Eis Ziler (allgemeng festgeluecht am August 2015)

Säit dem Referendum 2015 setzen mir eis an fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir d'Méisproochegkeet) a fir en méi luesen a verstännege Wuesstem.
Am Mäerz 2015 haten mir eis gegrënnt als NEE2015 fir och dem Nee eng Stëmm ze ginn an der Campagne fir de Referendum zum Auslännerwahlrecht, also fir de Status Quo.
Trotz dem massiven Apparat fir de Jo aus Parteien, Medien, Gewerkschaften, Patronatsvertriedungen, Wirtschaft, Kënschtler asw.. hu mir et deemools fäerdeg bruecht mat vill Courage an mat der Hëllef vun ganz vill vun iech, dem Nee och eng Plaaz ze ginn an d'Resultat war dunn de 7. Juni en méi wéi däitlechen 80%.
Säit deem maachen mir mat ganz vill Asaaz an och Erfolleg weider, an den traditionnellen Medien, um Internet, op Facebook. Ëmmer sachlech a fair, awer och bestëmmt!
Ënnerstëtzt eis mat engem Don: http://wee2050.lu/index.php/spenden.html

 

 

  1. D'lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun.
1.1. Géint d'Erofsetze vum Sproochenniveau fir déi duebel Nationalitéit.
1.2. Fir déi Auslänner, déi Lëtzebuergesch kënnen, sollen d'Prozedure fir d'Nationalitéit ze kréien, vereinfacht ginn.
1.3. Eng besser Integratioun duerch méi Sproochecoursen.
1.4. Organisatiounen, déi sech fir d'Integratioun asetzen, ënnerstëtzen.
1.5. Méi Ënnerstëtzung fir d'Veräiner, déi eng wäertvoll Integratiounsaarbecht mat auslännesche Kanner a Jonke maachen.
  1. D'Lëtzebuerger Sprooch muss am Alldag nees vill méi präsent sinn.

2.1. D'lëtzebuerger Sprooch muss prioritär präsent sinn op den Internetsäite vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneaue.
2.2. D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn.
2.3. D'Verfassung soll op Lëtzebuergesch sinn an d'Gesetzer solle sou wäit wéi méiglech och op eng aner Sprooch iwwersat ginn.
2.4. Datt een hei am Land liewen a schaffe kann, mat Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen (All Formulaire vun den Administratioune sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch). Sou kéinten d'Auslänner sech éischter op déi lëtzebuerger Sprooch konzentréieren.
2.5. D'lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.
  1. De lëtzebuergesche Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.

3.1. Den auslännesche Matbierger kloer maachen, datt hir Kanner nëmmen a lëtzebuergesche Schoulen voll integréiert ginn.
3.2. Lëtzebuergesch muss an alle staatlech ënnerstëtzte Schoulen zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School), ugebuede ginn.
3.3. An de staatlech ënnerstëtzte Crèchen muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.
3.4. Am Précoce an an der Spillschoul soll d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen am Mëttelpunkt stoen a keng weider Friemsproochen geléiert ginn.
  1. Nei Weeër goen fir der politescher Mëtt eng Stëmm ze ginn.

4.1. Fir méi direkt Demokratie a fir eng Méiglechkeet fir e Referendum oder en 2. Vote zu engem bestëmmte Gesetz unzefuerderen.
4.2. Kritesch Themen, déi net genuch an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn, uschwätzen.
4.3. Duerch den Asaz vum Internet d'Leit méi abannen an den demokratesche Prozess.
4.4. Themen uschwätzen, déi déi Schwaach an der Gesellschaft betreffen. (Abrëll 2018)
  1. Fir en nohaltegen, kontrolléierten Wuesstem bis 2050

5.1. De Wuesstem deen op e staarkt Zouhuele vun der Immigratioun an de Grenzgänger baséiert, thematiséieren.
5.2. D'Konsequenze vum Wuesstem op eis Liewensqualitéit diskutéieren (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung).
5.3. D'Käschte vun neier Infrastruktur fir de Staat thematiséieren (z.B. nei Autobunnen, Schoulen, Staatsbeamten, Waasserversuergung an Spideeler).
5.4. D'Ofhängegkeet vun eise Sozialsystemer vun engem staarke Wuesstem thematiséieren.
5.5. D'Konsequenze vum Wuesstem op déi sozial Schwaach (Mindestakommes, Kleng Renten...) thematiséieren. (Abrëll 2018)
 

10 konkret Aktiounspunkten fir d’Lëtzebuerger Sprooch!

