Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

16.4.2015 nee2015.lu ass parteineutral

Mir sinn do fir all d'Leit aus all de Parteien.
Well an all de Parteien gëtt et Leit déi Nee stëmmen wäerten.

Laut dem leschten Sondage stëmmen bal 50% vun den DP-Wieler gären mat Nee an dat trotz dem Opruff vun hirer Parteispëtzt a vum Xavier Bettel fir de Jo.

Am Ganzen ass eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger fir de Nee: Mir sinn déi politesch Mëtt, mir si Lëtzebuerg.

dréckt op "read more" fir weider Informatiounen.

Read more …

15.4.2015 "nee2015.lu" ass invitéiert op en Informatiounsowend zu Kolmer-Bierg.

(comments: 0)

Mir kruten den Owend Bescheed gesot dass mir um Informatiounsowend deelhuelen kënnen. E grousse Merci un d'Integratiounskommissiounen aus der Nordstad.

Dat ass den Donneschden 23. Abrëll um 19:30 zu Kolmer-Bierg am Kulturzentrum .

Weider si mir den Dënschden 21. Abrëll um 18:30 zu Esch an der Kulturfabrik.

Vun der Gemeng Betzder kruten mir leider eng negativ Äntwert.

Elo waarden mir nach op d'Äntwert vun der Gemeng Stroossen fir de Mëttwoch 29. Abrëll.

 

Read more …

14.4.2015 UGDA erkläert sech politesch neutral.

(comments: 0)

No eisem Pressecommuniqué vum 12. Abrëll an dem mir d'UGDA opgefuerdert haten sech neutral ze verhalen, réagéiert d'UGDA haut an stellt kloer dass si awer net fir de Jo sinn mä sech effektiv neutral wëllen verhalen.

Hiren Logo ass dann och vun der Plattform minte.lu (fir de Jo) verschwonnen.

All Respekt fir d'UGDA.

Maacht Reklamm fir de NEE.

Eng Majoritéit vun Lëtzebuerger ass géint d'Auslännerwahlrecht. An et ginn der ëmmer méi, déi Nee soen. Mir sinn déi politesch Mëtt, de Mainstream, mir sinn Lëtzebuerg.

 

Read more …

13.04.2015 Mir sinn déi politesch Mëtt, de Mainstream, mir sinn Lëtzebuerg.

(comments: 0)

Leschten Samschden hat d'Lëtzebuerger Wort eng Serie vun Lieserbréiwer iwwert d'Auslännerwahlrecht.
Vun 21 Lieserbréiwer waren der 18 kritesch vis-à-vis vum Auslännerwahlrecht. Nëmmen 3 waren fir d'Auslännerwahlrecht.

Bei de Lieserbréiwer spigelt sech also och dat erëm wat een an der Gesellschaft gesäit: eng Majoritéit vun Lëtzebuerger ass géint d'Auslännerwahlrecht. An et ginn der ëmmer méi, déi Nee soen. Mir sinn keen klengen Grupp vun Extremisten, mir sinn déi politesch Mëtt, de Mainstream, mir sinn Lëtzebuerg.

No Méinten laanger Campagne fir d'Auslännerwahlrecht hunn se et net fäerdeg bruecht fir 50% dofir ze kréien. Souguer d'Wieler vun de Regierungsparteien sinn gedeelt.

Hei fannt der de Link zu den Bréiwer:

http://www.wort.lu/de/politik/das-wahlrecht-fuer-auslaender-oder-die-einzige-frage-die-wirklich-interessiert-552b61bd0c88b46a8ce57474

Read more …

12.4.2015 Pressecommuniqué zur UGDA

Hei ass en Pressecommuniqué mam Sujet "Firwat ënnerstëtzt d’UGDA d’Plattform minte.lu an d’Auslännerwahlrecht?"

Firwat ënnerstëtzt d’UGDA (Fédération Nationale de Musique du Grand-Duché de Luxembourg) d’Plattform minte.lu an d’Auslännerwahlrecht?

Mir fuerderen, dass d'UGDA hir Neutralitéit beweist an dem se d'UGDA d'Plattform minte.lu verléisst.

Dréckt op "read more"

Read more …