt Lëtzebuerg wëllen.

An der "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 sinn den Awunner nieft hirem Numm, hirem Beruff asw och nach 3 ganz schwéier Froe gestallt ginn: Zur "Staatsangehörigkeit" zur "Muttersprache" an zur "Volkszugehörigkeit". Obwuel et explizit verbuede war mat "Lëtzebuergesch" ze äntweren, hunn iwwer 90% vun de Leit mat 3-mol Lëtzebuergesch geäntwert. Dëst war en extrem couragéierten Resistenzakt vum ganze Vollek.

D'"Personenstandsaufnahme" war vun de Lëtzebuerger an eng Zort Referendum fir hir Eegestännegkeet a géint d'Besatzung ëmgewandelt ginn.

Read more …

5.10.2016 Ee vun eisen Zieler schéint sech ze realiséieren: Lëtzebuergesch soll als EU-Sprooch unerkannt ginn

Mir begréissen d'Ausso vum Här Meisch fir Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkennen ze loossen.

Doduerch kéint ee vun de Punkten, déi mer an eisen Zieler opzielen, realiséiert ginn.

Ziel 2.2.: "D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn."

All eis Zieler: http://nee2015.lu/index.php/wee-2050.html

Dëst wier en wichtegen symboleschen Schrëtt fir eist Land an eis Sprooch.

Mir wëllen awer och soen dass et ganz wichteg ass dass d'Lëtzebuerger Sprooch erëm méi präsent am Alldag gëtt, well nëmmen sou kënnen eis auslännesch Matbierger se och léieren.

Fir d'Lëtzebuerger Sprooch an fir d'Méisproochegkeet!

Read more …