D’Petitioun No 698 fir d’Lëtzebuerger Sprooch vum Lucien Welter huet 14.702 Stemmen krut, a weist datt d’Lëtzebuerger wëllen datt hir Sprooch am Alldag méi héichgehale gëtt. Eng Géigepetitioun déi bal 10.000 Stëmme manner krut, klammert sech um Status Quo, deen awer alles anescht wéi eng fair a gerecht Méisproochegkeet ass. Am Géigendeel, am Alldag ass villes net op Lëtzebuergesch oder Däitsch, mä exklusiv op Franséisch. Dat weist eng intern Etude vun eis kloer. (am Annexe)

Mir proposéieren hei 10 konkret Aktiounspunkten, déi einfach ëmsetzbar sinn: Fir eng richteg Méisproochegkeet am Alldag wou d'Lëtzebuergescht als Nationalsprooch an als administrativ Sprooch och zur Geltung kënnt a wou Däitsch a Franséisch sech am Equiliber halen, an dat mat guddem lëtzebuerger Pragmatismus.

Zil vun den Aktiounspunkten ass d’Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag nees ze erhéijen, och fir deene Leit ze hëllefen, déi Lëtzebuergesch léieren an hinnen ze weisen, datt eis Sprooch wichteg ass. Dat war jo och d’Uleies vum Vusal Gafarov senger Petitioun no. 602.

Am Sënn vum gudde lëtzebuergesche Pragmatismus limitéieren sech d’Aktiounspunkten op lëtzebuergesch Nimm a kuerz Sätz woubäi laang Texter op Däitsch a Franséisch kënne sinn.

Kommt mir maache mol einfach pragmatesch Schrëtt, déi séier a bëlleg ëmzesetze sinn, déi eng ganz kloer Opwäertung vun eiser Sprooch bedeiten an déi awer kengem wéi dinn!

10 konkret Aktiounspunkten fir d’Lëtzebuerger Sprooch

  1. D'Uertschaftsschëlter sinn op Lëtzebuergesch, déi däitsch a franséisch Bezeechnung steet a méi klenger Schrëft drënner.
  2. D'Nimm vun den Zuch-, Bus- an Tramsstatioune sinn op Lëtzebuergesch.
  3. Jiddereen deen iwwer d‘Strooss, d‘Schinn (Gare), de Fliger (Fluchhafen) an d'Land erakënnt, gëtt vun engem Schëld op Lëtzebuergesch begréisst. Méi kleng drënner kann d’Begréissung och op Däitsch, Franséisch oder Englesch stoen.
  4. All Schëlter déi op d’Infrastrukture vum Staat oder enger vun enger Gemeng hiweisen (Schwämm, Schoul, Kierfecht, Spidol, asw.) sinn op Lëtzebuergesch. E Piktogramm soll garantéieren datt jiddereen d'Schëld versteet.
  5. All Websäite vu Gemengen an Administratioune begréissen d'Leit op Lëtzebuergesch. D’Websäite sinn op mannst an 2 vun eisen 3 administrative Sproochen disponibel, sou datt eng Persoun déi keen Däitsch oder Franséisch kann hei am Land net diskriminéiert gëtt.
  6. All Standardbréiwer a Formulaire vun de Gemengen an Administratioune sinn op mannst op 2 vun eisen 3 administrative Sprooche geschriwwen, sou datt eng Persoun déi keen Däitsch oder Franséisch kann hei am Land net diskriminéiert gëtt.
  7. All Brochuren a Campagnen vun Administratiounen a Gemengen däerfen net an enger eenzeger Sprooch geschriwwe sinn, et sief déi Sprooch wär Lëtzebuergesch.
  8. All Gemengen an Administratioune begréissen de Bierger um Telefon op Lëtzebuergesch a fuere wann néideg an enger anerer Sprooch weider.
  9. Den Term "dans la mesure du possible" am Art. 4 vum Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 gëtt méi restriktiv ausgeluecht wéi bis elo. Am Fall, wou eng Iwwersetzung net méiglech sollt sinn, ass d'Administratioun verflicht de Bierger iwwert déi genee Grënn opzeklären.
  10. De Bierger kann sech un e Gremium wenden, deen d’Implementatioun vun dësen Aktiounspunkten iwwerwaacht.

