Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:
News
Grousse Merci un déi iwwer 1.000 Leit, déi eis Facebooksäit an de leschten puer Deeg gelikt hunn.
Mir mussen weider Reklamm maachen fir dës Säit an fir de Nee.
Am Verglach zu deenen Organisatiounen, déi fir de Jo sinn, hunn mir keng Mëttel fir matzehalen.
Déi Organisatiounen, déi fir de Jo sinn, sinn professionell opgestallt. Si hunn ganz vill Suen an Leit déi dofir schaffen.
Mir sollen eis awer net dovunner beandrocken loossen.
Mat Häerz, Verstand an vill Asaz kënne mir awer méi erreechen wéi si.
Merci alleguer.
Mir sinn zesummen gutt bis elo gefuer hei am Land an mir wëllen dass dat och nach an 50 Joer sou ass, mir wëllen keng gespléckten Gesellschaft!
dofir :de 7 Juni:
Nee zum Auslännerwahlrecht.
1.4.2015 Politmonitor: Eng Majoritéit ass géint d'Auslännerwahlrecht!

Nei Ëmfro vun RTL:
"48 Prozent vun de Wieler si géint d'Wahlrecht fir Auslänner, 44 Prozent sinn dofir an 8 Prozent sinn nach net decidéiert."
30.3.2015. Reportage um RTL Radio iwwer nee2015.lu

Haut war en Reportage iwwert d'Internetsäit 2015.lu um RTL Radio, an dat am Moiesjournal vun 7:30 Auer.
http://replayaudio.newmedia.lu/2015/03/30/88c119e51a5d4dfc7d2c1441896f9df6.mp3
28.3.2015 Mir verdeelen Flyer an Autocollanten.

Mellt iech bei eis per Mail (kontakt@nee2015.lu) fir Material ze kréien. Mir hunn Flyer an Autocollanten. All Reklamm ass wichteg!
26.3.2015 Ganz gudden Lieserbréif am Journal.
Hei fann der en wierklech gudden Lieserbréif vum Nico Thewes, publizéiert den 26. Mäerz am Lëtzebuerger Journal.