Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:
News
3.8.2017 De Fred Keup am Wort an um RTL
Am Wort vum Donneschden, 3. August 2017:
https://www.wort.lu/de/politik/wee-2050-nee-2015-neinsager-in-lauerstellung-5981d229a5e74263e13c51b9
Am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg war de Fred Keup vun der Beweegung "Wee 2050, Nee 2015" Invité um Plateau:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/1064696.html
Hei sinn d'Ziler vum Wee2050:
28.7.2017 Schued dass all déi wichteg Jubiläumen an d'Gambia-Zäit gefall sinn.
Bei der aktueller Regierung steet et schlecht fir eis Geschicht:
Keng vum Staat organiséiert Ausstellung iwwert den 1. Weltkrich,
kee Fest fir 175 Joer Onofhängegkeet,...
Schued dass all déi wichteg Jubiläumen an d'Gambia-Zäit gefall sinn, an dowéinst net anstänneg drun erënnert gouf.
Gëschter, de 27. Juli 2017 hätt den 1. Groussherzog aus eiser Dynastie 200 Joer kritt.
De Groussherzog Adolph von Nassau-Weilburg ass de 27. Juli 1827 zu Wiesbaden gebuer ginn an am Joer 1890 Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Hien ass den Ur-ur-Grousspapp vum aktuelle Groussherzog Henri.
2014: 175 Joer Onofhängegkeet
2014: 100 Joer Ufank vum 1. Weltkrich
2015: 200 Joer Wiener Kongress
2015: 125 Joer Dynastie Nassau-Weilburg
2017: 150 Joer 2. Vertrag vu London
18.7.2017 Dem Ministère seng 30 Experten fir d’Aféiere vum Franséischen an der Spillschoul.
De Ministère presentéiert 30 Experten an dat fir d’Aféiere vum Franséischen an der Spillschoul.
Ee vun deenen "neutralen" "Experten" ass d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI.
Ënnert den "Experten" sinn nach aner politesch Aktivisten, déi net neutral sinn, wéi z.B. de Gilbert Pregno.
Verschidden "Experten" gi mat engem Zitat presentéiert, dat näischt direkt mam Thema ze dinn huet, wéi z.B. de Romain Martin an d'Christine Hélot.
Verschidden Experten hu sech schonn an der Vergaangenheet fir e méi spéit Aféiere vum Franséischen ausgeschwat, also de Contraire vun elo, sou wéi de Romain Martin.
Op mannst een Expert gëtt falsch presentéiert: de Gerard Gretsch ass net (méi) op der Universitéit Lëtzebuerg.
Vill "Experten" aus dem Ausland schwätze vun zweesproocheger Erzéiung, woubäi et hei zu Lëtzebuerg fir zwee Drëttel vun de Kanner dann schonn 3 oder 4 Sproochen sinn, déi si am Spillschoulsalter léiere mussen. (Annick De Houwer, François Grosjean, Ofelia García, Ellen Bialystok)
A verschidden Experte soe mat hirem Zitat eigentlech de Contraire vun deem wat den H. Meisch maache wëll, sou d'Martine Pinzi, si seet dass d'Mammesprooch méi misst gefërdert ginn.
6.7.2017 Merci un d'Politiker aus dësen Gemengen fir Lëtzebuergesch Stroossennimm.
Bravo un déi verantwortlech Gemengepolitiker!
Firwat sinn eis Stroossennimm eigentlech net alleguer an eiser Sprooch?
Gëtt et e Grond fir de Stroossen Nimm an enger Friemsprooch ze ginn, nodeems Lëtzebuergesch schonn 1984 de Statut vun National- an Amtssprooch krut?
Firwat gëtt de lëtzebuergeschen Numm meeschtens "schif" geschriwwen, sou wéi wann dat net sou wichteg wier?
Dobäi kënnt, datt all eis Dierfer an eis méi al Stroosse jo am Original Lëtzebuergesch Nimm hunn. Firwat benotze mer d'Original net?
Op der Foto:
Tandel, Kielen, Käerch, Ëlwen, Rëmeleng, Betzder, Wäisswampech
Souguer an eisen Nopeschlänner gëtt et lëtzebuergesch Stroossennimm:
am Areler Land an der Gemeng Atert: hei
an der "moselle germanophone" zu Forbach (Platt) hei
Ziler vum Wee2050:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html
Wann dir eis Initiativ wëllt ënnerstëtzen dann kënn Dir dat maachen mat engem Don:
http://wee2050.lu/index.php/spenden.html