Den 1-Millioun-Awunnerstaat ? Heiansdo ass manner méi!

Lëtzebuerg wiisst a wiisst a wiisst: Pro Joer ëm duerchschnëttlech 13.ooo Awunner, wat en Wuesstem ausmécht vun 2,3% pro Joer. Fir de Verglach: Schweden läit an der EU op zweeter Plaz mat nëmmen 1%. Eng einfach Héichrechnung ergëtt dann eng Steigerung vun haut 563.000 Awunner op am Joer 2050 1.247.830 Awunner. D’Etude "Europop 2013" gesäit allerdings fir 2060 „nëmmen“ 1,1 Milliounen Awunner fir.
 
 De Nohaltegkeetsminister François Bausch, wëll „net doriwwer spekuléieren“, seet awer, dass 700.000 oder 800.000 Awunner realistesch wieren, ouni awer ze preziséieren wéini dat dann sollt sinn. Weider seet de Minister, dass mir fir eis Economie an eisen héije Liewensstandard den héije Wuesstem bräichten. Woubäi gewosst ass, dass en héije Wuesstem och erëm en héije Wuesstem an Zukunft viraussetzt, dass mir also an enger Spiral no uewen gefaangen sinn an iergendwann eis Kanner a Kandskanner d’Konsequenzen ze spieren kréien wann se d’Rad mussen ëmräissen.
 
 Och direkt bréngt den extrem staarke Wuesstem, baséierend op en staarkt Zouhuelen vun der Immigratioun an de Grenzgänger, ganz vill Problemer mat sech an huet Konsequenzen op eis Liewensqualitéit (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung). Jidderee mierkt haut schonn wat et bedeit all Joer 10.000 Autoen méi op der Strooss ze hunn.
 
 En héije Wuesstem féiert weider dozou, dass nei Infrastrukturen musse gebaut ginn. Wéi vill kaschte schlussendlech all déi nei Autobunnen, Eisebunnslinnen, Schoulen,  Sportshalen, Dreckstippen, Spideeler asw? Wéi soll d’Waasserversuergung fir 1 Millioun Awunner garantéiert ginn? Wéi vill Beamten, Polizisten, Pompjeeën a Léierpersonal wäerten am Joer 2050 gebraucht ginn, bei 1 Millioun Awunner?
 
 Ganz aner Froen stellen sech dann a Punkto Zesummeliewen vun de Leit hei am Land. Wou sollen déi 500.000 nei Awunner iwwerhaapt hier kommen? Wéi soll d’Integratioun vun hinnen fonctionnéieren?
 
 An de leschten honnert Joer hunn sech d’Awanderer an engem laange Prozess schlussendlech gutt zu Lëtzebuerg integréiert. Während et fir déi 1. Generatioun ëmmer schwéier war, hunn sech besonnesch d’Kanner, dank der lëtzebuerger Schoul, gutt integréiert an hunn nieft Lëtzebuergesch och Däitsch a Franséisch geléiert. Vill vun hinnen huelen och déi lëtzebuerger Nationalitéit un.
 
 Haut ass dat méi schwiereg well et gëtt ëmmer méi Kanner déi net an de lëtzebuerger Schoulsystem ginn an ausserdeem ass d’Zuel vun Immigranten an de leschte Joer immens staark geklommen.
 
 An deem Sënn misst d’Schoul onbedéngt hir duebel Roll bäibehalen, déi éischtens doran besteet, de Kanner déi beschtméiglech Startchancë fir d’Liewen ze ginn an, zweetens, dass si och déi Plaz ass an bleift wou d’Basis fir d’sozial Kohäsioun (!) geluecht gëtt. Grad an engem Land mat esouvill Auslänner a mat esou engem staarke Wuesstem, ass d’Zesummeliewen léieren dat wichtegst. An fir zesumme kënnen ze liewen, muss een eng gemeinsam Sprooch hunn.
Während de Précoce geschaaft ginn ass, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren an sou besser virbereed an d'Primärschoul ginn an op deem Wee eng besser Integratioun an e bessert Mateneen soll erreecht ginn, ginn et haut Pläng fir am Précoce och schonn franséisch anzeféieren.
 
