Den 1-Millioun-Awunnerstaat ? Heiansdo ass manner méi!

Lëtzebuerg wiisst a wiisst a wiisst: Pro Joer ëm duerchschnëttlech 13.ooo Awunner, wat en Wuesstem ausmécht vun 2,3% pro Joer. Fir de Verglach: Schweden läit an der EU op zweeter Plaz mat nëmmen 1%. Eng einfach Héichrechnung ergëtt dann eng Steigerung vun haut 563.000 Awunner op am Joer 2050 1.247.830 Awunner. D’Etude "Europop 2013" gesäit allerdings fir 2060 „nëmmen“ 1,1 Milliounen Awunner fir.
 
 De Nohaltegkeetsminister François Bausch, wëll „net doriwwer spekuléieren“, seet awer, dass 700.000 oder 800.000 Awunner realistesch wieren, ouni awer ze preziséieren wéini dat dann sollt sinn. Weider seet de Minister, dass mir fir eis Economie an eisen héije Liewensstandard den héije Wuesstem bräichten. Woubäi gewosst ass, dass en héije Wuesstem och erëm en héije Wuesstem an Zukunft viraussetzt, dass mir also an enger Spiral no uewen gefaangen sinn an iergendwann eis Kanner a Kandskanner d’Konsequenzen ze spieren kréien wann se d’Rad mussen ëmräissen.
 
 Och direkt bréngt den extrem staarke Wuesstem, baséierend op en staarkt Zouhuelen vun der Immigratioun an de Grenzgänger, ganz vill Problemer mat sech an huet Konsequenzen op eis Liewensqualitéit (z.B. Wunnengsnout, Verkéierschaos, Ëmweltproblemer, a Verbauung). Jidderee mierkt haut schonn wat et bedeit all Joer 10.000 Autoen méi op der Strooss ze hunn.
 
 En héije Wuesstem féiert weider dozou, dass nei Infrastrukturen musse gebaut ginn. Wéi vill kaschte schlussendlech all déi nei Autobunnen, Eisebunnslinnen, Schoulen,  Sportshalen, Dreckstippen, Spideeler asw? Wéi soll d’Waasserversuergung fir 1 Millioun Awunner garantéiert ginn? Wéi vill Beamten, Polizisten, Pompjeeën a Léierpersonal wäerten am Joer 2050 gebraucht ginn, bei 1 Millioun Awunner?
 
 Ganz aner Froen stellen sech dann a Punkto Zesummeliewen vun de Leit hei am Land. Wou sollen déi 500.000 nei Awunner iwwerhaapt hier kommen? Wéi soll d’Integratioun vun hinnen fonctionnéieren?
 
 An de leschten honnert Joer hunn sech d’Awanderer an engem laange Prozess schlussendlech gutt zu Lëtzebuerg integréiert. Während et fir déi 1. Generatioun ëmmer schwéier war, hunn sech besonnesch d’Kanner, dank der lëtzebuerger Schoul, gutt integréiert an hunn nieft Lëtzebuergesch och Däitsch a Franséisch geléiert. Vill vun hinnen huelen och déi lëtzebuerger Nationalitéit un.
 
 Haut ass dat méi schwiereg well et gëtt ëmmer méi Kanner déi net an de lëtzebuerger Schoulsystem ginn an ausserdeem ass d’Zuel vun Immigranten an de leschte Joer immens staark geklommen.
 
 An deem Sënn misst d’Schoul onbedéngt hir duebel Roll bäibehalen, déi éischtens doran besteet, de Kanner déi beschtméiglech Startchancë fir d’Liewen ze ginn an, zweetens, dass si och déi Plaz ass an bleift wou d’Basis fir d’sozial Kohäsioun (!) geluecht gëtt. Grad an engem Land mat esouvill Auslänner a mat esou engem staarke Wuesstem, ass d’Zesummeliewen léieren dat wichtegst. An fir zesumme kënnen ze liewen, muss een eng gemeinsam Sprooch hunn.
Während de Précoce geschaaft ginn ass, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren an sou besser virbereed an d'Primärschoul ginn an op deem Wee eng besser Integratioun an e bessert Mateneen soll erreecht ginn, ginn et haut Pläng fir am Précoce och schonn franséisch anzeféieren.
 
 E Franséisch-Unterrecht am Précoce, mam wahrscheinlechen Ziel fir d’Alphabetiséierung op Franséisch anzeféieren, géif engersäits dozou féieren dass d'Roll vum Lëtzebuergeschen ofhëlt, an anerersäits wier et fir dat sozialt Zesummeliewe falsch, well et zu Parallelgesellschaften géif féieren, wou déi vill Awunner dann niefteneen anstatt mateneen géifen liewen. Et kann een also bei sou Iddien staark drun zweiwelen op et och am Milliounestaat vun 2050 déi sou wichteg Solidaritéit zwëscht den Awunner nach däerft ginn.
 
 Dofir sollte mir eis staark maachen fir d’Integratioun an dat sozialt Zesummeliewen an der Gesellschaft ze erhalen. An hei spillt eis Sprooch eng ganz wichteg Roll. Dofir sollt alles gemaach ginn fir den auslännesche Matbierger et besser ze erméiglechen an si och ze motivéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dat kann awer just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch eng méi héich Visibilitéit kritt duerch eng Präsenz am Alldag. (Wat natierlech net ausschléisst dass och weiderhin aner Sproochen benotzt ginn.) De lëtzebuergeschen eenheetlechen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn an de Précoce muss do sinn, fir datt déi auslännesch Kanner Lëtzebuergesch léieren.
 
 Schlussendlech stellt sech d’Fro op mir weider esou ee Wuesstem wëllen oder op et net aner Weeër ginn. Am Hibléck op eis Kanner a Kandskanner sollte mer de staarke Wuesstem an all seng negativ Konsequenzen hannerfroen. Heiansdo ass manner méi!
 
Fred Keup, Mamer
Initiativ Wee2050/Nee2015
19. Mäerz 2016 am Wort

Go back