23.7.2016 Den Här Meisch behaapt Franséisch wier hei zu Lëtzebuerg d'« langue de survie ». Här Meisch, dann erkläert eis wat dann elo mat deenen geschitt, déi keen oder net gutt Franséisch kënnen?
Fir den Här Meisch ass déi franséisch Sprooch zu Lëtzebuerg "la langue de communication et « langue de survie »"
Wat geschitt dann elo mat deenen, déi keen oder net gutt Franséisch kënnen? Kënnen déi net iwwerliewen? Oder sinn déi elo ganz einfach ausgeschloss? (Exklusioun?)
Mir erënneren drun, dass zu Lëtzebuerg nëmmen em déi 10% vun den Awunner frankophon vun doheem aus sinn an dass fir déi aner 90% (Lëtzebuerger wéi Auslänner) et eng Friemsprooch ass.
Wier et net besser eppes dofir ze maachen, dass Lëtzebuergesch erëm "la langue de communication" géif ginn, oder en méisproochegen Model, wou een och mat Lëtzebuergesch, Däitsch oder Englesch kéint iwwerliewen?