 E Franséisch-Unterrecht am Précoce, mam wahrscheinlechen Ziel fir d’Alphabetiséierung op Franséisch anzeféieren, géif engersäits dozou féieren dass d'Roll vum Lëtzebuergeschen ofhëlt, an anerersäits wier et fir dat sozialt Zesummeliewe falsch, well et zu Parallelgesellschaften géif féieren, wou déi vill Awunner dann niefteneen anstatt mateneen géifen liewen. Et kann een also bei sou Iddien staark drun zweiwelen op et och am Milliounestaat vun 2050 déi sou wichteg Solidaritéit zwëscht den Awunner nach däerft ginn.
 
 Dofir sollte mir eis staark maachen fir d’Integratioun an dat sozialt Zesummeliewen an der Gesellschaft ze erhalen. An hei spillt eis Sprooch eng ganz wichteg Roll. Dofir sollt alles gemaach ginn fir den auslännesche Matbierger et besser ze erméiglechen an si och ze motivéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dat kann awer just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch eng méi héich Visibilitéit kritt duerch eng Präsenz am Alldag. (Wat natierlech net ausschléisst dass och weiderhin aner Sproochen benotzt ginn.) De lëtzebuergeschen eenheetlechen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn an de Précoce muss do sinn, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren.
 
 Schlussendlech stellt sech d’Fro op mir weider esou ee Wuesstem wëllen oder op et net aner Weeër ginn. Am Hibléck op eis Kanner a Kandskanner sollte mer de staarke Wuesstem an all seng negativ Konsequenzen hannerfroen. Heiansdo ass manner méi!
 
Fred Keup, Mamer
Initiativ Wee2050/Nee2015
19. Mäerz 2016 am Wort

La situation de la langue luxembourgeoise

 

(Si j’écris cette lettre en langue française, c’est que Monsieur le Ministre Claude Meisch a déclaré le français « langue de survie au Luxembourg » et que je n’ai point envie de passer dans l’au-delà.)

fir OP LËTZEBUERGESCH ËNNEN DRËNNER kucken

On entend que la langue luxembourgeoise se porte au mieux, qu’il n’y a jamais eu plus de locuteurs et qu’elle n’a jamais été utilisée plus qu’aujourd’hui. On se moque un peu que l’UNESCO l’ait mise sur la liste des langues en danger et on ridiculise et on traite de rétrograde les défenseurs de cette langue.

Alors qu’en est-il de la situation de notre langue nationale ? Du point de vue statistique, il semble en effet que le nombre absolu de personnes maîtrisant le luxembourgeois ait augmenté, ce qui est d’ailleurs lié à la forte croissance de la population.  Cette augmentation constitue cependant un leurre et il s’avère impératif de consulter les chiffres relatifs, qui eux, montrent le contraire : Le pourcentage de personnes maîtrisant le luxembourgeois est en nette diminution depuis des décennies et plus particulièrement les dernières années. Selon le recensement populaire en 2011, 70.5% de la population utilisait la langue luxembourgeoise au quotidien. Dans la ville de Luxembourg ce chiffre descendait même à 48,8%. En clair, plus de 50% des habitants de la ville de Luxembourg ne maîtrisent pas ou n’utilisent pas le luxembourgeois! Pire, au vu de l’augmentation du pourcentage d’étrangers habitants la capitale, le nombre de locuteurs luxembourgeois devrait continuer à régresser encore considérablement à l’avenir.

Cette situation, les Luxembourgeois la vivent au quotidien et au fil des 3 dernières décennies ils ont pu voir le retrait de leur langue dans beaucoup de domaines : les réunions de parents à l’école, les réunions de quartier, les entraînements de clubs sportifs, les manifestations populaires, culturelles ou sportives, lors de messes de l’Église catholique, les formations continues, les calendriers, flyers et brochures distribués par le commerce et les associations, les publicités au cinéma….

