15.4.2015 "nee2015.lu" ass invitéiert op en Informatiounsowend zu Kolmer-Bierg.
Mir kruten den Owend Bescheed gesot dass mir um Informatiounsowend deelhuelen kënnen. E grousse Merci un d'Integratiounskommissiounen aus der Nordstad.
Dat ass den Donneschden 23. Abrëll um 19:30 zu Kolmer-Bierg am Kulturzentrum .
Weider si mir den Dënschden 21. Abrëll um 18:30 zu Esch an der Kulturfabrik.
Vun der Gemeng Betzder kruten mir leider eng negativ Äntwert.
Elo waarden mir nach op d'Äntwert vun der Gemeng Stroossen fir de Mëttwoch 29. Abrëll.