22.4.2015 Informatiounsversammlungen
Gëschter waren mir op der Informatiounsversammlung an der KuFa zu Esch an mir konnten d'Argumenter fir de Nee virdroen. Et war en interessanten an fairen Débat. Fotoen sinn hei. An den Reportage op RTL Télé ass hei.
Weider si mir invitéiert op folgend Versammlungen:
- Donneschdes 23.4. zu Kolmer-Bierg um 19:30 am Centre culturel.
- Donneschdes 30.4. an der Stad um 19:00 am Cercle Cité.
- Mëttwochs 6.5. zu Iechternach um 19:30 an der Primärschoul
- Dënschdes 19.5. zu Ëlwen um 19:30 am Ciné Orion
Mir waarden nach op eng Äntwert fir den Mëttwoch 29. Abrëll zu Stroossen.
Vun der Gemeng Betzder kruten mer leider bis elo eng negativ Äntwert.