Et ne parlons pas des commerces, restaurants et hôpitaux, où, encore dans les années 80 (et oui, difficile à croire aujourd’hui), presque tout le personnel parlait le luxembourgeois.

Le constat est simple : La langue luxembourgeoise disparaît petit à petit de l’espace public, remplacée largement et surtout par le français. Même chose pour l’allemand qui a dû céder sa place primordiale sur les formulaires, les publicités, les panneaux, les brochures d’information. Rappelons par ailleurs que le français reste une langue étrangère pour 90% de la population du Luxembourg.

Alors pour être « in » certains acteurs proposent des ouvrages bilingues français/anglais ce qui n’aide pas vraiment le Luxembourgeois lambda. Les dommages collatéraux sont ces habitants, luxembourgeois ou non-luxembourgeois qui éprouvent des difficultés d’apprendre les langues étrangères, dont des personnes avec des difficultés d'apprentissage ou ayant un handicap, ou alors des personnes qui perdent leurs connaissances en langue comme par exemple les personnes âgées, des personnes atteintes de démence ou alors tout simplement les personnes qui ont fait leurs études et/ou qui ont vécu à l’étranger. Et finalement, nos enfants qui ne maîtrisent pas (encore) le français.

Pour le gouvernement de M. Bettel, ceci ne semble pas être une priorité, bien loin des préoccupations de la population! Le ministre Meisch va même donner une direction inappropriée au débat en déclarant le français « langue de survie » au Luxembourg.

 

 

Alors que pourrait faire un gouvernement pour freiner le déclin de la langue luxembourgeoise ?

  • Affirmer l’importance du luxembourgeois, comme seule langue nationale, dans la vie quotidienne.
  • Renforcer la présence du luxembourgeois sur les sites internet des administrations et communes ainsi que sur les panneaux, les noms de rues et en général dans l’espace public.
  • Faire reconnaître la langue luxembourgeoise comme langue officielle de l’UE.
  • Promouvoir le système scolaire luxembourgeois comme meilleur outil d’intégration.
  • Privilégier la situation primordiale de notre langue nationale dans les crèches et autres établissements éducatifs.
  • Encourager les immigrants d’apprendre comme première langue le luxembourgeois,
  • et leur permettre de vivre au Luxembourg sans nécessairement devoir faire le détour par le

français.

Finalement, il nous incombe de mettre au clair :  Ces mesures ne feraient de mal à personne, le but n’étant ni un repli identitaire ou national, ni une contestation du multilinguisme, mais bel et bien une ouverture à l’intégration et à la pérennité de notre langue.

 

D'Situatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

(Ech schreiwen dëse Bréif op Franséisch, well de Minister Claude Meisch gesot huet, dass Franséisch "d’Iwwerliewensprooch zu Lëtzebuerg" wier an ech wëll awer nach e puer Joer hei verbréngen)

Et héiert een oft, dass et der Lëtzebuerger Sprooch ganz gutt geet, dass et ni méi Spriecher goufen an dass se ni méi benotzt ginn ass wéi hautzedaags. Et gëtt sech lëschteg gemaach wann d'UNESCO si op d'Lëscht vun den bedréiten Sproochen setzt an d‘Verfechter vun eiser Sprooch ginn als verréckt oder réckstänneg bezeechent.

Wéi ass dann elo d'Situatioun vun eiser Nationalsprooch? Aus statistescher Siicht, schéngt et, datt déi absolut Zuel vun de Leit déi Lëtzebuergesch schwätzen geklomm ass, wat natierlech mam staarke Wuesstem vun der Bevëlkerung verbonnen ass. Dës Erhéijung ass awer eng Illusioun an et ass wichteg déi relativ Zuelen kucken, déi de Géigendeel weisen: De Prozentsaz vun de Leit, déi Lëtzebuergesch kënnen geet säit Joerzéngten erof a besonnesch an de leschte Joren. Laut der Vollekszielung vun 2011, sinn et just nach 70,5% vun der Bevëlkerung, déi d'Lëtzebuerger Sprooch am Alldag benotzen. An der Stad Lëtzebuerg sinn et souguer nëmmen nach 48,8%. Fir et kloer ze soen, méi wéi 50% vun den Awunner vun der Stad Lëtzebuerg kënnen net méi Lëtzebuergesch schwätzen oder benotzen et op mannst net méi! An duerch den ëmmer méi héijen Undeel vun auslännesche Matbierger an der Haaptstad wäert d’Zuel vun deenen déi Lëtzebuergesch schwätzen och an Zukunft wieder erof goen.

