De Grond firwat d'Wunnengen ëmmer méi deier ginn:
D'Schafen vun ze vill Arbechtsplazen an déi domat verbonnen Massenimmigratioun.
-
Am KLOERTEXT op RTL hunn se et esou erkläert:
FIRWAT SINN WUNNENGEN SOU DEIER?
"D'Erklärung ass einfach: eng vill méi héich Demande wéi Offer.
An de leschten 10 Joer ass d'Populatioun ëm 25% geklomm.
80% dovunner Leit aus dem Ausland déi op Lëtzebuerg schaffen kommen.
Déi vun méi wäit kommen an méi héich Salairen hunn, dreiwen d'Präisser weider an d'Luucht.
An finanzkräfteg Investisseuren.
Eng Immobilie zu Lëtzebuerg: en séchert Investissement. Steierlech interessant, dobäi kommen déi extrem niddreg Zënsen.
Den Däiwelskrees ass bekannt: wann mer eisen Liewensstil net änneren, si mer op Wirtschaftswuesstem ugewisen fir eis héich sozial Standarden ze erhalen.
Dat bedeit d'Schafung vun neien Aarbechtsplazen. Ëmmer méi Leit déi hei hinner wunnen kommen"