Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

20.1.2016 Pressecommuniqué: Ouni Lëtzebuerger Sprooch keng voll Integratioun

Ouni Lëtzebuerger Sprooch keng voll Integratioun, net nëmmen am Précoce mä och bei den Accueils-Klassen an am neie Lycée zu Déifferdeng!

D'Lëtzebuerger Schoul an d’Sprooch sinn säit Joerzéngten de Garant fir eng gelongen Integratioun zu Lëtzebuerg, an déi nei Regierungspolitik riskéiert dat elo ze änneren.

Hei ass den ganzen Pressecommuniqué:

 

Read more …

19.1.2016 Fir d'Integratioun ze fërderen mussen d'Kanner sou fréi wéi méiglech gutt lëtzebuergesch léieren!

(comments: 0)

Dem Minister Meisch säi Projet fir e Franséisch-Unterrecht am Précoce anzeféieren (mam wahrscheinlechen Ziel fir d’Alphabetiséierung op Franséisch anzeféieren!) féiert dozou dass d'Roll vun eiser Landessprooch, dem Lëtzebuergeschen, ofhëlt.

Sou gesäit et och de Bildungsfuescher Romain Martin (uni.lu):

"Er (R. Martin) habe aus dem Referendum herausgehört, so Martin, dass Luxemburger einen „ganz, ganz großen Wert auf die luxemburgische Sprache“ legten. Voraussetzung für eine Alphabetisierung auf Französisch sei, Kinder schon im Spielschulalter an Französisch heranzuführen. Dann aber würde Luxemburgisch in den Hintergrund treten, was offensichtlich keiner wolle."

An wieder seet de Romain Martin, datt et éischter besser wier, Franséisch méi spéit ze léieren, wéi bis elo:

"Bildungsforscher Professor Romain Martin schlägt vor: "Vielleicht sollte der Lernprozess in der Grundschule zeitlich so gestreckt werden, dass die Einführung des Französischen nicht so nahe auf den Alphabetisierungsstart im Deutschen erfolgt." Er ist sich sicher: „Die Schullaufbahn ist lange genug, um Fremdsprachen auch etwas später erfolgreich zu lernen.“"

Quellen:

(http://www.land.lu/…/…/21/schicksalsfrage-sprachen%E2%80%A9/)

(http://www.wort.lu/…/franzoesisch-als-erste-sprache-in-der-…)

Read more …

18.1.2015 D'Lëtzebuerger Sprooch ass essentiell fir eng voll Integratioun!

(comments: 0)

D'Gewerkschaft SNE-CGFP kritiséiert de Projet vum Minister Meisch fir schonn am Précoce de Franséisch-Unterrecht anzeféieren.

Mir schléissen eis der Kritik un an betounen:

- datt d'Lëtzebuerger Sprooch d'Basis ass fir d'Integratioun vun de Kanner.

- datt de Lëtzebuerger Schoulsystem bis elo de Garant war fir eng gutt Integratioun vun den Auslänner.

- datt de Précoce do ass fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren an sou besser virbereed an d'Primärschoul ginn.

- datt een d'Kanner, an ganz besonnesch déi auslännesch Kanner, net soll schonn sou fréi mat zousätzlechen Friemsproochen belaaschten, well se vun doheem nach aner Sproochen schwätzen.

- datt net kloer ass ween dann elo soll den Franséisch-Unterrecht am Précoce halen.

de ganzen Pressecommuniqué:

http://news.eldo.lu/aktuell/whatshot/65321.html

Read more …