Dëst mierken Lëtzebuerger och an hirem Alldagsliewen wou si gesinn dass an de leschten 3 Joerzéngten en Réckzuch vun hirer Sprooch a ville Beräicher statt fonnt huet: Eltereversammlungen an der Schoul, Quartiersreuniounen, Trainingen vun de Sportveräiner, kulturell oder sportlech Manifestatiounen, d‘Massen vun der kathoulescher Kierch, bei der Weiderbildung, op Kalenneren, Flyeren vun de Geschäfter a Veräiner, Reklammen am Kino, verdeelte Broschüren ....
Net ze schwätzen vun de Geschäfter, Restauranten a Spideeler, wou, an der 80er joren (jo, et ass haut schwéier ze gleewen), bal d’ganzt Personal Lëtzebuergesch geschwat huet.

Fakt ass: D’Lëtzebuerger Sprooch verschwënnt lues a lues aus dem ëffentleche Raum, a gëtt virun allem duerch déi franséisch ersat. Dat selwecht geschitt mam Däitschen, dat fréier eng wichteg Roll hat bei Reklammen, Schëlter an Fluchziedelen. An deem Kontext sollt een drun denken dass Franséisch eng Friemsprooch fir 90% vun der Populatioun vu Lëtzebuerg duerstellt.

Fir "in" ze sinn ginn haut eng ganz rei vun Publikatiounen zweesproocheg Franséisch / Englesch ugebueden. Dat hëlleft dem Duerchschnëttslëtzebuerger awer an villen Fäll net onbedéngt weider.

Et sollt een net vergiessen dass et Leit ginn déi sech ganz schwéier dinn fir Friemsproochen ze léieren (z.B. Leit mat Behënnerung, Leit mat Sproocheproblemer, Leit mat Léierschwieregkeeten) oder se vergiessen (al Leit, dement Leit, Leit déi laang am Ausland gelieft hunn) oder se nach net geléiert hunn ( Kanner, Auslänner).

 

Fir d'Regierung vum Här Bettel, schéngt dat keng Prioritéit ze sinn. An domat sinn sinn si wäit ewech vun de Suerge vun der Bevëlkerung. De Minister Meisch geet esouguer sou wäit an gëtt dem ganzen Debat eng komplett falsch Richtung wann hien déi franséisch Sprooch zur „Iwwerliewensprooch" zu Lëtzebuerg deklaréiert.


Wat kéint dann elo eng Regierung maachen fir de Lëtzebuerger Sprooch laangfristeg ze hëllefen? 

- D’Wichtegkeet vum Lëtzebuergesch, als eenzeg Nationalsprooch vum Land, am Alldag ervirsträichen.

- D'Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch verstäerken op den Internetsäiten vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneauen a ganz generell, am ëffentlech Raum.

- Lëtzebuergesch unerkennen loossen als eng offiziell Sprooch vun der EU.

- De lëtzebuergeschen Schoulsystem als beschten Integratiounswee promovéieren.

- Lëtzebuergesch muss eng prioritär Roll spillen an de Crèchen an an aneren Bildungsstrukturen

- d‘Immigranten dozou motivéieren fir als éischt Sprooch Lëtzebuergesch ze léieren,

- an hinnen erlaben zu Lëtzebuerg ze liewen, ouni onbedéngt den Ëmwee iwwert d’Franséisch mussen ze maachen

Zum Schluss wollte mer kloer stellen: Dës Mesuren géifen kengem schueden! D'Zil ass weder eng eng identitär oder national Réckbesënnung nach an Afrostellung vun eiser sou wäertvoller Méisproochegkeet. Et ass eng oppen Dir fir d’Integratioun an eng Hëllef fir en laangfristegt Iwwerliewen vun eiser Sprooch.


Fred Keup, Mamer
Initiativ Wee2050 / nee2015

24. September 2016 am Wort