Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

9.4.2020 Klibberen, en Deel Lëtzebuerger Kultur

(comments: 0)

Klibberen, en Deel Lëtzebuerger Kultur:
Op Gréngen Donneschden ginn d'Klacken op Roum beichten. Dann ginn d'Kanner moies, mëttes an owes, bis Karsamschden klibberen, fir d'Klacken ze ersetzen. Op Karsamschden ginn d'Kanner dann bei d'Leit schellen a kréien Eeër oder Suen. Si sangen dann: "Dik dik dak, dik dik dak, muer ass Ouschterdag! Sangt dann Halleluja!"
 
Leider gëtt et dësen Deel vun eiser Kultur, Geschicht an Identitéit ëmmer manner.
 
Dëst Joer fält d'klibberen op de Stroossen awer wéinst dem Corona aus.
 
Hoffentlech geet et awer nächst Joer weider an hoffentlech kann dës flott Traditioun sech och nach déi nächst 100 Joer erhalen.

Read more …

1.4.2020 Ëmmer méi Lëtzebuerger mussen hir Heemecht verloossen

(comments: 0)

D'Zuel vun den Awunner wiisst weider extrem schnell:

vun 613.900 (2019) op 626.100 (2020)

Trotzdeem verloossen all Joer vill Lëtzebuerger hir Heemecht.

Am Joer 2019 sinn ënnert dem Strëch 1.067 Lëtzebuerger fort gaangen an d'Ausland.

Am ganzen wunnen ronn 70.000 Lëtzebuerger an Ausland.

Zu Lëtzebuerg wunnen 330.000 Lëtzebuerger.

Vun den am ganzen 400.000 Lëtzebuerger op der Welt sinn der 17,5 % déi am Ausland wunnen an 82,5, déi zu Lëtzebuerg wunnen.

________________

Wee2050: Zanter dem Referendum 2015 setzen mir eis an fir d'Lëtzebuerger Sprooch a fir en méi luesen a verstännege Wuesstem. www.wee2050.lu

Ënnerstëtzt Lëtzebuerg! Ënnerstëtzt eis!

Mat engem Don: http://wee2050.lu/index.php/spenden.html

Read more …

16.3.2020 Bleift doheem! Haalt Ofstand!

(comments: 0)

Bleift doheem!

Wann dir raus musst, dann haalt 2 Meter Ofstand wa méiglech.

Mir sinn nach am Ufank vun enger Lawin vu Krankheetsfäll, déi drot eisen Gesondheetssystem eventuell ze iwwerrullen.

Duerfir ass et wichteg, datt déi Lawin nach uewen am Bierg reduzéiert gëtt. Duerfir, bleift doheem, da kënnt dir iech an är Famill net ustiechen an dir kënnt och keen ustiechen.

Des einfach Moossnam mécht, datt déi Lawin vill, vill méi kleng gëtt. 10 kg manner Schnéi beim Ufank vun der Lawin sinn e puer 100 Tonnen manner am Dall.

Versuergt iech! Bleift gesond a monter!

Read more …