19.4.2017 Petition n°767 Lëtzebuergesch als Flichtsprooch an de Klinicken
Hei ass de Link fir bei d'Chamberpetitioun:
Hei ass de Link fir bei d'Chamberpetitioun:
Fir wee maachen d’DP an de Minister Meisch Politik?
Fir d'Lëtzebuerger oder fir déi franséisch Partei UDI?
Mir waren erstaunt ze liesen, datt déi aktuell Politik vun der DP a vum Minister Meisch esou no un de Fuerderunge vun engem Bréif vun der UDI-Lëtzebuerg vu virun 3 Joer läit.
Den UDI-President Bruno Théret, deen och Member vun der "Assemblée des Français de l'étranger" ass, hat sech un de Lëtzebuerger Educatiounsminister gewannt fir mat aggressive Fuerderungen d'Schoulpolitik hei am Land ze re-orientéieren.
An dësem Bréif gëtt drop gedrängt fir den Enseignement ëmmer méi op Franséisch ze maachen, fir ëffentlech international Schoulen opzeriichten, an fir déi franséisch Alphabetiséierung anzeféieren. Däitsch a Lëtzebuergesch, sou wéi d’Méisproochegkeet am Allgemengen, ginn als net esou wichteg duergestallt. De Message ass: Eis Sprooch sollt dach dat Franséischt sinn
DE GANZEN PRESSECOMMUNIQUE: http://wee2050.lu/index.php/press.html?file=files/Site/2017/Pressecommunique-Wee2050-nee2015-%206.4%20LettreMeisch.pdf
D'Reaktioun vum Minister Meisch huet net lang op sech warden gelooss: https://www.gouvernement.lu/6872751/06-Wee2050-menje
Sou steet et am Sozialalmanach vun der Caritas.
Endlech gëtt den 1-Milliounawunnerstad mol richteg thematiséiert.
Dat war och een vun eisen Zieler déi mir am August 2015 fir de Wee2050 festgeluecht hunn:
Fir e nohaltegen kontrolléierten Wuesstem bis 2050
Hei elo de Link op d'Säit vun RTL: Sozialalmanach vun der Caritas
De Minister Meisch wëll elo manner Lëtzebuergesch an dofir méi Franséisch an der Spillschoul an am Précoce.
Mir soe NEE. Ënnerschreift dofir d'Petitioun vum Schoulmeeschter J. Dahm mam Titel "NON à l'initiation au français à la crèche et au cycle 1 (=Spillschoul) et NON à l'apprentissage du français oral au premier trimestre du cycle 2.1 (=1. Schouljoer)"
Lëtzebuergesch ass eis gemeinsam an eenzeg Integratiounssprooch.
2/3 vun de Kanner an der Spillschoul schwätzen awer doheem kee Lëtzebuergesch.
Dofir ass d'Spillschoul op Lëtzebuergesch essentiell fir eng gutt Integratioun, fir d'Chancëgläichheet an eng gutt Viraussetzung fir d'Alphabetiséierung op Däitsch am 1. Schouljoer.
Franséisch an Englesch kënnen d'Kanner wéi bis elo, och méi spéit, léieren.
Dat gesäit och de Bildungsfuerscher Romain Martin esou:
"Bildungsforscher Professor Romain Martin schlägt vor: "Vielleicht sollte der Lernprozess in der Grundschule zeitlich so gestreckt werden, dass die Einführung des Französischen nicht so nahe auf den Alphabetisierungsstart im Deutschen erfolgt." Er ist sich sicher: „Die Schullaufbahn ist lange genug, um Fremdsprachen auch etwas später erfolgreich zu lernen.“"
Merci Luxtram Merci Stad Lëtzebuerg
Merci!
D'Statiounen um Kierchbierg:
• Luxexpo
• Alphonse Weicker
• Nationalbibliothéik / Bibliothèque nationale
• Universitéit
• Coque
• Europaparlament / Parlement européen
• Philharmonie - Mudam
• Pafendall - Rout Bréck
D'Statiounen um Lampertsbierg:
• Theater
• Faïencerie
• Stäreplaz / Etoile
Am Oktober hate mer dat nach an engem Post op Facebook gefuerdert: https://www.facebook.com/nee2015.lu/photos/a.894583283935502.1073741830.889354561125041/1286715814722245/?type=3&theater
An och bei eisen 10 Aktiounspunkten:
http://wee2050.lu/index.php/press.html?file=files/Site/2017/Pressecommunique-Wee2050-nee2015-11.1.2017%20Aktiounspunkten.pdf