8.11.2016 Maacht eppes géint de Stau!
staarke Wuesstem => vill méi Awunner & Frontalieren => vill méi Autoen => vill méi Verkéier => vill méi Stau
Dofir si mir fir e moderate Wuesstem.
Heiansdo ass manner méi!
staarke Wuesstem => vill méi Awunner & Frontalieren => vill méi Autoen => vill méi Verkéier => vill méi Stau
Dofir si mir fir e moderate Wuesstem.
Heiansdo ass manner méi!
Den Tram kënnt gläich.
Nach sinn d'Nimm vun den Statiounen awer net all bekannt.
Dobäi kéint ee roueg déi lëtzebuergesch Nimm benotzen sou wéi et och um Busreseau am ganze Land gréisstendeels gemaach gëtt:
z.B Stäreplaz amplaz "place de l'étoile"
Paräisser Platz amplaz "place de Paris"
Rout Bréck amplaz "pont rouge" ...
Dat géif kengem wéi doen, et géif eis Sprooch méi visibel maachen am ëffentleche Raum, an méi einfach fir ze léieren.
http://nee2015.lu/index.php/press.html?file=files/Site/2016/Leserbrief%2022.10.2016.jpg
D'Regierung gëtt ëmmer méi Suen aus a mécht d'Land ofhängeg vu weiderem Wuesstem Richtung 1,2 Milliounen-Awunner-Staat. Laangfristeg fonctionnéiert dee System op Käschten vun eise Kanner a vun eiser Liewensqualitéit.
Hei as eisen Artikel iwwert den onkontrolléierten Wuesstem: