26.4.2015 Nee zum Auslännerwahlrecht. Firwat?
Op eisem neien Flyer gëtt et en kuerzen Iwwerbléck vun de Grënn fir de Nee.
Op eisem neien Flyer gëtt et en kuerzen Iwwerbléck vun de Grënn fir de Nee.
Wann en Auslännerwahlrecht bis agefouert ass, dann kann den politeschen Debat hei am Land net méi just op lëtzebuergesch gefouert ginn.
Dann kéint an der Chamber laangfristeg d’Lëtzebuergescht verschwannen.
D’Auslännerwahlrecht hätt also en groussen Afloss op eis Sprooch, zemools wann d’Konditiounen opgelockert ginn.
An mir soen dofir hei ganz däitlech: Duerch d’Auslännerwahlrecht verléiert eis Sprooch ëmmer méi un Bedeitung.
Weider geet et op "read more"
Hei ass en Reportage vun RTL Radio iwwert d'Informatiounsversammlung zu Colmer-Bierg.
http://www.rtl.lu/letzebuerg/626987.html
Weider Versamlungen:
- Donneschdes 30.4. an der Stad um 19:00 am Cercle Cité.
- Mëttwochs 6.5. zu Iechternach um 19:30 an der Primärschoul
- Dënschdes 19.5. zu Ëlwen um 19:30 am Ciné Orion
Mir waarden nach op eng Äntwert fir den Mëttwoch 29. Abrëll zu Stroossen.
Vun der Gemeng Betzder kruten mer leider bis elo eng negativ Äntwert.
Hei ass en ganz interessanten Bréif, deen den Här Norbert Muller un den Chefredakter vum Journal geschriwwen huet.
Dréckt op "read more"
Gëschter waren mir op der Informatiounsversammlung an der KuFa zu Esch an mir konnten d'Argumenter fir de Nee virdroen. Et war en interessanten an fairen Débat. Fotoen sinn hei. An den Reportage op RTL Télé ass hei.
Weider si mir invitéiert op folgend Versammlungen:
- Donneschdes 23.4. zu Kolmer-Bierg um 19:30 am Centre culturel.